Radioen

On air

De Moien  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "All Museker ass säin eegenen Universum"

Dan Deacon

"All Museker ass säin eegenen Universum"

"Mystic Familiar" - esou heescht dem Dan Deacon seng nei epesch Scheif. Den experimentelle Museker vu Baltimore kacht op dësem eng mystesch Britt unhand vu syntheteschen an organesche Kläng, schafft mat den Imperfektioune vum mechanesche Piano a verdeckt déi Kéier seng Stëmm manner wéi gewinnt a sëllegen Effekter. Dem Jamie Reinert zielt hien iwwer e Klang-Experiment mat Papageien, seng onendlech Klangpallette an den Afloss vum David Lynch sengem Buch "Catching the Big Fish: Meditation, Consciousness, and Creativity".

auto_stories

6 min

Foto: Frank Hamilton

"Mystic Familiar" fillt sech heiansdo u wéi wann een op enger kosmescher Rees am Himalaya wier. Spirituell an New Age Tonalitéite fléissen an déi gelueden elektro-akustesch Landschaft eran. Iwwer déi lescht fënnef Joer wier den Album entstanen, an d'Sich no Balance a sengem Liewen hätt de Projet gedriwwen.

"Et ass schwiereg, sech aktuell eng Zukunft an de Vereenegte Staate virzestellen", seet den Dan Deacon. Et kéint ee säi Liewen awer net vun Hoffnungslosegkeet anhuele loossen. Et wier ok depriméiert an nervös ze sinn iwwer d'Liewen an Zäit. "Et huet een awer och eng zweet Stëmm, déi encouragéiert an erënnert, datt ee selwer méi grouss ass, wéi ee sech fillt."

D'Natur als Afloss

D'Verbonnenheet mat der Natur ass e wichtegt Element am Museker senger Welt. "Op engem familiären Trëppelwee duerch de Bësch ginn et ëmmer nei Saachen ze entdecken, verschidde Manéieren ze kucken. Musek funktionéiert fir mech änlech. Ech wëll nei Saachen erliewen, awer och op al Iddien zeréckgräifen"

Et wier ee jo net déi selwecht Persoun, wéi an der Vergaangenheet. Alles ännert. Eng nei Relatioun zu viregten Erliefnesser dreift dem Dan Deacon seng musikalesch Philosophie.

Verschidden Inspiratiounsquellen

Dem David Lynch säi Buch "Catching the Big Fish: Meditation, Consciousness, and Creativity" hätt e groussen Afloss op "Mystic Familiar" an hie selwer gehat. Ze acceptéieren, datt et ok ass a verschiddene Saache schlecht ze sinn, wéi Meditatioun zum Beispill. Et kéint ee sech awer lues a lues verbesseren.

Déi aner Saach, déi den Album guidéiert hätt, wieren dem Brian Eno seng sougenannt "Oblique Strategies". Kaarte mat enigmateschen an deels esoteresche Messagen, déi engem bei kreative Blockagen Denkustéiss ginn. "Wat ech doru gären hat ass, datt ech net ëmmer mat der Kaart averstane war. Mee ech hu misse mäin Desaccord justifiéieren, grad wéi mat engem anere Collaborateur am Studio. Se hu mir gehollef mäin eegene Prozess besser ze verstoen."

Imperfektiounen acceptéieren

"Mystic Familiar" gëtt eegenen Aussoen no als dem Dan Deacon seng emotionell oppenst Scheif beschriwwen. Um Album ass dem Dan Deacon seng Stëmm och déi Kéier manner an engem Effektniwwel maskéiert. D'Lyrics hate bis ewell meeschtens nëmmen eng sekundär Roll.

Vum leschten Album "Gliss Riffer" un hätt hie sech méi Zäit mat den Texter geholl, an op "Mystic Familiar" huet e versicht seng Stëmm esou natierlech wéi méiglech duerzestellen.

