Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee japanesch Meeschtere mam Doud als Fluchtpunkt

Berüümt Bréifwiessel

Zwee japanesch Meeschtere mam Doud als Fluchtpunkt

Deen ee krut den Nobelpräis fir Literatur, deen aneren hätt kéinten. 26 Joer hunn déi zwee berüümt Japaner Yasunari Kawabata a Yukio Mishima vunenee getrennt. An hirem Bréifwiessel, dee vun 1945 bis 1970 gedauert huet, gouf de "Schüler" Mishima vun Ufank u mat groussem Respekt vu sengem Mentor behandelt.

auto_stories

8 min

Den 8. Mäerz 1945 huet de 46 Joer alen, deemools scho bekannte japanesche Schrëftsteller a spéideren Nobelpräis-Laureat Yasunari Kawabata e Bréif un den 20 Joer jonke Kimitake Hiraoka geschriwwen. Deem säin éischt Buch "La forêt en fleurs", dat scho véier Joer virdrun a Feuilletonsform erauskomm war, wier him vum Verleeër zoukomme gelooss ginn, an hie géif sech op dës Lektür freeën.

Esou fänkt den 1997 a Japan verëffentlechte Volume mat der Korrespondenz tëschent zwee Auteuren un, déi zu de wichtegste Vertrieder vun hirem Land op der literarescher Weltbün vum 20. Joerhonnert zielen. De Kimitake Hiraoka war nämlech dee richtegen Numm vum Yukio Mishima, spéideren Auteur vu Romaner wéi "Confessions d'un masque", "Le pavillon d'or" oder nach dem Zyklus "La mer de la fertilité".

"C'est le désir de vous parler, le désir que vous m'écoutiez, qui m'ont poussé à écrire toutes ces incohérences qui, je le crains fort, ne reflètent pas vraiment le fond de ma pensée", schléisst de jonke Mishima seng pointéiert Ausféierungen iwwer seng Opfaassung vu Literatur of.

Gemeinsam Faszinatioun fir den Doud

De Kawabata, deen do scho "Pays de neige" a "Le Maître ou le tournoi de go" verëffentlecht hat, gëllt als dem Mishima säi Mentor, als deejéinegen, deen hien an déi literaresch Kreesser ageféiert huet. D'Wierker vun dësen zwee Schrëftsteller an och hir Temperamenter si ganz verschidden: Zréckhalung beim Eeleren, Exaltatioun beim Jéngeren. Den ausgepräägte Sënn fir Ästheetik awer, d'Striewen no Schéinheet, hunn déi zwee gemeinsam, grad wéi d'Sënnlechkeet, d'Erotik, dorënner eng méi oder manner latent homosexuell, déi dacks mat enger Faszinatioun fir den Doud zesummegeet. Allen zwee sollte si spéiderhin hiert Liewen duerch Suicide op en Enn bréngen.

Am Ufank vun der Korrespondenz, déi haaptsächlech aus dem Mishima senge Bréiwer besteet, spiert een natierlech deem Jéngste säin Drang, fir sengem Meeschter ze imponéieren. Ënner anerem mat engem Plädoyer fir eng Form vu literareschem Realismus, deen iwwer eng gewësse Kënschtlechkeet der Wourecht méi no kéim.

"J'ai une haute opinion de moi, c'est vrai", schreift de Mishima am Alter vun 22 Joer. "C'est effrayant d'être ainsi infatué de soi-même, au point de prendre pour des capacités personnelles l'aide que m'apportent mes maîtres et mes amis - rien ne me décourage plus que de percevoir en moi cette suffisance (qui n'est pas de la confiance en soi.)"

Ganz intim Gedanke gëtt et der net vill

Dem Kawabata seng Bréiwer sinn nach méi kuerz gehalen, reduzéieren sech op dat Weesentlecht. Mee de Respekt fir en Auteur, dee sech nach net wierklech en Numm gemaach huet, ass schonn do:

"Lu le commentaire que vous avez fait de mon livre à paraître chez Toppan. Il m'a absolument émerveillé. Je vous suis particulièrement reconnaissant de votre façon de découvrir ainsi, dans une oeuvre, toutes sortes d'éléments dont l'auteur lui-même n'est pas conscient. Lu aussi la pratiquement quasi-totalité de vos écrits d'adolescence."

