Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aaron Neville - Hercules

Sample vun der Woch

Aaron Neville - Hercules

Dem Aaron Neville sain Lidd "Hercules" huet eng onverkennbar Bassline. Obwuel d'Lidd et net op eng Plack gepackt huet, schafft et et finalement an den 90er op verschidde Kompilatiounen a gëtt och gesampelt.

auto_stories

3 min

Dës onverkennbar Bassline staamt vum Aaron Neville sengem Lidd "Hercules". Dat ass 1973 erauskomm. Den Neville huet an den 50er Joren zu New Orleans als RnB Sänger ugefaangen. Wéinst e puer Problemer mam Gesetz hat hien seng éischt Succèsen an den 70er Joren. Hien hat den Duerchbroch zesummen mat sengen Bridder an den "Neville Brothers".

Seng Musek ass eng Mëschung vun New Orleans Funk an RnB. Säin Markenzeechen ass eng onverwiesselbar smooth, mee staark Stëmm. Hien erzielt hei a sengem Lidd vun engem Mann, dee säi Bescht mécht fir d'Stroossen clean ze halen. Den Kontrast vum Neville senger Stemm an der aggressiver Bass gëtt dem Lidd eng gutt Dynamik.

Hercules ass en Lidd, dat et leider op keen Album geschafft huet. Et ass wéinst techneschen Problemer och net op Plack erauskomm, et sinn trotzdeem e puer iwwerdeiert Promo-Placken um Internet ze fannen. D'Lidd schafft et finalement an den 90er op verschidden Kompilatiounen. D'Häerz vun dësem Lidd ass natierlech déi ontypesch Bass, déi sou oft gesampelt ginn ass. D'Backing Vocals sinn vun de Grupp "The Meters".

Ee vun deenen leschten Kënschtler, déi den Hercules gesampelt hunn, ass keen aneren wei den Action Bronson. Zesumme mat sengem Produzent "Party Supplies" hu si dat Lidd "Steve Wynn" erausbruecht.

Dat war op hirer Kollaborativer Mixtape "Blue Chips" déi 2012 erauskomm ass. Den Rapper sampelt hei ganz einfach de Saz "Jungle rule can't be no fool" an rappt wei gewéinlech op eng dekomplexéiert Aart an Weis iwwer seng kierperlech Iwwerleeënheet.

UGK haten den Sample schonn e puer Joer virdrun geholl an zwar op hirem Lidd "Chrome Plated Women". Dat war op hirem Duebelen Album "Underground Kings" vun 2007. D'Produktioun ass vun Pimp C.

Dat war hire fënneften an leschten Album, ier datt Pimp C leider gestuerwen ass. Dat war den groussen Comeback vun UGK, nodeems de Pimp C huet missten e puer Joren am Prisong bleiwen. Si ginn alles op dësem Titel. Den Arrangement ass natierlech perfekt megaloman, sou wei all Track, deen den Pimp C produzéiert huet.

Mee den Biz Markie hat de Sample schonn fréier benotzt, an zwar op sengem Lidd "A Thing Named Kim". Dat war eigentlech eng Parodie vum Grandmaster Caz sengem Track "A Girl Named Kim". Et ass 1989 op sengem zweeten Album "The Biz Never Sleeps" erauskomm. Am Lidd geet et dorëms, datt hien eng Frae an engem Club umécht, déi sech um Enn als Mann entpuppt. Hei geet et ëm Eighties-Storytelling vum Feinsten.