Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Ee perséinlechen Espace, eleng géint d'Welt

Tomberlin - "I don't know who needs to hear this"

Album vun der Woch: Ee perséinlechen Espace, eleng géint d'Welt

Eng duuss Plack mat ville Facetten: Der amerikanescher Songwriterin Tomberlin hir zweet Plack huet e puer Faarwe méi, wéi ee vun hir gewinnt ass. De Marc Clement huet eragelauschtert.

auto_stories

3 min

Wien déi éischt Plack vun der Englännerin Sarah Beth Tomberlin schonns kennt, "At Weddings" Anno 2018, dee gewënnt bei der Ecoute vum neien Disque eppes bäi. Well d'Entwécklung, déi vun där enger op déi aner Plack geschitt ass, ass onverkennbar.

Vun e puer intimen, just mat akustescher Gittar gestréckten Titelen, wot sech d'Tomberlin an eng méi grouss Welt eran, setzt "Touche" mat Saxophon, Piano, Perkussiounen, an engem ganzen Holzbléiser-Ensembel.

Sech selwer vu wäit kucken

Bei der Erweiderung vum klangleche Raum zitt d'Persona hanner dem Songwriting mat, gesäit sech selwer vu baussen, am grousse Kontext, amplaz am stillen Kämmerlein.

Der Kënschtlerin hire Choix ënner hirem Familljennumm opzehuelen an opzetrieden, kënnt engem zeréck an de Sënn: well e refletéiert de Wonsch, nee d'Obligatioun, dës Persoun vu wäit ze kucken, ze anescht, fir no ze sinn.

De Lockdown huet esou munche Gletscher geschmolt, wéi d'Kënschtlerin perséinlech an de Liner Notes vum Album schreift:

"Ech sangen dat lescht Lidd zu mir selwer, "i don't know who needs to hear this", an d'Äntwert ass kloer, ech selwer."

Op der Plack mam selwechten Titel, op "Saddle Creek", steet d'Tomberlin an der Welt. Si kuckt eraus, anerer kucken eran, si selwer kuckt vu baussen eran, an dat mécht de ganzen Ënnerscheed.

Hir Ängschten a Frustratiounen, ausgedréckt an den Texter, operéiere mat Distanz a Matgefill, net méi agespaart a mat der Gittar verwuess. Esou entsti Rapporten an hirem Schreiwen, Geschichten am Platz stëll Poesie.

Wien d'Tomberlin mat dëser Plack ganz frësch entdeckt, wäert zumindest beréiert sinn vun där Manéier, wéi se an aller Éierlechkeet hir Facilitéitsléisungen entlarvt.

Verhalensweisen, déi mir all kennen: Datt et méi schwéier ass, eng Relatioun opzebauen an ze entwéckelen, wéi sech an hirer Onméiglechkeet an der Sehnsucht dovunner ze verléieren.

Datt et méi schwéier ass sech um Terrain vum Liewen als Fra ze behaapten, wéi sech mat der Zeil "To be a woman is to be in pain," Zitat aus hirer Debut-Plack, zefridden ze ginn.

Eleng géint d'Welt

Et ass vun dëse Problemer wou den Album sech niert, an un enger matfillender Zynik, wou e staark gëtt. Op "Collect Caller" gëtt dësen Zynismus bal komesch agesat. Ee gesiichtslosen Internetofzocker gëtt am Text mat Nodrock op d'Platz gesat gëtt, mat der Fermetéit an der Jugementslosegkeet vun enger Mamm.

De Mënsch an d'Musekerin Tomberlin, a si geet sécher, datt dës net kënne vunenee getrennt ginn, treffen ee bei der Ecoute vun dëser Plack mat Messagen aus den eegenen einsame Plazen.

A well an hir deels ganz intellektuell maniéiret Gefillsverstréckungen esouvill spannend Geschichten a sech droen, a spannend musikalesch Passagen ervirbréngen, fënnt och dat Allerperséinlechst eng Wendung an dat Universellt.

Dës Plack invitéiert a verféiert den Nolauschterer an ee perséinlechen Espace, an dat ass ëmsou méi spektakulär, well dës Stëmm d'Gefill ofleet, eleng géint d'Welt ze stoen.