Am Laf vun de Jore gëtt hir Relatioun méi perséinlech. An de Bréiwer liest een awer praktesch näischt iwwer ganz intim Gedanken, wat vläicht mat enger kulturell bedéngter Zréckhalung ze dinn huet. Den Austausch bleift ëmmer ganz héiflech, et gëtt sech géigesäiteg eng gutt Gesondheet gewënscht a sech iwwer d'Famill vum Géigeniwwer informéiert.

Virun allem hale sech de Kawabata an de Mishima iwwer hir respektiv literaresch Aktivitéiten um Lafenden. De Mishima publizéiert ëmmer méi, sief et Feuilletonen an Zeitungen an Zäitschrëften oder och Bicher, fänkt u fir den Theater ze schaffen, gëtt Interviewen. De Kawabata, als gestanenen Auteur, verbréngt e groussen Deel vu senger Zäit mat Reuniounen a Reesen am Kader vum Pen Club a soss literaresche Cerclen. Am Mäerz 1950 steet eng Rees op Edimburgh um Programm:

"Et vous, n'auriez-vous pas envie d'y aller?"

Leider ka sech deen zu deem Zäitpunkt 25 Joer jonke Mishima déi Rees finanziell net leeschten. Mee dat sollt sech séier änneren. Ugefaange mat engem Openthalt, 1952, an den USA an a Südamerika. D'Amerikaner hält de Mishima fir sympathesch Leit, deenen et awer - a sengen Aen - u Perséinlechkeet feelt. Méi enthusiastesch ass hien dogéint no senger Renconter mat Brasilianer, där hir Nonchalance him besonnesch gefall huet:

"Même chose en ce qui concerne la langue: le portugais, qui comporte beaucoup de voyelles, se prononce presque comme le japonais, et même parlé par nos compatriotes, il sonne assez naturellement. Quand les émigrés japonais d'Hawaï ou leurs enfants disent par exemple: 'Let's go' ou: 'Hey hey, come on, go ahead!', ces tournures d'Anglo-Saxons corpulents, qui ne leur vont pas du tout, paraîssent d'une laideur à faire frémir, mais rien de tel avec le portugais qui convient bien mieux aux Japonais."

Panorama vun der japanescher Literaturzeen

Déi franséisch Iwwersetzung vun der Kawabata-Mishima-Korrespondenz ass 2000 beim Verlag Albin Michel erauskomm. Se liwwert an de relativ ausféierleche Foussnotten een interessanten Abléck an den deemolege japanesche Literaturbetrib, mat kuerze Biographië vu wichtege Schrëftsteller, Editeuren an Intellektuellen, déi an de sëllege Bréiwer zitéiert ginn.

Et stellt een zum Beispill fest, wéi staark déi Leit vun der amerikanescher an och der europäescher Literatur, dorënner besonnesch och déi franséisch, beaflosst waren. Beim Yasunari Kawabata a Yukio Mishima kënnt och nach de groussen Interêt fir déi klassesch japanesch Literatur dobäi. An hire respektive Wierker hu si alle béid Wäert drop geluecht, fir - jiddwereen op seng Manéier - ee Fouss an der Traditioun ze behalen.

Den Nobelpräis an Aussiicht

An engem Bréif vum 23. Oktober 1956 léisst de Kawabata eng witzeg Bemierkung falen, déi vläicht och e bësse Jalousie duerchblécke léisst. An der biographescher Notiz vun der Iwwersetzung vun engem vu senge Romaner steet nämlech den Hiwäis: "has discovered and sponsored remarkable young writers as Mishima Yukio":

"A l'avenir, peut-être mon nom restera-t-il dans l'histoire de la littérature uniquement à cause d'un malentendu qui m'honore: celui d'avoir discover Mishima Yukio."

