Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hazel English - Jesse Feat. Day Wave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 10 besënnlech Wierker fir Chrëschtdag

Eis Selektioun fir d'Feierdeeg

10 besënnlech Wierker fir Chrëschtdag

Gutt Iessen, e Chrëschtbeemchen a Cadeaue gehéieren einfach dozou. Mä wat wier Chrëschtdag ouni déi passend Musek? Hei sinn zéng klassesch Stécker, fir an déi richteg Stëmmung ze kommen.

auto_stories

4 min

1. Franz Liszt: De Chrëschtbeemchen

Neen, dëst ass keng musikalesch Vertounung vun engem Chrëschtbeemchen, och wann dat sech bestëmmt interessant unhéiere géif. Et ass e Cadeau fir ënnert de Chrëschtbeemchen. De Franz Liszt huet dës Suite fir seng Enkelin geschriwwen an hir déi zwielef kleng Stécker Chrëschtdag virgespillt.


2. Johann Sebastian Bach: Chrëschtoratorium

Genee esou wéineg wéi e Chrëschtbeemchen an der Stuff, däerf op dëser Lëscht de Chrëschtoratorium vum Johann Sebastian Bach net feelen. A sechs Deeler verzielt hien d'Geschicht vu Chrëschtdag. De Bach feiert dëst Fest wuertwiertlech mat Pauken an Trompetten.


3. Ralph Vaughan Williams: Den éischte Chrëschtdag

Obwuel de Ralph Vaughan Williams en Agnostiker war huet hie sech - méi wéi aner gleeweg Komponisten - vun der Chrëschtdagsstëmmung verzaubere gelooss. Deementspriechend vill Stécker huet de Williams ronderëm dëst Fest geschriwwen. Dat schéinst dovunner ass wuel "The First Nowell".


4. Pjotr Iljitsch Tschaikowski: Den Nësskréckert

Dat klengt Clara kritt fir Hellegowend e schéinen, faarwegen Nësskréckert geschenkt. An der Nuecht dreemt d'Clara, datt den Nësskréckert lieweg wier a mat enger Arméi vu Spillzaldote géint de Mauskinnik Krich féiert. Nodeems d'Schluecht gewonnen ass, verwandelt sech den Nësskréckert an e Prënz a reest mam Clara an d'Land vun de Séissegkeeten, wou si der Zockerfee begéinen.


5. Gustav Holst: Chrëschtdag

Esou richteg a Chrëschtdagsstëmmung kennt ee mam "Christmas Day" vum Gustav Holst, enger Fantasie iwwer al englesch Lidder. Weltbekannt ass seng Vertounung vu "God rest you merry gentlemen" (vun der Minutt 1 un).


6. Hector Berlioz: L'enfance du Christ

Ganz besënnlech gëtt et am Hector Berlioz sengem Oratorium "L'enface du Christ". Am Mëttelpunkt vun dësem Wierk steet den "Adieu des bergers". An dëser Episode wënschen d'Hierten dem Jesus a senger Famill alles Guddes fir d'Zukunft.


7. Benjamin Britten: A Ceremony of Carols

Et mussen net ëmmer Pauken an Trompette sinn, fir Chrëschtdag ze feieren. Dem Benjamin Britten sinn e Chouer an eng Harf duer gaangen. D'Resultat ass zwar net esou bekannt wéi dem Bach säi Weihnachtsoratorium, et lount sech awer op alle Fall entdeckt ze ginn.


8. Wolfgang Amadeus Mozart: Et incarnatus est

Och wann de Wolfgang Amadeus Mozart seng grouss Mass an Do Mineur net direkt fir Chrëschtdag komponéiert huet, gëtt et awer ee Passage, deen ëmmer nees ëm dës Zäit ze héieren ass: Den Air "Et incarnatus est", wou et ëm d'Gebuert vum Jesus geet. Komponéiert huet de Mozart dësen Air fir seng Fra, d'Constanze Weber.


9. Johann Sebastian Bach: In dulci jubilo

E Stéck, dat a kengem Chouerrepertoire feelen däerf: "In dulci jubilo" vum Johann Sebastian Bach. Zemools an Däitschland héiert een dëse Choral ëmmer nees an der Chrëschtzäit, sief et an der Kierch oder um Chrëschtmaart. Datt dëst Stéck an England awer op d'mannst genee esou gutt gesonge gëtt wéi an Däitschland, beweisen d'King's Singers.


10. Francis Poulenc: Quatre motets pour le temps de Noël

Véier Motetten huet de Francis Poulenc fir d'Chrëschtzäit geschriwwen. Kombinéiert huet hien déi Joerhonnerten al Traditioun vun der Motett mat der Tounsprooch aus dem 20. Joerhonnert. Erauskomm si véier atmosphäresch kuerz Stécker, déi trotz hiren Dissonanzen immens harmonesch sinn.