Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Man I'd Rather Be (Part 1&2)

Album Bespriechung

A Man I'd Rather Be (Part 1&2)

"Jimi Hendrix vun der akustescher Gittar" - esou huet den Neil Young de Bert Jansch emol genannt. De schottesche Museker huet an de 60er britesche Folk innovéiert an eng ganz Generatioun beaflosst. Dem Bert Jansch seng éischt aacht Placke goufen des lescht vun Earth Recordings an zwee kompakten Editioune frësch verëffentlecht.

auto_stories

3 min

Eréischt mat 16 Joer huet de Bert Jansch ugefaange Gittar ze spillen. Enn de 50er war säi grousst Idol de Blues-Museker Big Bill Broonzy. An de jonke Schott vun Edinburgh huet äifreg geprouft, bis hien ähnlech Téin aus senger akustescher Gittar gekëddelt krut. An e puer Méint hat en eng drop, huet seng Aarbecht als Gäertner opginn an ass erof op London gereest. Den Zentrum vun der britescher Folk-Renaissance, déi deemools an de 60er um opbléie war.

D'Musek um Bert Jansch sengem Debut vu 65 war hirer Zäit viraus. D'Folk-Gittar hat een deemools rar esou am Mëttelpunkt erlieft. A seng spannend an dynamesch Spilltechnik huet säi Publikum an de Folk-Clubs gefesselt.

Eng Innovatioun

De Bert Jansch war awer net nëmmen en Instrumentalist, hien hat och eng ganz eege Stëmm, déi fir d'Sange vun de britesche Folk-Ballade gemaach war. Esou wéi dat traditionellt Stéck "Black Water Side", dat hien op sengem drëtten Album "Jack Orion" vun 1966 presentéiert huet.

Zesumme mam Davy Graham an John Renbourn huet de Bert Jansch d'Folk-Gittar an de 60er innovéiert. Donieft huet hien awer och Folk-Rock oder Folk-Jazz staark beaflosst mat senger Band "Pentangle". E Quintett deen tëscht 1967 an 1973 vill vu senger Zäit ageholl huet. An awer koume véier Solo-Placke vum Bert Jansch an deem Zäitraum nach eraus.

Dorënner "Birthday Blues", deen 1968 ëm säi 25. Gebuertsdag entstanen ass, op där hie seng mysteriéis Fusioun vu Stiler weidergefouert huet. Oder och déi romantesch Plack "Nicola". En Album, op deem de rouege Folk-Museker mat engem méi kommerzielle Sound hantéiert huet. Mat grouss orchestréierten Arrangementer, déi relativ déck opgedroe goufen.

Eng Simplicitéit déi täuscht

Dem Bert Jansch seng Musek gëtt dacks als Folk-Baroque bezeechent, wéinst den traditionellen Aflëss, der filigraner Technik an den Arrangementer, déi dacks u Renaissance-Musek erënneren. Säin Output tëscht 1965 a 1973 huet den englesche Label Earth Recordings elo an zwee Volummen assembléiert. Déi gëllen Zäit vu senger laanger Carrière, déi eréischt 2011 op en Enn komm ass.

Dem Bert Jansch seng Musek täuscht duerch hir Simplicitéit. Säi Spill war op engem groussen techneschen Niveau. Hien hat eng immens kräfteg Attack, et héiert ee wéi d'Säite vum Instrument richteg klaken. Dobäi huet hie sech an engem eegene Rhythmus an Tempo beweegt. Imperfektioune kommen zum Virschäin, awer am positiivste Sënn vum Wuert. Dës ënnersträiche seng Éierlechkeet a Mënschlechkeet, déi een a ville vu sengen Opnamen eraushéiert.

Ee vu senge beschte Wierker ass "Rosemary Lane" vun 1971. En Album, deen hien an engem Cottage mat einfache Moyenen opgeholl huet. Eng Plack, déi nostalgesch an d'Vergaangenheet kuckt an awer immens zäitlos bleift.

40, 50 Joer méi spéit kléngt dem Bert Jansch seng Musek net verstëbst oder langweileg. Seng Produktiounen hunn hire Wäert net verluer, d'Téin klénge weiderhi magesch a pertinent. Seng Musek wäert zukünfteg Generatiounen nach dreemen dinn.


Bert Jansch - "A Man I'd Rather Be" Part 1 a Part 2 sinn den 30. Januar bei Earth Recordings verëffentlecht ginn.