Do hat de Kawabata scho "Le grondement de la montagne" verëffentlecht. Net grad fënnef Joer méi spéit koum säi Roman "Les Belles endormies" eraus, mat deem hie seng international Renommée ee fir alle Mol konnt festegen. De japanesche Schrëftsteller konnt sech berechtegt Hoffnunge fir de Literatur-Nobelpräis maachen. An engem Bréif vum 27. Mee 1961 schreift hien dem Mishima:

"Je suis confus de vous harceler avec la question du Prix Nobel, mais si je me borne à envoyer un simple télégramme, cela risque de paraître un peu léger (même si je n'ai aucune chance). Accepteriez-vous d'écrire une lettre recommandant ma candidature (quelques lignes très simples suffiront)?"

Eng Woch méi spéit äntwert de Mishima:

"Pour ce qui est du Prix Nobel, je me demande si une lettre écrite par quelqu'un de mon espèce ne risque pas plutôt de vous desservir, mais, encouragé par votre confiance, je me suis permis de griffonner quelques lignes que je joins à ce courrier."


"Les œuvres de M. Kawabata allient la délicatesse à la fermeté, l'élégance à la conscience des tréfonds de la nature humaine; leur clarté recèle une insondable tristesse, elles sont modernes quoique directement inspirées de la philosophie solitaire des moines du Japon du Moyen Âge. La manière dont l'écrivain choisit ses mots démontre à quelle subtilité, à quel degré de sensibilité frémissante peut atteindre la langue japonaise; son style sans pareil est capable, avec une promptitude infaillible, d'aller droit au coeur d'un sujet pour en exprimer la substance - qu'il s'agisse de l'innocence d'une très jeune fille ou de l'effrayante misanthropie du grand âge."

Den Nobelpräis krut de Kawabata 1961 net. Dofir awer 1968 - dat Joer, wou ënner de Favoritten - wéi et schéngt - och de Mishima zitéiert gi war.

Tragescht Enn

An der zweeter Hallschent vun de 1960er Jore beschwéiert sech de Kawabata ëmmer méi iwwer seng Gesondheet, an och iwwer seng - agebilten an och reell - Onfäegkeet fir ze schreiwen. Sengersäits huet sech de Mishima an där Zäit - parallel zu sengem Schreiwen - ëmmer méi politesch radikaliséiert. Vum Nationalismus ugedriwwen, huet hien eng privat Miliz gegrënnt, mat där hie sech wollt an den Déngscht vum japanesche Keeser stellen an d'Éier vu Japan, déi nom Zweete Weltkrich - a sengen Aen - mat Féiss getrëppelt gi war, nees opzeriichten.

De 25. November 1970, no enger spektakulärer Aktioun an enger Militärschoul am Zentrum vun Tokyo, mat Geiselnam a feierlecher Ried viru Rekrutten, hat sech de Yukio Mishima am Alter vu 45 Joer d'Liewe geholl, duerch de Seppuku, de rituelle japanesche Suicide.

E gutt Joer méi fréi, de 4. August 1969, hat de Mishima, bestuete Papp vun zwee Kanner, an engem Bréif un de Kawabata säin eegent tragescht Enn virewech geholl:

"Je dis des choses de plus en plus bêtes, qui vont certainement vous faire sourire, mais ce que je redoute, ce n'est pas la mort, c'est ce qu'il adviendra de l'honneur de ma famille après ma mort. Si jamais il m'arrivait quelque chose, je suppose que le monde en profiterait pour sortir ses crocs, traquer mes moindres défauts, et mettre en pièces ma réputation. Cela m'est égal que l'on se moque de moi de mon vivant, mais l'idée qu'on puisse rire de mes enfants après ma mort m'est insupportable. Sûr que vous êtes la seule personne à pouvoir les préserver de cela, je m'en remets donc entièrement à vous pour l'avenir."

De Kawabata hat nom Doud vu sengem jonke Frënd ëffentlech aus deem propheteschen Text virgelies. De 16. Abrëll 1972, no engem Openthalt am Spidol, hat dann de Yasunari Kawabata an engem klengen Appartement säi Liewen op en Enn bruecht. Hie gouf 72 Joer al.