Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100 Joer Ensemble à plectre vun Esch/Uelzecht

2020: d'Joer vun der Mandolinn zu Esch/Uelzecht

100 Joer Ensemble à plectre vun Esch/Uelzecht

Héiert een d'Instrument Mandolinn spillen, denkt een direkt un italienesch Museker op enger Gondel zu Venedeg. An dach sinn dem Ensemble à plectre municipal vun Esch/Uelzecht seng Originnen net bei italienesche Migranten, mee bei däitschen. Den Ensembel, dee mëttlerweil en exzellenten Niveau huet, spillt e Repertoire, deen näischt mat italienesch populärer Musek ze dinn huet, mee promovéiert gären déi original usprochsvoll Musek fir dës Besetzung. Den Ensembel huet viru kuerzem säi Programm fir seng 100-Joresfeier virgestallt.

auto_stories

3 min

2020 ass e Beethoven Joer, mee zu Esch/Uelzecht gëtt 2020 och d'Joer vun der Mandolinn, nämlech feiert den Ensemble à plectre vun Esch/Uelzecht seng 100 Joer. De Veräin ass mat Sécherheet dee beschten Orchester aus der Groussregioun a bitt keen einfachen Divertissement, mee éischter Klassik an original Kompositioune vun haut.

Wa mir un d'Instrument Mandolinn denken, kommen engem séier de Cliché vun napolitanescher populärer Musek aus de 50er an de Kapp. An dach ass d'Mandolinn, déi iwwer 300 Joer huet, eigentlech e ganzt anert Instrument, mat ganz diverse Facetten.

Zu Napoli gouf vill fir d'Instrument geschriwwen, allerdéngs an Zäite vu Renaissance a Barock (Vivaldi, Frescobaldi, Hasse, Scarlatti, Händel ...). Mee net nëmmen do, iwwerall an Europa war d'Mandolinn d'Kinnigin vun den Instrumenter a war op den Häff e Muss, éier se vun der Gei ofgeléist gouf.

D'Barockensembele wéi ënner anerem de Lëtzebuerger Ensembel Artemandoline maache sech haut eng Éier mat Fuerschungsaarbecht, Concerten an Opnamen, dat nobelt Instrument aus dem Barock ze rehabilitéieren.

100 Joer Ensemble à plectre "Municipal" Esch/Alzette

Zanter der Grënnung vum Ensembel vun däitsche Museker ënner dem Numm Edelweiss virun 100 Joer, ass Villes geschitt.

Den Ensemble à plectre vun Esch/Uelzecht ass ee vun deenen dräi Veräiner, déi zu Esch/Uelzecht den Titel "Municipal" droen däerfen. Den Ensembel huet an deene leschten Dekaden eng grouss Evolutioun matgemaach. Haut besteet de Veräin aus Museksschüler a Studente vun Héichschoulen, Enseignanten aus Conservatoiren a Museksschoulen, wéi aus begeeschterten Museksamateuren.

Proffen an Enseignanten, déi hei matspillen, hu laang an haart gekämpft fir Jonker ze motivéieren, sech d'Instrument Mandolinn, d'Mandola, mee och déi klassesch Gittar, vu méi no unzekucken. Wat als en aalt an demodéiert Instrument ugesinn gouf, begeeschtert mëttlerweil eng ganz Partie Jonker, déi am Veräi matmaachen. Déi meescht vun hinne léieren an de Lëtzebuerger Conservatoiren, Museksschoulen an esou guer an auslännesche Musekshéichschoulen a bleiwen dem Veräin trei.

Eng Jugendaarbecht also, déi sech zanter Jore gelount huet. Den Ensembel ass net just grouss ginn, mee en ass vum Niveau hier esou geklommen, datt e sech mat komplexe Kompositiounen aus dem Barock, Klassik bis zur Zäitgenëssescher Musek, net brauch ze verstoppen. Bekannt national Solisten (Daniel Grusell, Etienne Plasman, Jean-Paul Hansen) sinn an de leschte Jore mam Orchester opgetrueden.

Den Ensemble à plectre kann ee vun der Besetzung mat engem Sträichorchester vergläichen. Hei fanne mir d'Instrument Mandolinn a Mandola, de Pendant vun der Gei a Braatsch, Gittaren als Cello-Ersatz, wéi och nach e Sträichbass.

Photo - Comité 100 Joer Ensemble à plectre municipal d'EschAlzette

Vill Eventer fir d'100-Joresfeier an e Kompositiounsconcours

Fir hir 100-Joerfeier wëllt den Ensembel d'Mandolinn, déi iwwer 300 Joer um Bockel huet, nees an de Mëttelpunkt ze setzen a weisen, datt d'Instrument eng immens räichhalteg Geschicht huet. E puer Beispiller sinn:

  • Concert mat Artemandoline an der Sopranistin Nuria Rial
  • Masterclass mat de Bridder Assad op de klassesche Gittaren
  • Workshop mat der Professorin fir Mandolinn Caterina Lichtenberg vun der Musekshéichschoul vu Köln an dem Jazzmandolinist Mike Marshall
  • Divers Concerten duerch d'Land an iwwer d'Grenzen eraus: Centre Culturel Altrimenti, Villerupt, Rëmerschen, Kierch St. Joseph Esch/Uelzecht ...

Des Weideren soll en Disk am November 2019 opgeholl an am Kader vun engem Concert virgestallt ginn.

Eent vun de gréissten Eventer vun der 100-Joerfeier vum Escher Ensembel ass en internationale Kompositiounsconcours. Stécker, déi op den Ensembel ugepasst sinn, gi vun enger internationaler Fachjury analyséiert. D'Wierker vun deene éischten dräi Laureate sollen dann Enn 2020 am Escher Theater am Kader vun engem Concert virgespillt ginn, mat enger Präisiwwerreechung. Zousätzlech huet den Ensembele à plectre Komponiste beoptraagt fir deen Owend Stécker op de Leif vum Orchester ze schreiwen.

Weider Infoen op: www.ensemble-a-plectre.com

De Manuel Ribeiro huet sech mam Dirigent vum Ensemble à plectre Municipal vun Esch/Uelzecht (och Professer fir Mandolinn am Escher Conservatoire, an an der Musekshéichschoul vu Saarbrécken) ënnerhalen.