Radioen

On air

Kultur um 5  |  "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Al Green - I'm Glad You're Mine

De Sample vun der Woch

Al Green - I'm Glad You're Mine

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Een vun den bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop stamen vum Al Green mat "I'm Glad You're Mine". Dat war op sengem 5. Album: "I'm Still In Love With You". Deen ass 1972 Hi Records erauskomm. Den Al Green ass en Soul an Gospel Sänger. Hien ass gebuer am Arkansas, USA an ass mëttlerweil 75 Joer al. Hien sengt säitdeem hien 9 Joer al ass, an huet mat sengen Bridder ass an der Kierch an engem Gospelchouer. Hien war schon an den 1950 op Tour mat senger ganzer Famill. Säin Papp geheit en mat 16 aus der familiärer Gospel Grupp eraus, well hien erwëscht gëtt am gaangen Jackie Wilson ze lauschteren. (Dat war e bëssen eng R'N'B Popstar mat engem schlechten Ruff zu dëser Zäit.) Den Green probéiert sech un verschidden Gruppen mee keng ass wierklech erfollegräich, bis hien sech aus solo Akt probéiert. Zesummen mam Produzent Willie Mitchell enchaineiert hien direkt 4 Alben innerhalb vun 3 Joer, dovun och "Let's Stay Together" am Januar and "I'm Still in Love with You" am Oktober 1972. D'Seventies waren seng bescht Zäit. Hien ass een vun den éischten Soulsänger deen an den 70er erausgestach huet. Säin style eng Mëschung tëschent energeschem Philadelphia-Soul an smoothen Deep-Soul, gemixt mat räichlech sexy Uspillungen. Seng éischt Alben passen perfekt an hier Zäit, an sinn vergläichbar mat aner Alben wei zum Beispill: Marvin Gaye "What's Going On", Stevie Wonder "Talking Book" an Curtis Mayfield "Super Fly" Soundtrack. No dem Selbstmord vun senger Ex-Frëndin gëtt hien ab Mëtt-70s Paschtouer an keeft sech eng Kierch zu Memphis. Wann en elo nach sengt, hellt en quasi just nach Gospel op.

Notorious B.I.G an Akinyele

Seng Perkussioun gouf méi wei 180 Mol gesamplet, een vun den bekanntsten Beispiller ass den The Notorious B.I.G. mat "Dead Wrong" (Feat. Eminem). Dat war op sengem 3. Album "Born Again" deen 1999 op Bad Boy erauskomm ass. Den Album ass also 3 Joer nom Dout vum Brooklyn Rapper erauskomm. Den Album ass gréissten Deels eng Collage vun verschidden Lidder déi den Biggie virun sengem Dout opgeholl huet, gemixt mat Featurings vun den deemools beschten Rapper, wei den Method Man, Redman, oder hei den Eminem. Den Drum Sample ass quasi net iwwerschafft, et kommen just e puer Synth-Nouten driwwer. Den Biggie hat dëst Lidd ursprénglech als Freestyle um Mister Cee senger "Best Of Biggie" Mixtape opgeholl.

Mee den Akinyele hat den Sample schonn virdrun benotzt an zwar op senger "Put It In Your Mouth EP" vun 1996. Am Lidd geet et em genau dat wat een mengt. Et ass sexisteschen Gangsta Rap aus den Ufank 90s. Den Niveau un Vulgaritéit war sou nach ni do. Dohier hat dat Lidd och richtegen Succès an der Underground-Community.

The East Flatbush Project, DJ Premier, Large Professor

Mee e puer Méint virdrun hat "The East Flatbush Project" och schonn benotzt, an zwar op sengem "Tried By 12". Den MC aus Flatbush hat net vill Releasen mee deen doten war en Hit. Quasi all Rapper huet schonn eemol iwwert deen Beat gerappt, vu que dass et en beléiftsten Beats wärend MC-Battles ass. Den DJ Premier huet en souguer op enger berüümter MC-Cypher benotzt, an zwar 2011 bei den BET Awards op MTV.

Mee den Large Professor hat den Sample nach virdrun benotzt, an zwar fir den Mahogany vum Eric B. & Rakim ze bauen. Deen war op hirem 3. Album "Let The Rhythm Hit 'Em" vun 1990. Et ass e bëssen méi en introspektiven Album, souguer den Album vun der Maturitéit géif ech soen, woubäi dëst Lidd hei e bëssen d'Ballad dovunner ass. De Rakim seet hien wier op dësem Lidd vum Diana Ross sengem film Mahogany vun 1975 inspiréiert gewiescht.