Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All d'Verstäerkeren op zéng!

Bilan

All d'Verstäerkeren op zéng!

​D'Rockhal huet dës Woch virun der Press hire Bilan vum Joer gezunn. Datt d'Aktivitéite sech steigeren an ausweiden, gehéiert bal zum Gudden Toun - mee am Detail si mir vum Olivier Toth, Direkter vum Centre des musiques amplifiées, nach Villes méi gewuer ginn.

auto_stories

5 min

Mat enger Enveloppe vun 2,5 Milliounen Euro ass d'Rockhal deels vun der ëffentlecher Hand finanzéiert. Dëst Geld kënnt ënner Anerem dem Rocklab zegutt, eng Struktur, déi zesumme mam Exportbureau MusicLX an Aneren d'Dynamisatioun a Professionalisatioun vun der Lëtzebuerger Musekszeen zur Aufgab huet.

D'Rockhal ass awer och ee Gebai, an deen eenzege Concerts- an Evenementssall vu senger Gréisst am Land. D'Suerg, de rezenten an excellent equipéierte Bau auszelaaschten ass och Deel vun Equatioun - a bei engem Emsaz vun iwwer zéng Milliounen Euro kënne vill Sue vun den Ticketen zeréckfléissen an déi aner Aufgabe vum Etablissement. Och de Grand Public freet sech driwwer, wa grouss Têtes d'affichen an d'Rockhal kommen... ee Public deen ongeféier zur Hallschent vun hei, an zur nächstgréissten Deeler aus Frankräich Däitschland an der Belsch op de Belval kënnt.

Ëffentlech, oder kommerziell?

De Succès iwwer d'Grenzen eraus läit och zum Deel un der spezieller Gréisst vun de Säll. Vill grouss Kënschtler kann een um Belval einfach méi no erliewen, wéi an engem Forêt National oder engem Galaxie. Déi lëtzebuergesch Ëffentlechkeet gesäit et net ëmmer esou gär, wann een Etablissement, dee sech emergent Artisten esou grouss op de Fändel schreift, scheinbar am Domän vu privaten Organisateuren, vu Musical, Äisdanz a Kommerz wëldert. D'Realitéit ass nach e bëssen anescht: privat Strukture ginn an engem kollaborative Sënn oder als einfach Locatairë vum Sall an d'Programmatioun mat agebonnen. Dräi Prozent vum Public koume souguer vu méi wäit ugereest wéi aus eisen Nopeschlänner, een Zeechen datt de Sall international mëttlerweil gutt etabléiert ass.

206 Evenementer, déi meescht dovu vun emergenten Artisten, an 103 lëtzebuergesch Kënschtler a Formatiounen, hunn dëst Joer an der Rockhal gespillt. Bei de Lëtzebuerger Gruppe kënnt dobäi déi integrativ Fërderungspolitik vun der Rockhal zum Droen. Wann de Lëtzebuerger Rapper Maz fir d'Nicki Minaj net nëmmen de Sall waarm gemaach huet , mee carrement mat hir zesummen op der Bün stoung, ass et kloer, datt een et hei net mat Lëpsebekenntnisser ze dinn huet, mee mat Renconteren, a perséinleche Meilesteng. De Rocklab stellt de Lëtzebuerger Museker een Espace mat Computeren, Reuniounssäll, Proufsäll, en Danzsall an ee Studio zur Verfügung, där hir Utilisatioun kierzlech mat enger Zort Members-cotisatioun vereinfacht a flexibiliséiert gouf.

Wéi kléngt Lëtzebuerg?

Dräi grouss Evenementer organiséiert de Rocklab all Joer, fir d'Zeen zu Lëtzebuerg weider ze entwéckelen. De Screaming Fields ass ee Festival fir jonk Artisten tëscht 18 a 25, an hëlleft beim Erklamme vun den eenheemeschen Trapen a Gradinen. Da gëtt et de Sonic Visions, dee jo rezent fir d'aachte Kéier alles zesummebruecht huet, wat d'Musekswelt zum dréine bréngt: international Staren, emergent europäesch Bands a Museksprofessioneller aus aller Welt. Grad dësen Netzwierk-Aspekt ass wichteg - och Manager, Bookeren an aner Beruffsbiller si gefrot, wann et am Ausland fir d'Lëtzebuerger soll funktionéieren. D'Luxembourg Music Awards dann, déi d'lescht Joer fir d'éischt presentéiert goufen, si biannuel. Dës waren also manner een Thema bei dësem Réckbléck, mee d'Inclusioun vun nach weidere Genre vu Musek gouf hei ugekënnegt. Net ze vergiesse gëtt et ee Programm, deen och déi Klengst un d'Musek eruféiert a Begeeschterung schaaft. 24h Electroniques for Kids, Concerts for Kids, Be a Hero - esou nenne sech déi vun der neier pedagogescher Mataarbechterin zesummegestallten Offeren. Och Initiativen, déi op anere Plaze lassgetrëppelt goufen, kommen an der Rockhal ënner, esou zum Beispill de Songwriter Club aus dem Stadgronn, deen am klenge Floor seng Owenter organiséiert.

Your music career starts... here?

Fir d'Bindungen tëscht der Lëtzebuerger Musekszeen an dem Ausland weider ze verdéiwen ass d'Rockhal Member vun enger Partie Austauschreseauen, wou Kënschtler kënnen an ee Live-Concerts-Circuit erakommen a souzesoen tëscht de Member-Lieuen ausgetosch kënne ginn. De Réseau Multipistes betrëfft haaptsächlech d'Groussregioun an eis Nopeschstied, wärend Live Europe, ee vun der EU finanzéierte Reseau, scho méi wäit gespaant ass. Ganz nei ass den Zesummeschloss vun den europäeschen Arenaen, wou esouguer de Londoner 02 mat dran ass. Dës grouss Säll hu ganz oft net-musikalesch Evenementer an hirem Programm, mee dat heescht net, dass eis jonk Museker hei ausgeschloss bleiwen. Experimenter mat lokale Gruppen am Entréesberäich vun esou Evenementer, wéi an der Lobby oder an engem Sall "ënnerwee" bei den Evenement, hu gutt Resultater bruecht, déi d'European Arenas Association wëll verdéiwen, esou den Olivier Toth.

Un de Besoine vun der Zeen wier een drun: do wieren der zanter dass et de Rocklab gëtt och eng Rei dobäikomm, wéi et sech gehéiert fir eng Musekszeen, déi sech vergréissert, professionaliséiert, an och ëmmer méi rayonéiert. Rar eng Lëtzebuerger Band, déi net méi d'Mëttele fënnt, op Tournée ze goe fir hire Public och iwwert d'Grenzen eraus ze fannen an ze fideliséieren.

Och um Gebai gouf nogebessert. Am Aganksberäich vun deenen zwee gréissere Säll, dem Main Hall an dem Club, ass ee ganz neie Bar mëtteg platzéiert, mat méi heemlecher Luucht a schnellem Service.

Ass der Rockhal hir Politik onëmstridden? Sécher net. Bei "Holiday on Ice" verdréint de Museksfrënd vläicht d'Aen, wärend bei méi gewote musikaleschen Erliefnesser de ganz grousse Publikumserfolleg sécherlech ausbleift. Wat ee bei esou engem villsäitegen Engagement awer sécher kann zeréckbehalen, sinn eng Parti kraaftvoll Outilen, Synergien an Initiativen, déi op den éischte Bléck net opfalen, an dach ëmmer méi Friichte schéngen ze droen. Verstäerkeren op zéng, the show must go on!