Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi bizar Welt vun de mënschleche Paradiesmaschinnen

Adam Green - Engine of Paradise

Déi bizar Welt vun de mënschleche Paradiesmaschinnen

Fréiräif, altklug: sou kéint een den New Yorker Sänger a Liddeschreiwer beschreiwen, wéi hie mat 16 d'Moldy Peaches gegrënnt huet. Wierkt d'Magie och nach iwwer ee Joerzéngt méi spéit? De Marc Clement huet a seng lescht Plack eragelauschtert, a seet: Jo!

auto_stories

4 min

Dem Adam Green säi Bariton ass lässeg, an op den éischten Androck "de marbre", wéi de Fransous et géif ausdrécken. An dat net eréischt zanter senger neister Plack, "Engine of Paradise", déi leschte Freideg erauskoum.

E schéngt alles ze verkierperen, wat an den 1980er op Initiativ vum Singer Songwriter Lach a sengen Acolytten op der New Yorker Upper East Side als Anti-Folk postuléiert an entwéckelt gouf. D'Reegele vum Spill si folgend: D'Seriositéit an d'Pretentioun vun der Mainstream-Musek ze veräppelen, an déi akzeptéiert Reegele vu gudder a schéiner Musek esou enk ze respektéieren, bis d'Geleeënheet se ze briechen opdaucht an zur Evidenz gëtt.

Dëst mécht den Adam Green schonn zanter hien 15 ass. 1996 huet hien deemools mat senger Partnerin in Crime Kimya Dawson als The Modly Peaches seng éischt LP erausbruecht. Et erschéngt onvirstellbar fréi. Eppes Fréiräifes a souguer Altkluges haten och seng éischt Releases ënner sengem biergerlechen Numm, déi tëschent 2002 an haut entstane sinn, zéng un der Zuel. "Friends of Mine", erauskomm viru 16 Joer, stécht dobäi eraus als dee bekanntsten Album, an deen, op deem sech dee Stil gefestegt huet, deen een haut vun him kennt. Och mat engem Element, dat hie vu sengem Anti-Folk dierft emanzipéieren: eng Léift fir Sträicherarrangementer, déi sengen dacks intelligenten a meeschtens lächerlechen Analyse vum deeglechen Alldag eng rosa Séisselzegkeet ginn, déi him an der Welt gläichzäiteg zuwidder an onendlech wäertvoll erschéngt.

Bescheidenheet, Witz a Bewosstsi vun der Ambiguitéit vun alle Saachen

Den Adam Green hëlt sech et net eraus, frontal Meenungen iwwer säin Ëmfeld ze bilden a se an d'Welt erauszeginn, wéi ee Father John Misty et heiansdo ka maachen. Bescheidenheet, Witz, an en déift Bewosstsi vun der Ambiguitéit vun alle Saachen guidéiere seng dacks vun imaginäre Perséinlechkeete geschwaten an dach ouni Gnod éierlechen Zäitkcommentairen.

Romanesk kann een dës Erugoensweis nennen: mat hirer Léift fir faarweg an dach just skizzéiert Paradiesvullen, déi een erëmerkennt a séier an d'Häerz schéisst. Kee Wonner, datt "Engine of Vue Paradise" mat engem Comic Buch zesummen erauskënnt, dat sech ënner dem Titel "War and Paradise" als Compagnon a Vervollstännegung zur Plack versteet. Well och als Moler an Zeechner huet den Adam Green eng drop, wéi eng ganz Partie Ausstellungen a renomméierte Galerien et beweisen.

Mat "Engine of Paradise", dem Titel vum Green sengem neien an immens kuerze Wierk, kënne vill Saache gemengt sinn. Sou beschreift hien den Handy als ee klengt Paradäis, dat een a senger Täsch ka mat sech ronderëm droen, wat d'Ofhängegkeet vun anere Leit reduzéiert, andeems ee se erhéicht.

Eng agefruere Léift

Déi einsam Beschäftegung mat der totaler Connectioun inspiréiert dem Green eng ni gestëllten, onbändeg Siicht no Léift, déi, egal mat wéi enger Technologie mir se probéieren anzefänken, nonchalant an onerreechbar bleift. Op jiddwer Fall esoulaang mir se wëlle forcéieren.

Hie fréiert seng Léift an, well d'Technologie hien esou verännert huet, datt hie se net méi brauch, oder et schéngt iergendwéi net de Moment fir se ze sinn. E bestuetene Mann mat Kanner, keen onbändegen oder am Liewe verluerene Single, erzielt eis dës Saachen. "All of your pages are open at once", croont de Green op "Reasonable Man". Den Impetus eis ganz dësem Erwächer vu Gloschten a léifstem Confidant, deen de Smartphone dach ass, Tablet oder Computer opzemaachen an unzevertrauen, ass dem Adam Green net geheier. "I've covered my eyes and cancelled my shame", séngt hien op "Escape from this Brain", eng Mise en Garde genee esou wéi en Empathiebeweis u säin, wahrscheinlech wéi mir all, technologiebesiessene Nolauschterer.

Iwwer d'Aart a Weis, wéi en ziviliséiert Liewen d'Gefillswelt vum Geescht dissociéiert

Hei gëtt keen Techno-Bashing bedriwwen, an och kee fréier-war-alles-besser-Folk. Well déi nostalgesch 60s-Pop-Produktioun, déi scheinbar simpel Versen, déi och aus engem imaginäre Cabaret kéinte stamen, behandele vill méi universell Theme wéi dat: déi Aart a Weis, wéi en ziviliséiert Liewen d'Gefillswelt vum Geescht dissociéiert, an déi gläichzäiteg witzeg an tragesch Auswierkunge vun eiser just nach fragmentéierter Vue op d'Welt.

"Engine of Paradise" ass eng kuerz, intelligent, humorvoll an zudéifst réierend Kollektioun vu Lidder, bei där den Adam Green seng Konscht net nei erfënnt, an dat ass um Enn wuel dat Bescht, wat ee sech konnt erwaarden, wann een dës neiste Versioun vu senger Welt bis entdeckt huet.