Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Afterhours am Proffenzëmmer

Connan Mockasin - Jassbusters Two

Afterhours am Proffenzëmmer

Den Indiekënschtler Connan Mockasin presentéiert den Nofollger vu sengem gefeierten Album "Jassbusters" an invitéiert eis nees an de Mikrokosmos vun enger fiktionaler Proffeband, déi e Mix aus improviséiertem Jazz a Blues spillt. Genee wéi säi Virgänger ass och "Jassbusters Two" nees e perfekte Soundtrack fir déi gemittlech a sënnlech Stonnen.

auto_stories

3 min

Eng Schoul, spéit an der Nuecht, just nach e Portier geeschtert duerch déi verloosse Säll a Gäng. Et ass Afterhours am Proffenzëmmer a villäicht fëmmt grad een e bëssi confisquéiert Gras, wärend sech am Hannergrond eng jazzeg Soundkuliss opbaut.

Esou beschreift de Connan Mockasin de Setting fir säin neien Album "Jassbusters Two". Dräi Joer nom éischten Deel, kéiert den neiséilännesche Kënschtler nees an dëse Mikrokosmos zeréck, an deem eng fiktional Band vu Museksproffen ënner dem Numm "Jassbusters" e Lycée nom Schoulbetrib an en retrolastege Blues- an Jazz-Studio verwandelt.

Ablécker an eng Parallelwelt

Dat Ganzt ass och Deel vun enger ominéiser Miniserie mam Numm "Bost'n 'n Dobs'n", un där de Mockasin iwwer zwanzeg Joer geschafft an och Regie gefouert huet an d'Roll vun engem Gittarsproff iwwerhëlt.

Viru Concerte vum Mockasin gouf et bis elo e puer Ablécker an dës Parallelwelt, mee d'Fans mussen ëmmer nach op déi offiziell Sortie waarden. Ob et sech heibäi wierklech ëm en ambitiéise Projet oder éischter e Gag handelt, bleift esou mysteriéis wéi de Mockasin selwer. Mat "Jassbusters Two" stéisst hien de Rideau elo nees e Stéck méi wäit op an hëlt eis mat an seng iwwerdréinten Imaginatioun.

Zanter sengem Debutalbum "Forever Dolphin Love" vun 2011 huet sech de Connan Mockasin als Weirdo-in-Chief vun der Indiezeen etabléiert a mat Acts ewéi dem John Cale, James Blake, MGMT an der Charlotte Gainsbourg zesummegeschafft.

Och op dem neien Album demonstréiert de Mockasin nees säi musikalescht Skillset an seng Popsensibilitéit, déi schonn seng fréier Wierker charakteriséiert hunn. "Jassbusters Two" ass d'Destillat aus laangen, experimentellen Improvsessions mat senge fiktionale Proffekolleegen.

De Virgänger war den éischten Album, deen de Mockasin mat enger Band opgeholl huet. De kreative Prozess am Jassbusters-Ensemble hätt him esouvill Spaass gemaach an hien encouragéiert an dëser Konstellatioun weiderzeschaffen, seet hien. D'Resultat ass dem Mockasin no sou laidback, datt et bal horizontal ass.

Den Opening Track "Jass Two" gëtt mat dem Mockasin sengen typesche Gittarriffs voller Vibrato a Groove schonn d'Richtung vum Album vir: hei treffen Jazz, Blues a Psychedelia openeen a vermësche sech zu engem Sound, deen esou séiss an zéiflësseg ewéi Sirop oder den "Maori Honey" ass, deen de Mockasin um Album beséngt.

Op "Flipping Poles", dem Kärstéck vun "Jassbusters Two", stécht virun allem dem Museker säi bekannte Falsettogesang eraus, dee sech iwwer Bluesgittar a Bass leet an un d'Sensualitéit vum Virgänger erënnert.

Am Verglach zu "Jassbusters" ass um neien Disk alles e Krack méi reduzéiert. Et ass keen Album, deen direkt zünt, mee éischter e Slowburner, deem et plazeweis un Intensitéit feelt a villäicht nach e bëssi Nohëllefsstonne brauch.

Géint der Enn vum Disk kënnt mat dem instrumentalen "She's my lady" awer nach en emotionalen Héichpunkt. An de fréie Moiesstonne kucken d'Jassbusters ouni e Wuert ze verléieren de Sonnenopgank, éier e weideren Dag voller Kaffisflecken a roudem Filzstëft op si waart, heescht et am Albumstatement. Et ass grad hei, am Spannungsfeld tëschent Nerdyness a Sexyness, wou "Jassbusters Two" een an seng verdreemt-chaotesch Welt eranzitt.