Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Yemen (feat. Tom Trabandt)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee New Yorker schwäerme vun hirer Stad ...

Netflix

Zwee New Yorker schwäerme vun hirer Stad ...

New York aus der Perspektiv vun der amerikanescher Intellektueller Fran Lebowitz: dem Martin Scorsese seng dokumentaresch Mini-Serie "Pretend it's a city" ass erfrëschend, witzeg an intelligent.

auto_stories

4 min

Zwee al New Yorker, déi vun hirer Stad schwäermen, en nostalgesche Bléck op d'Vergaangenheet geheien an de Kapp rëselen iwwer déi, an hiren Aen, sëlleg Feelentwécklunge vun der Géigewaart: esou ongeféier léisst sech dem Martin Scorsese seng dokumentaresch Mini-Serie "Pretend it's a city" op de Punkt bréngen.

Déi siwen Episode vun allkéiers enger hallwer Stonn zeechnen en duebele Portrait: dee vun der Weltstad an hirer Kulturgeschicht - ee méi, well New York d'office a ville Scorsese-Filmer eng Haaptroll spillt. An dann natierlech de Portrait vun der Fran Lebowitz. Déi zwee Volete gräifen aneneen a sinn net vuneneen ze trennen.

Weiblechen Dandy a Cowboy-Stiwwelen

Dem breeden europäesche Publikum dierft déi an Tëschenzäit 70 Joer al lesbesch Buchautorin, Journalistin, Kommentatorin, kuerz: amerikanesch - oder besser gesot liberal New Yorker - Intellektuell, net onbedéngt e Begrëff sinn. A wann, dann héchstens deene Fernseespectateuren, déi sech un d'Serie "Law & Order" erënneren: do hat si an de Joren 2001 bis 2007 eng Riichterin gespillt, eng Roll, déi si och nees 2013 bei engem Gaaschtoptrëtt am Martin Scorsese sengem "The Wolf of Wall Street" iwwerholl hat.

Bref, de Scorsese setzt hei eng gutt Frëndin an Zeen. An et ass der Wäert, d'Fran Lebowitz ze entdecken, dëse weiblechen Dandy-Personnage a Cowboy-Stiwwelen!

An der New Yorker Traditioun vum jiddeschen Humor

Episod fir Episod erlieft een eng Fra, déi absolutt kee Blat virun de Mond hëlt a praktesch keng zwee Sätz hannerteneen ka schwätzen, ouni datt op d'mannst een dovun hilarant wier, ob et elo ëm absurd urbanistesch Entwécklunge geet, ëm Zoumuttbarem an Onzoumuttbarem am ëffentlechen Transport, ëm Sënn an Onsënn vu Sport, Wellness an Tourismus, ëm d'Verhältnis zu Suen an déi onglécklech Hand bei Immobiliekeef, ëm méi anekdotesch oder awer grondsätzlech Sujeten.

Firwat sech zum Zil setzen, héich Bierger eropzeklammen, wou den Alldag dach Erausfuerderung genuch ass, esou eng vun hire ville pertinenten a vu Weisheet duerchtränkte Remarken.

Dem Interviewer Martin Scorsese seng quasi permanent Laachkris fonctionéiert hei bal wéi d'Laachen aus der Béchs bei Sitcomen. Wat an deem Kontext en zimmlech gewote Verglach ass, well der Fran Lebowitz hir humoristesch Blëtzer eigentlech ëmmer intelligent, interessant a kritesch sinn - e jiddeschen Humor voller Ironie a Sarkasmus, dee besonnesch zu New York Traditioun huet.

New York an de 70er: the place to be!

Anescht wéi de Martin Scorsese ass d'Fran Lebowitz keng gebierteg New Yorkerin, mee war am Alter vun 19 Joer an d'Metropol geplënnert fir hirem klengkaréierte Kaff am New Jersey ze entkommen - fir eng jonk homosexuell Fra mat intellektuellen Ambitiounen e logesche Schrëtt.

Quitt datt d'Stad deemools dreckeg a geféierlech war - eng Zort Esch/Uelzecht am vill méi groussen, wann een esou wëllt -, ass et d'New York vun den 1970er Joren, op dat d'Fran Lebowitz am léifsten zeréckkuckt. Wien hautdesdaags op New York kënnt, dee wier gutt beroden, vill Sue matzebréngen ...

Film net op sophistiquéiert Form ugewisen

Dem Martin Scorsese säi Film "The Irishman" vu virun zwee Joer war e grousse Worf. Elo erwaart een natierlech mat Spannung säin nächsten Opus "Killers of the Flower Moon". Fir seng dokumentaresch Serie "Pretend it's a city", eng kleng Aarbecht fir Tëschenduerch, huet de Scorsese d'Rad elo net nei erfonnt.

Den Dispositif ass relativ einfach gehalen: meeschtens kritt een d'Fran Lebowitz am Gespréich mat him selwer gewisen, dat ass dann entweder an engem Bistro, matzen an enger riseger Maquette vun New York, an enger Librairie oder Bibliothéik, wou si hiren Enthusiasmus fir Bicher vermëttelt. Ageblent ginn Talkshow-Sequenze mam Spike Lee oder dem Alec Baldwin, oder et gesäit een d'Fra, wéi si granzeg duerch d'Stroosse vun New York wetzt. De Montage ass dynamesch mee net hektesch, bei der Fran Lebowitz ass dat och net weider néideg.

Kann een dat elo alles appreciéieren ouni e Spezialist vun New York oder en opgekläerten Expert vum amerikaneschen Debat ze sinn? Absolutt kee Problem! Déi ugeschwate Sujete sinn universell an New York ass eng Weltstad, déi jiddweree kennt ouni mussen do gewiescht ze sinn. A géint intelligent Ënnerhalung kann ee jo kaum eppes hunn.