Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BD vum Mount: Zeréck an d'70er Joren

Jennifer Daniel, Das Gutachten

BD vum Mount: Zeréck an d'70er Joren

An "Das Gutachten" hëlt eis d'Jennifer Daniel mat zeréck an d'Bonn vun de Siwwenzegerjoren. Hei kräize sech d'Weeër vun engem fréiere Wehrmachtszaldot an eng RAF-Sympathisantin an engem Krimi, deen och e Portrait vun der aler Bundesrepublik an hire Widderspréch ass.

auto_stories

5 min

Das Gutachten spillt am Summer 1977, also kuerz virum Hierscht, an deem sech mam Kidnapping vum Hanns Martin Schleyer an mat der Entféierung vum Lufthansa-Fliger "Landshut" de Konflikt tëschent der lénksmilitanter RAF an de staatlechen Autoritéiten zougespëtzt huet, dee mat der Ermordung vum Schleyer an dem Selbstmord vun de RAF-Leadere Baader an Ensslin virleefeg zu Enn gaangen ass.

Eng vun de Haaptfigure vun der Graphic Novel ass d'Miriam Becker, eng Studentin, déi kee Member vun der RAF ass, awer, wéi vill anerer vu hirer Generatioun, mat hinne sympathiséiert a sech dofir asetzt, datt d'RAF-Leit aus dem Prisong fräigelooss ginn.

D'Miriam mécht dat, well et iwwerzeegt ass, datt sech d'däitsch Gesellschaft ni oppe mat hirer Nazi-Vergaangenheet ausernee gesat huet, datt insgeheim eng Kontinuitéit tëschent dem Drëtte Räich an der BRD besteet, an datt d'RAF déi sinn, déi eppes dogéint maachen. Beim Kanzlerfest zu Bonn, wou d'ganz High Society versammelt ass, huet d'Miriam dofir och eng Aktioun geplangt a wëll mat e puer Kolleege vun der Uni en Transparent mat engem politesche Message ophänken.

Plakativ Géigeniwwerstellung

Déi aner Haaptfigur ass e Representant vum eben där Nokrichsgesellschaft géint déi déi Jonk rebelléieren. Den Herr Martin huet als Zaldot an der Wehrmacht gekämpft an ass elo en onopfällegen däitsche Bierger. E schafft als techneschen Assistent an der Rechtsmedizin vun der Uni, wou en haaptsächlech Fotoe bei Obduktioune mécht, fiert e VW Käfer a wunnt mat senger Fra a sengem Fils an engem Reienhaus. Mee et gi Rëss an dëser Surface vun enger normaler, duerchschnëttlecher Existenz: Nuets gëtt den Herr Martin vu Cauchemaren heemgesicht, an deenen hien d'Schreckenszeene vum Krich op e Neits duerchlieft. Hien huet och ëmmer eng kleng Drëppefläsch derbäi, aus där e reegelméisseg eng Schlupp hëlt, fir duerch den Dag ze kommen.

Den Herr Martin leit also kloer ënner engem Krichstrauma, mee d'Jennifer Daniel weist ëmmer erëm, datt hien onfäeg ass, domat ëmzegoen, onfäeg, vun der Vergaangenheet ze erzielen a se doduerch ze verschaffen. Hien ass, am Géigendeel, nach ëmmer de braven Zaldot, deen d'Befeeler befollegt an d'Autoritéit net a Fro stellt, ob dat elo op der Aarbecht ass oder doheem, wou de Fils mam Gedanke spillt, de Militärdéngscht ze verweigeren.

Et huet een also wierklech zwee Personnagen an der Graphic Novel, déi méi ënnerschiddlech net kéinte sinn. D'Géigeniwwerstellung ass extrem plakativ, wéi wann et géif drëm goen, de maximale Kontrast ze erschafen.

Onkonventionell Ermëttlungsmethoden

Déi zwee Personnagë begéine sech eréischt wéi d'Miriam Becker dout ass. Si stierft beim engem mysteriéisen Autosaccident, an dësen Accident ass dann och de Motor vun der Handlung, de Fall, deen et ze léise gëllt. An der Nuecht vum Kanzlerfest ass den Herr Martin um Wee fir heem, wéi en op enger Landstrooss en Auto gesäit, dee widder e Bam gefuer ass, eng Fra, déi op der Strooss läit, an en aneren Auto, dee grad dovu fiert.

Well hie selwer ze vill gedronk huet a fäert, um Enn fir de Responsabele vum Accident gehalen ze ginn, decidéiert de Protagonist, och weiderzefueren. Mee, den aneren Dag iwwerleet e sech d'Saach anescht a mécht et zu senger Missioun erauszefannen, wat wierklech an där Nuecht geschitt ass. Hie gëtt zum Hobbydetektiv, deen, well en an der Rechtsmedizin schafft, e bëssi eng Anung huet, wéi en sech ustelle soll, mee trotzdeem éischter onkonventionell virgeet bei sengen Ermëttlungen.

Ouni verroden ze wëllen, wou déi e genau hiféieren, kann een zumindest soen, datt mer hei am Buch nach méi déif an d'däitsch Nokrichsgesellschaft andauchen. Dem Herr Martin säi Wonsch, dem Miriam Becker säin Doud opzeklären, ass och e Versuch, eng Zort Ausgläich ze schafen, ze weisen, datt hien net ëmmer de Feigling ass, deen dat mécht, wat een him seet. Den Ex-Wehrmachtszaldot, dee Gerechtegkeet fir eng RAF-Sympathisantin sicht, dat ass natierlech erëm eng Kéier staark zougespëtzt. Och hei ass d'Graphic Novel net déi subtilst, mee oninteressant ass dat ganzt net.

Billersprooch aus fréierer Zäit

Das Gutachten huet en eegene Stil, well der Jennifer Daniel hir Inspiratioun niewent Fotoen haaptsächlech vun Illustratioune kënnt, wéi se an der Sechzeger a Siwwenzeger an Zäitschrëfte genotzt goufen, ouni d'Linnen, déi fir de Comic typesch sinn, dofir awer mat ville gréngen, brongen an orange Faarfflächen. D'Zeechnerin benotzt bewosst eng Billersprooch aus där Zäit, fir d'Welt vun der aler westdäitscher Haaptstad erëm zum Liewen z'erwächen, an d'Graphic Novel lieft zu engem groussen Deel vun de Biller.

Mir gesinn d'Moud, d'Architektur an d'Autoen aus de Siwwenzeger, déi mat vill Léift gezeechent sinn. Et geet hei och drëm, fir eng Ära ze portraitéieren, déi haut, wou Bonn scho säit iwwer 30 Joer nt méi d'Haaptstad ass, wäit ewech ze leie schéngt.

Sécherlech, d'Geschicht vun Das Gutachten ass relativ einfach gestréckt mat der Oppositioun tëschent den zwee Haaptfiguren. Si ass och, obwuel se kee klasseschen Happy End huet, e wéineg ze versönlech, wat de Generatiounskonflikt an der Figurekonstellatioun betrëfft a wéi deen iwwerwonne gëtt. Als Portrait vun enger bestëmmter Zäit funktionéiert d'Graphic Novel awer ganz gutt. Do ass et dem Jennifer Daniel gelongen, ganz vill Atmosphär an Detailer iwwer d'Zeechnungen eranzebréngen an och eng eegestänneg visuell Identitéit fir säi Buch ze kreéieren.