Radioen

On air

Simon Says  |  Incognito - Nights Over Egypt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Jongen an zerstridden Erwuessener

"Little Men"

Zwee Jongen an zerstridden Erwuessener

D'Stad New York muss zanter dem Ufank vun der Filmgeschicht geografesch als Plaz vun engem Long-Métrage hierhalen. Dat ass bei 75 Prozent vum Woody Allen sengem Wierk sou, an dat ass och am Film "Little Men" esou. Wann erwuesse Mënschen net mateneen eens ginn, da mussen dacks d'Kanner de Knascht oprafen. Dat ass zum Beispill am "Kramer vs. Kramer" esou, an dat ass och bei "Little Men" esou.

auto_stories

4 min

Déi zwee Haapt-Personnagen am "Little Men" vum Realisateur Ira Sachs heeschen Jake an Tony. Den Jake ass de Fils vum Schauspiller Brian Jardine (Greg Kinnear), deen als alles anescht wéi vum Succès geseente Schauspiller duerch d'Liewen trëllt. Während der Zäit vum Film spillt hien an enger spannend onspannender Mouette-Produktioun am Off-Broadway. D'Sue fiert d'Mamm (Jennifer Ehle), eng Psychotherapeutin eran.

Am Ufank vum Film ass de Papp vum Kinnear, also de Bopa vum Jake, gestuerwen. Ierwen deet de Papp een Haus zu Brooklyn, an dat d'Famill eraplënnert. Ënnen am Rez-de-chausée huet d'Leonor (Paulina Garcia) e klenge Kleederbuttek. Si huet och e Bouf, den Tony.

Den Jake an den Tony gi séier gutt Kollegen. Introvertéiert wéi hien ass, wëll de Jake Kënschtler ginn, den Tony Schauspiller. Wa se och ugangs immens gutt matenaner eens ginn, gëtt d'Loft bei den Erwuessene vun den zwou Familljen iergendwann richteg déck. D'Proprietairen, déi op hirer Halschent vun der Ierfschaft pochen, erwaarde vun der Locatairin deen dräifache Loyer wéi um Marché. An dësem Konflikt versichen d'Bouwe mat engem verzweiwelte Versuch d'Situatioun opzeklären. Iwwerdeems déi zwee awer versichen, hiert d'Liewen eenegermoossen normal weiderzeliewen.

Chronik vum New Yorker Liewen

Den Ira Sachs ass keng onbekannte Figur am zäitgenësseschen New Yorker Kino. Sechs Filmer huet hie schonns op sengem Compte. Et sinn awer déi rezentsten dräi, déi him den aktuelle gudde Ruff bruecht hunn. Déi dräi Filmer huet hien zesumme mam Dréibuchauteur Mauricio Zacharias geschriwwen. Si beliichte verschidde Facettë vum Liewen an der Weltmetropol. A si loossen den Ira Sachs zum aktuell wichtegste Chroniker vum Liewen zu New York avancéieren.

Seng Filmer beréieren duerch eng sensibel Natierlechkeet, déi sech a senge Personnagen erëmspiggelt. Dës Personnagë sinn natierlech typesch New Yorker-Personnagë: Liicht neurotesch, verwinnt an e bësse weltfriem. Mä dem Ira Sachs seng Wierker si keng amerikanesch 08-15-Indie-Filmer, mat deenen d'Landschaft voll ass.

Wéi schonn a "Love is Strange" vun 2014 geet et iwwer zwee Ecken iwwer Gentrifikatioun vum urbane Liewensraum. Dat ass och ee roude Fuedem beim Kleber Mendonca Filho sengem "Aquarius", deen am fréien Hierscht gelaf ass. Mä wou de Mendonca Filho scho bal agitatoresch politesch gëtt, bleift den Ira Sachs ëmmer bei senge Personnagen. Hie bleift perséinlech a quasi beim klenge Mann.

Frech wéi Rotz, awer héchst symphatesch - de Michael Marbieri (Magnolia Pictures / Eric McNatt)

D'Situatioun mat deene Bedeelegte léisst, op eng iwwerraschend ondramatesch dramatesch Aart a Weis, kee wierklech gutt do stoen. Beim Sachs gëtt et net schwaarz a wäiss. Hie léisst d'Beweeggrënn vun deenen zwou Säiten zou a verhënnert mat senger Co-Ecriture, dat ee plomp Parti-Pris hëlt. Dofir ass ee komplett op der Säit vun deenen zwee Bouwen, déi nach vun enger gewëssener Liewensonschold kënne profitéieren, éiert si déi vun hiren Elteren ewechgeholl kréien.

Kleng Bouwen mat groussem Talent

D'Prestatioune sinn op ganzer Linn sober, zeréckhalend an einfach natierlech gutt. Et sinn déi zwee Jongen, déi deenen Erwuessene mat genee deenen nämmlechten Traiten am Spill d'Show huelen. Den Jake gëtt vum Theo Taplitz incarnéiert, dee mat senger Manéier a senger Kierpersprooch vermëttelt, datt säi Liewe vum klengsten Impuls kann an déi eng oder aner Richtung gedréckt ginn. Den Tony ass vun Michael Barbieri gespillt, dee mat engem wonnerbare brooklyner Accent an engem liicht "frech-ewéi-Rotz" awer héicht symphatesche Swag an enger Luciditéit de Kontrapunkt zu sengem Kolleg setzt.

Et géif ee sech bal wënschen, datt déi zwee ongeschlaffen Diamanten, déi eppes vun engem "Les quatre cents coups"-Coups Jean-Pierre Léaud hunn, ni méi géifen an engem Film opdauchen. Mä deen ee Klenge realiséiert selwer ewéi wëll, an deen anere wäert elo 2017 an op mannst zwee déck budgetéierte Blockbuster optrieden.

Little Men ass e klengen, immens traurege Film iwwer kleng Leit, hir kleng Dramen an hir kleng Bouwen - deen awer roueg als gréisste Film vum Ira Sachs ka gezielt ginn.