"Mir bewältegen eis Experienzen, andeems mer Lidder driwwer schreiwen", esou den David Brewis vu Field Music. 2018 war fir hien a säi Brudder en traumatescht Joer. Hir Mamm ass gestuerwen an hire Studio, an deem si néng Joer laang geschafft hunn gouf ofgerappt.
No zwou Placken, déi sech mam Brexit-Referendum, respektiv d'Nowierkunge vum éischte Weltkrich beschäftegt hunn, war elo Zäit fir dëse Verloscht vun 2018 musikalesch unzegoen, ze verschaffen. Net op eng düster, melancholesch Manéier, éischter de Géigendeel.
Field Music kléngen am Verglach zu den zwee leschten Alben e bësse manner konzeptuell, e bësse manner zerebral. D'Gittar ass nees méi am Virdergrond an hire Groove ass vun Hoffnung a Liewensfreed duerchzunn.
De Gebridder Brewis hir éischt grouss musikalesch Léifte kommen op "Flat White Moon" schéin zum Virschäin. "When You Last Heard From Linda" erënnert mam rhythméierte Sträicherarrangement un Eleanor Rigby Beatles. Déi knackeg Batterie a schaarf Leadgiuitar-Kläng op "Out of the Frame" a "Meant To Be" féieren den Heritage vu Led Zeppelin a Free virun, a Fleetwood Mac verstoppt sech hannert all deene agängege Melodien, den diverse 70er-Studio-Kläng.
Dem Prince säi Funk stécht an hirer Bass a Gittar Philosophie. D'Arrangementer sinn, wéi ee sech vu Field Music erwaart, verspillt a verschnörkelt. Stëmmharmonien gi grouss opgestapelt, iwwerraschend Wiessel an ongewéinlech Kombinatiounen halen ee mat Genoss bei der Staang. Éierlech gesot gëtt et op "Flat White Moon" kee schlecht Lidd. Déi zwielef Stécker si vu vir bis hannen duerchduecht, mee bleiwen trotz vill Gekniwwels mat zwee Féiss um Buedem.
"Mir wëllen, datt d'Leit sech gutt fillen iwwer Saachen, iwwert déi mir eis schrecklech fillen", esou de Mantra vum neie Field Music-Album. E Wierk iwwer Trauer, dat der Negativitéit aus dem Wee geet, ouni se dobäi komplett auszeblennen.
Field Music hunn nees e méi direkt a perséinlecht Wierk op d'Bee gesat, wou een nees eng breet Palette u Stëmmungen erëmfënnt. Vu Rock op Chamber-Pop, frontal op méi impressionistesch Approchen. Hiert Zesummespill trëfft weiderhin déi perfekt Balance tëscht intuitiv a kniwweleg. Déi zwee wësse sech an hirem neie Studio ze ameséieren. An d'Freed zesummen ze musizéieren schéngt nach laang net ausgeleiert ze sinn.