Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Eyes Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Gaart vun der Vergangenheet

Album vun der Woch

Am Gaart vun der Vergangenheet

Op hirem neien Album "Gardening" presentéiert d'Siv Jakobsen fragil Texter an ofwiesslungsräiche Folk. D'Norwegerin huet sech dofir mat hirer eegener Vergaangenheet ausernee gesat - an opgeraumt.

auto_stories

2 min

Foto: Jørgen Nordby

Op "Gardening" spillt d'Natur eng grouss Roll: den Album ass gréisstendeels am Lockdown entstanen, an deem de Bësch, de Fjord an eben och de Gaart an där der Siv Jakobsen hirer norwegescher Heemecht zu Réckzuchsuerter goufen.

Dat hätt hirem Schreiwen immens gehollef, seet d'Singer-Songwriterin: de Gaart wier awer an éischter Linn eng Metapher fir den eegene Kapp. D'Siv Jakobsen erkläert, datt si ugefaangen huet, an hire Gedanken e bëssi opzeraumen an Onkraut ze rappen, wat awer ëmmer nees nogewuess ass.

Freed um Experimentéieren gëtt grouss geschriwwen

D'Hobbygäertner dobausse wësse jo: Onkraut vergeet net, an sou ass dann "Gardening" eng Zort Ausernanersetzung mat der eegener Vergaangenheet, déi wéi Efeu oder Pissblummen ëmmer nees hire Wee un d'Uewerfläch fënnt. Et ass de mëttlerweil drëtte Studioalbum vun der Siv Jakobsen. D'Virgänger sinn nach vun engem méi typeschen oder klassesche Folk charakteriséiert - dorënner och eng Coverversioun vun der Britney Spears hirem Hit "Toxic".

Op hirem leschten Album "A temporary Soothing" koum schonn eng gewëss Experimentéierfreed zum Ausdrock, déi elo op "Gardening" weidergefouert gëtt. Den Album ass vun der Siv Jakobsen hirer doucer Stëmm an hirem Fingerpicking op der Gittar gepräägt, mee et ginn och vill Sträichinstrumenter oder Holzblosinstrumenter, zum Beispill am Song "Tangerine".

Wat ass Realitéit a wat Fiktioun?

Déi relativ upbeat Melodië gi vun däischteren a melancholeschen Texter gedroen, déi tëscht perséinlechem Gefillschaos a fiktionale Kuerzgeschichte schwanken. Op "Blue" erzielt si vun enger Relatioun, déi vu Gewalt gekennzeechent ass, "The Bay" geet op een Autosaccident zeréck dee si viru Joren eemol hat, an op "Birthday" erzielt si d'Geschicht vun hirem 25. Gebuertsdag, deen op Grond vun enger gewësser Persoun an där hirem Verhalen der Siv Jakobsen zimmlech negativ an Erënnerung bliwwen ass.

Dacks ass net ganz kloer, wat elo Realitéit a wat Fiktioun ass, um Enn ass et awer och egal, well meeschtens mënschlech Gefiller am Virdergrond stinn, mat deenen een sech op déi eng oder aner Manéier identifizéiere kann.