Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Idles - Grace

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 40 Joer Luxembourg Philharmonia

E Sinfonieorchester feiert Gebuertsdag

40 Joer Luxembourg Philharmonia

Mat enger "Fiesta Latina" feiert de Luxembourg Philharmonia Orchester dëst Joer säi 40. Gebuertsdag an der Philharmonie. Gegrënnt gouf den Orchester 1979, nodeems sech eng Grupp Leit zesummegedoen hat fir Kammermusek ze maachen.

auto_stories

3 min

"Dat huet eigentlech ugefaangen, wou d'Englänner an d'EU komm sinn", erënnert sech d'Jozina Dekker. Viru 40 Joer huet si am Luxembourg Philharmonia Flütt gespillt. Haut gesäit ee si bei den Cellisten. Vun den Englänner, déi zum Beispill als Iwwersetzer op Lëtzebuerg komm sinn, hätten der vill Theater gespillt, gesongen oder och en Instrument beherrscht. Si hu sech deemools reegelméisseg op engem Bauerenhaff getraff fir Kammermusek ze spillen. 1979 hu si dunn en Orchester gegrënnt.

E Kuriosum

"Deemools war dat e Kurriosum", seet de Romain Bis, President vum Luxembourg Philharmonia. Lëtzebuerg hätt eng räich Veräinstraditioun vu Blosmuseken. Déi Leit, déi an de Conservatoiren e Sträichinstrument geléiert hunn, hätten deemools just d'Geleeënheet gehat Kammermusek ze maachen. De Luxembourg Philharmonia huet all deenen eng Alternativ gebueden.

Déi éischt Joren huet den Orchester ouni festen Dirigent funktionéiert. Dës Positioun gouf eréischt 1991 mam Marco Battistella besat. Ënner him ass den Ensembel op ronn 50 Museker gewuess. 1996 huet de Martin Elmquist den Dirigentestaf iwwerholl. Hie leet den Orchester elo well zanter iwwer 20 Joer. Eng Zäit an där hie ronn 120 Concerten dirigéiert huet, siwen CDen entstane sinn an den Orchester siwemol am Ausland ënnerwee war. Deementspriechend schwéier fält et dem Martin Elmquist sech op een Highlight festzeleeën.

"Et ass schwéier ze soen, well et ginn der vill. Déi grouss Concerten an der Philharmonie sinn natierlech eppes ganz Besonnesches. E Verdi-Requiem dirigéiert een net dagdeeglech."

En heterogenen Orchester

Wann ee sech den Orchester ukuckt, stellt ee séier fest, datt vu jonken Erwuessene bis zu Museker mat enger méi laangjäreger Erfarung alles dobäi ass. Dëst heterogeent Bild gëtt duerch all déi verschidden Nationalitéite verstäerkt. D'Musek géif dobäi eng grouss Roll beim Verständnes ënnertenee spillen, seet d'Kontrabassistin Florence Spaus. Gläichzäiteg géifen déi verschidde Generatioune géigesäiteg vun enee profitéieren.

"Et huet een u sech d'Erfarung vun deenen eelere Leit, e bëssen dat Opfrëschend vun deene jonke Leit, an et ass dat - fannen ech - wat et ausmécht, an och Spaass mécht. Ech denken do spillt den Alter tel quel keng Roll, mee et ass einfach duerch d'Musek, wou ee sech verbonne fillt."

Keng grouss Verännerungen

Zanter 40 Joer existéiert de Luxembourg Philharmonia. An Zukunft erwaarden den Orchester keng grouss Verännerungen, wéi de Romain Bis verréit:

"Ech mengen d'Richtung ass déi selwecht an déi mIr bis elo déi lescht Zäit gefuer sinn. Et ass e sinfoneschen Orchester, dee fleegt déi sinfonesch Musek."