Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dream On: Verdreemt, melancholeschen Dreampop

Alice Boman - Dream On

Dream On: Verdreemt, melancholeschen Dreampop

Schwede war laang laang Zäit musikalesch gesinn d'ABBA-Land. Zanter 20 Joer huet sech awer immens vill gedoen. An zwar an all Museksrichtungen. Den Album vun der Woch kënnt aus deem skandinavesche Land. D'Musekerin hanner deem Disk mam Numm "Dream On" heescht Alice Boman an den Tom Dockal stellt Album a Kënschtlerin vir.

auto_stories

3 min

"I am laying here, in the blue light" - dës éischt Zeil aus dem éischte Lidd um éischten Album vun der Alice Boman gëtt engem vir, wat een déi eppes méi wéi hallew Stonn erwaart. Et gëtt sech geluecht an et léisst ee sech vun der bloe Luucht beliichten. Being blue - traureg sinn. Dës talentéiert Musekerin benotzt hire wichtegsten Aggregatzoustand an deklinéiert en an all senge Facetten. Vu wou deen Zoustand kënnt ass glaskloer. Et huet näischt mat der abstrakter Notioun vun nordescher Melancholie ze dinn, déi ee vun islännescher Populärmusek kennt, wéi mat den explizitt glaskloren Texter aus der Fieder vum Boman.

Op den zéng Songs vun "Dream On" ginn en gros d'Stadie vun enger amouréiser Bezéiung duerchgeknat. "Wish We Had More Time", "Heart on Fire", "The More I Cry", "Everybody Hurts", "Don't Forget About Me", "This Is Where It Ends" - dat sinn Songnimm, keng Texter. D'Lyrics awer zu deene Lidder kann ee sech zesummereimen, ouni se tatsächlech héieren ze hunn. Déi Glaskloerheet vum dach immens perséinleche Propos, deen d'Alice Boman och net eng Sekonn enkryptéiere wëllt, ass mat der Glaskloerheet vun allem soss ze verbannen. Zum Beispill mat der Stëmm vun der Musekerin a Sängerin. Der Boman hir Stëmm kléngt wéi lassgekoppelt vun hirem Kierper a flitt der Däiwel. Pur, einfach a kloer wéi d'Songtexter. An hypnotesch.

Sangen ënner Hypnos

Hypnos ass nach esou e Stéchwuert am Kontext vum Debutalbum vun der Schwedin Alice Boman. Quasi ënner Hypnos soll si am Studio d'Songs opgeholl hunn. Ob dat elo tatsächlech esou war, gi mir ni gewuer, mee Tatsaach ass, dat d'Boman Produzenten zur Säit stoen hat. De Fabian Prynn a virun allem de Patrik Berger - Produzent vun esou Acts wéi Robyn, Charli XCX oder Lana Del Rey. En Typ also, deen u sech héichpoléiert Popsalven ze produzéiere weess. Firwat also elo d'Kollaboratioun mat enger minimalistescher Dreampop Musekerin?

D'Alice Boman ass an der Quantitéit esou minimalistesch gehalen, wéi an der Form. Zanter 2013 si keng Handvoll EPen erauskomm an no siwe Joer also elo deen éischte Longplayer. De musikaleschen Output war bis elo Schlofkummer-produzéiert. Mee domat huet d'Boman elo brieche wëllen. An dee Schrack, genee dat esou ze maachen, transzendéiert de Schrack vun enger méi sophistiquéierter Produktioun. Wéi de Malmöer Label Adrian Recordings deemools vun der Alice Boman hir éischt Stécker héieren huet, ass fir si "d'Zäit stoe bliwwen". Mécht Sënn. Do ass eng Musekerin an der Responsabilitéit, déi sech bewosst ass, datt si no hanne kuckt, mee alles an hirer Muecht mécht, fir virunzekommen. Si bleift stoen. An d'Zäit-Raum-Kontinuum brécht ënner der Schéinheet vun der Musek zesummen.

Amplaz elo zu all Song e Saz ze verléieren - well an den Notizzen zu dëser Bespriechung gouf et déi wierklech - sief elo versicht e Verglach ze maachen. D'Alice Boman ass d'Lovechild vum Angelo Badalamenti an der Julee Cruise, wann déi Twin Peaks Musek gemaach hätten, fir en Twin Peaks, an deem kee Laura Palmer ëm d'Liewe komm wier. Atmosphäresch Dreampop-Entwërf treffen op pertinent Pop-Pärelen, déi op hir Manéier am klimakteschen "This Is Where It Ends" kulminéieren! Am virleschte Song schéngt d'Alice Boman a Soundstruktur a Sound endlech op där anerer Säit ukomm ze sinn, an et freet ee sech, wat dann op där nächster Etapp fir den Nolauschterer oplauert. Spëtzt Är Oueren, d'Alice Boman wäert richteg grouss ginn!