Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 250 Joer Ludwig van Beethoven

Resonanzen Spezial

250 Joer Ludwig van Beethoven

De Gebuertsdag ass op de 17. Dezember 1770 festgeluecht. Sécher ass, datt de Beethoven op deen Dag gedeeft gouf. Wéini hien tatsächlech gebuer gouf, bleift bis haut ee vun de ville Rätselen, déi säi Liewen ëmginn. Haut, um 249. Gebuertsdag, gëtt offiziell d'Beethoven-Joer 2020 lancéiert. Grond Genuch, méi e geneeë Bléck op de Komponist ze werfen.

auto_stories

2 min

Beethoven-Feier a senger Gebuertsstad Bonn

"Beethoven war schon zu Lebzeiten eine Legende: ein Künstler, der mit seiner Radikalität, gegen Takt und Konvention komponierend Grenzen sprengte und der damit ein breites Publikum begeisterte", sot déi däitsch Kulturstaatssekretärin Monika Grütters beim Festakt fir d'Ouverture vum Beethoven-Joer 2020. Den 250. Anniversaire vum Komponist gëtt a senger Gebuertsstad Bonn grouss gefeiert - mat Concerten an ënnerschiddleche Formater an och mat enger grousser Ausstellung an der Bundeskunsthalle.

Lauschterenplay_arrow


Daf wéinst enger Krankheet am Bauch?

1801 schreift de Beethoven an engem Bréif: "Ich bringe mein Leben elend zu. Seit zwei Jahren meide ich alle Gesellschaften, weils mir nicht möglich ist, den Leuten zu sagen, ich bin taub." Wéi koum et, datt de Komponist daf gouf? Eng méiglech Äntwert huet den Dr. Eugène Panosetti, Chef de Département vum Service d'ORL am CHL.

Dr. Eugène Panosetti

Lauschterenplay_arrow


Beethoven à gogo

Dem Beethoven seng néng Symphonië si sonner Zweiwel déi Wierker, déi am meeschten opgeholl goufen. Ëmmerhi war et déi 9. Symphonie, déi Enn der 70er Jore Standard-Spilldauer vun enger CD festgeluecht hat.

An der Vergaangenheet hunn en etlech Opname Jalonen an der Beethoven-Diskographie gesat, an och fir d'Jubiläumsjoer si schonn eng Partie nei Integralen erauskomm. De Guy Engels diskutéiert mam Museksjournalist Remy Franck iwwer déi divers Opnamen.

Dem Herbert von Karajan seng Beethoven-Opnamen hunn och nach no bal 50 Joer Referenzcharakter

Lauschterenplay_arrow


"Hien huet sech quasi duerch d'Komponéieren selwer therapéiert"

De Beethoven ass no an no ëmmer méi daf ginn. Gläichzäiteg ass seng Musek aus der Moud komm. D'Resultat war, datt hien an eng Depressioun gefall ass.

Wéi koum hien do nees eraus? A spigelt sech dës Situatioun och a senge Kompositiounen? De Luc Boentges huet doriwwer mam Pianist Jean Muller geschwat.

De Jean Muller um 100,7-Fligel

Lauschterenplay_arrow