Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zensur am Groussformat

Konscht

Zensur am Groussformat

Wien wollt fir dem Egon Schiele säin Doudesdag eng Campagne an europäesche Kulturstied plangen. Ganz Haiserwänn sollte mat Konschtwierker bedeckt ginn. An Däitschland an England gouf d'Initiativ zenséiert.

auto_stories

3 min

1918 ass den Éischte Weltkrich nach net eriwwer an en huet schonn eng Millioun Affer a bal zwou Millioune Blesséierter an der éisträichesch-ungarescher Arméi gefuerdert. 1918 ass och e schlëmmt Joer fir d'Wiener Kultur. De Gustav Klimt stierft de 6. Februar, den 11. Abrëll den Architekt Otto Wagner, den 18. Oktober de Koloman Moser an den 31. Oktober den Egon Schiele. Bannent e puer Méint hat d'Kulturstad Wien véier vun hire wichtegste Bierger verluer.

Keng Geschlechter am ëffentleche Raum

Elo, 100 Joer méi spéit, huet d'Marketingagence vun der Donauhaaptstad decidéiert, déi véier Protagoniste vun der Wiener Belle Epoque ze feieren. Op der Websäit wienermoderne2018.info krit een en éischten Abléck iwwer d'Aart a Weis, wéi dat geschéie soll. Beim Egon Schiele kann ee liesen:

KUNST DARF NICHT ÜBERALL ALLES
Egon Schiele wagte um 1900, was auch heute noch für Aufregung sorgt: Die explizite und schonungslose Darstellung von Nacktheit. 100 Jahre später treffen seine Werke selbst in einer scheinbar aufgeklärten Gesellschaft einen wunden Punkt. Schieles expressionistische Zurschaustellung von nackten Körpern ist offensichtlich noch immer zu gewagt - was im Zuge der Bewerbung für das Jubiläumsjahr der Wiener Moderne 2018 dazu führte, dass seine Akte nicht unverhüllt in der Öffentlichkeit gezeigt werden durften.

Déi Responsabel vu WienTourismus wollt fir de véierfachen Doudesdag eng grouss Plakatcampagne an den europäesche Kulturstied plangen. Ugefaange mat risege Baasche mat sechs weiblechen a männlechen Nue vum Egon Schiele. Ganz Haiserwänn sollte mat de Konschtwierker bedeck ginn. Geplangt waren ufanks London, Hamburg a Köln.

Mä déi Agencen, déi de Kontrakt fir Publicitéit am ëffentleche Raum an Däitschland an England hunn, wollten deen Affichage net. Et géif géint d'"Vorschriften zur Sittlichkeit im öffentlichen Raum" verstoussen. Zu Wien wier et méiglech, awer soss néierens.

Versteesdemech fir Konscht?

WienTorusimus huet reagéiert, an d'Geschlechter vun de Fraen a Männer op den Zeechnunge mat enger Schrëft-Banderole "Hundert Jahre alt. Und noch immer zu gewagt?" bedeckt. Och op de sozialen Netzwierker an an de klasseschen Online-Medie sinn d'Schiele-Zeechnungen zenséiert ginn. Dat bréngt wahrscheinlech méi Diskussioune wéi virdrun.

De Schiele war 1912 dräi Deeg am Prisong, wéinst "gröblicher und öffentliches Ärgernis verursachender Verletzung der Sittlichkeit oder Schamhaftigkeit". Mä datt dës Zeechnungen haut nach sou problematesch sinn, seet vill iwwert dat aktuellt Versteesdemech fir Konscht aus. Et kann ee sech doriwwer wonneren. Oder och net.

2016 waren zu Roum e puer antik Statuen, déi plakeg waren, während dem Staatsbesuch vum iranesche President Hassan Rohani zougedeckt ginn. An zu Lëtzebuerg erënnert ee sech haut scho bal mat Nostalgie un den Äifer vum Gemengenarchitekt Jean Horger, dee fir d'Schlussprëssessioun a vorauseilendem Gehorsam e puer Niki de St Phalle-Stauen zoudecke gelooss hat.

Dësen neie Fall vun Zensur mat de Schiele-Zeechnungen huet nei Dimensiounen, och vum Format hier.

Deborah de Robertis, übernehmen Sie.