1. Modest Mussorgski: Eine Nacht auf dem kahlen Berge
Um Bierg Triglav a Slowenien solle sech all Joers d'Hexen aus der Ëmgéigend sammelen, fir do hire Meeschter erbäizeruffen. Soubal de Satan a Form vun engem klenge Kand optaucht, maache si e Krees ronderëm hien a fänken u mat sangen. Wann hien zefridden ass, gëtt hien de Startschoss fir den Hexesabbat. Dësen Zeenario huet de russesche Komponist Modest Mussorgsi mat engem vun deene grujelegste Stécker aus der Museksgeschicht beschriwwen.
2. Franz Liszt: Doudesdanz
Vu verschiddene Virtuose gëtt behaapt, si hätten e Packt mam Däiwel gemaach. Si hätten hir Séil verkaaft, fir all technesch Schwieregkeet op hirem Instrument kënnen ze meeschteren. Vum Franz Liszt gouf dat allerdéngs ni gesot: Hie war en déif gleewege Mënsch, a ganz offiziell souguer en Exorzist. Mä wann ee seng Musek esou héiert, freet ee sech, ob hien net selwer vläicht en Exorzismus gebrauch hätt.
3. Guiseppe Verdi: Dies Irae
Dag vun der Roserei: Den Dies Irae ass de wuel grujelegsten Text aus der Doudemass, wéi se fréier gesonge gouf. Am bildlechsten huet de Verdi dëse Gesank iwwert den Dag vum jéngste Geriicht a sengem Requiem beschriwwen.
4. Camille Saint-Saëns: Danse Macabre
Halloween - All Joers an der Nuecht vum 31. Oktober kënnt den Doud op d'Äerd fir all déi Doudeg nees aus de Griewer klammen ze loossen. Nodeems d'Auer 12 mol geschloen huet, taucht hien op, stëmmt seng Gei a fänkt u mat spillen. Duerch d'Musek erwächen déi Doudeg. A wann ee genee lauschtert, héiert ee souguer d'Schanke vun de Skeletter klapperen.
5. Franz Schubert: Den Erlkinnik
De Papp reit mat sengem Jong duerch d'Nuecht, a probéiert dem Erlkinnik ze entgoen. Hie versicht säi Jong ze berouegen a reit ëmmer méi séier, fir ewech vum Erlkinnik ze kommen. Mä et nëtzt näischt: De Jong gëtt vum Erklkinnik erwëscht ...
6. Hektor Berlioz: Symphonie Phantastique
Et gëtt ee waakreg an dat eenzegt wat een héiert ass d'Laache vun Hexen. Et kuckt ee sech ëm an et muss ee feststellen, datt engem seng grouss Léift a Wierklechkeet eng Hex ass. Dat nächst wat een héiert sinn d'Doudesklacken déi den Dag vum jéngste Geriicht annoncéieren - Gutt datt de Protagonist am Hector Berlioz senger Symphonie Phantastique just schlecht dreemt. (Tipp: Lauschtert an d'Minutt 3'20'' eran)
7. Sergei Rachmaninow: D'Insel vun den Doudegen
Gëtt et bei deem Titel nach méi ze soen? An der Musek héiert een, wéi de Protagonist an der Nuecht lues awer bestëmmt a Richtung vun dëser Insel ruddert, héchstwahrscheinlech ouni ze wëssen, wat hien do erwaart ...
8. Johann Sebastian Bach: Toccata a Fuge a Re Mineur
Aus zwee Grënn huet et dem Johann Sebastian Bach seng Toccata a Fuge op dës Lëscht gepackt. Éischtens taucht dëst Wierk ëmmer nees am Kontext vun Geeschtergeschichten op, an zweetens läit et un der Uergel. Et gëtt wuel keen anert Instrument, dat méi dacks mat béise Mënschen a Verbindung bruecht gëtt. Während et nuets dobausse stiermt an d'Blëtzer iwwert den Himmel zucken, setzen déi un enger Uergel, laachen, a spille bedreelech Musek.
9. Niccolò Paganini: Dem Däiwel säi Laachen
Schwaarz ugedoen, schwaarz laang Hoer an en Talent wéi et d'Welt bis dohinner nach net erlieft huet: Kee Wonner, datt deen een oder anere fest dovunner iwwerzeegt war, de Pagainini hätt e Packt mam Däiwel gemaach. Zu dësem Ruff bäigedroen huet och seng Caprice Nr. 13, fir déi sech de Komponist um Däiwel sengem Laachen soll inspiréiert hunn. Mä wouhier sollt hie wëssen, wéi sech dat Laachen unhéiert?
10. Richard Wagner: Ritt der Walküren
No enger Schluecht reiden d'Walküren op hire Päerd bei déi verstuerwen a sammelen hier Séilen an. Dëst Bild beschreift de Richard Wagner mat sengem Ritt der Walküren, e Wierk, dat beim lauschteren un d'Apokalyps denke léisst.