Mat all den Imperfektiounen, déi hie soss immens onsécher gemaach hätten. "Elo acceptéieren ech se, amplaz se ze änneren oder z'iwwerschaffen." Fréier wier hie méi vun absolutter Musek gedriwwen. Elo wier hie méi u Programm-Musek interesséiert. Mat engem Narrativ, wou eng Geschicht erzielt gëtt. "Dofir sinn d'Lyrics méi wichteg fir mech ginn an der Lescht."

Synthetesch an organesch Kläng mëschen

Den Dan Deacon ass och zemools fir seng interaktiv Live Shows bekannt. Am Studio géif hien allerdéngs och mat vill Energie un d'Aarbecht erugoen. Awer anescht. "Ob live oder am Studio ass d'Zil, sech komplett am Moment selwer ze verléieren. Datt all Zäit, an deem ee Moment kondenséiert gëtt. Datt soss näischt a mengem Geescht present ass, net eemol dee Gedanken. An datt fir e kuerze Moment ze realiséieren."

"Mystic Familiar" ass e grandiose Mix vu syntheteschen an organesche Kläng. "Dat Faszinant mat Elektronik an engem Computer ze schaffen ass, datt een eng onendlech Palette vu Kläng huet. Mee all dës Kläng hunn eng änlech Textur. Ech versichen allerdéngs esouvill Texture wéi méiglech ze notzen, ob akustesch oder elektronesch, analog oder digital, mechanesch oder mënschlech." Déi géifen en neie Goût an d'Rezept bréngen.

Mënschlech an/oder mechanesch

De mechanesche Piano huet eng grouss Plaz an der Musek vum Dan Deacon. Dëse kéint Saache maachen, déi de Mënsch net kéint, allerdéngs och net dat, wat e Mënsch ka maachen. "Hien huet d'Schéinheet vun engem akusteschen Instrument, mee d'Imperfektioune vun enger Maschinn".

D'Instrument wier vläicht méi präzis wéi e Mënsch, mee géif allerdéngs och net wëssen, wéini e Feeler gespillt gëtt. D'Informatioune gi vun engem Computer aus geschéckt. Dës kënnen allerdéngs méi séier si wéi déi physesch Kapabilitéite vum Instrument. "D'Maschinn denkt net driwwer no a léisst dem Zoufall dat lescht Wuert, wéi et funktionéiere kann." Déi lusch Imprevisibilitéit fënnt den Dan Deacon faszinant.

Et gëtt kee Mësserfolleg

Dacks wieren déi interessantsten Experimenter déijéineg, déi versoen. Et géif een nämlech vum Mësserfolleg léieren. "Meng Shows si voller Mësserfolleg. Saachen, déi net wéi geplangt lafen, gesinn ech net negativ. Meng Experimenter hunn ni en definitiivt Resultat.

Et wäert ni e Gesetz oder Beweis erauskommen. Meng Musek wäert ëmmer dës evoluéierend an onendlech Mixtur vu Saache sinn. Entweder funktionéiert et net, a gëtt domat eng nei Richtung un, oder et funktionéiert, a muss dann erweidert oder changéiert ginn."

Shows als soziaalt Event

Rezent hat den Dan Deacon en Optrëtt op der Tëlee, wou hien de Sound vu Papageien elektronesch verschafft huet. De Soundcheck wier fantastesch gewiescht. D'Papageien hätten onheemlech gutt geklongen. Mee esoubal dunn d'Opnamen ugefaang hätten, hätten d'Papageien op eemol kee Mucks méi vu sech ginn.

"Am Soundcheck war nämlech alles zimmlech lässeg a relax, an duerfir waren och d'Papageien relax. Mee esoubal d'Opnamen ugefaangen hunn, a jiddwereen am Raum ganz roueg war, sinn d'Papageien ageschüchtert ginn."

Déi Experienz hätt him bewisen, datt déi ganz Performance hätt misse relax sinn. "Et gouf kee Grond d'Performance wéi an enger steiwer Concertshall oder Kierch ze betruechten. Et huet mech drun erënnert, wéi ech meng Shows gären hätt. Keng seriö oder roueg Atmosphär, mee e sozialen Event."

Mystic Familiar ass den 31. Januar bei Domino Records erauskomm.