Radioen

On air

De Weekend  |  Raphael Saadiq - Body Parts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles anescht wéi deelentramt a fettaarm

Three Futures vun Torres

Alles anescht wéi deelentramt a fettaarm

Eng staark Fra mat enger Gittar, Genderpolitics an eng säfteg Attitüd, déi an hirer Vehemenz am Rockgeschäft vun 2017 hiresgläichen sicht. Genee dat liwwert d'Torres mam Album "Three Futures".

auto_stories

3 min

1980 schwätzt vum Mackenzie Scott nach keen. Net emol hir Elteren. Ma den amerikanesche Label 4AD fänkt awer scho mol un, Musek ze releasen.

Mir sprangen an den Oktober am Joer 2017. D'Singer-Songwriterin Mackenzie Scott alias Torres ass elo offiziell Deel vun der 4AD Famill, déi an der bal 30 Joer aler Labelgeschicht Kënschtler wéi Bauhaus, d'Cocteau Twins a méi rezent Grimes a Future Islands bei sech opgeholl huet. Mat "Three Futures", hirem drëtten Disque, ass dat elo och der Musekerin aus dem Florida gegléckt.

Eng nei a spannend Richtung

"I am not a righteous woman / I'm more of an ass man / And when I go to spread / It's just to take up all the space I can".

Dat ass emol eng Uso. Sou heescht et um véierten Track "Righteous Woman". D'Been ausernaner a Plaz gemaach fir d'Torres. Déi Ideologie ass bei dëser Kënschtlerin op villen Niveauen ze verstoen. Natierlech mécht si dat als alleréischt emol mat hirem Sound, deen eng nei a spannend Richtung anhëlt. D'Gittar, déi op hiren éischten zwee Disken ("Torres" a "Sprinter") predominant war, hëlt hei eng gläichgestallten, sober Plaz an.

Dat ganzt nieft dem Sound vu Synthesizer an Drummachine, där hir Keelt gären ervirgestrach ginn. Opgepasst, d'Torres leet do eng Fal. Kleng Randnotiz: Den Adrian Utley vu Portishead huet seng Hänn bei de Synthkeys geléint an de Rob Ellis, Weebegleeder vum PJ Harvey zënter Dry, huet sech un d'Koproduktioun vum Disk gemaach.

Duerstellung vum Fraekierper

Dee Wee, deen d'Torres hei aschléit, korreléiert interessanterweis mat deem vum St. Vincent. Do kënnegt sech mat "Masseduction" och en neien, laang erwaarten Album un. D'Pochettë vun deene rezente Wierker vun deenen zwou Musekerinne sinn an hirer Attitüd oder Ausso ähnlech opzehuelen. Si weisen allebéid, wéi de Fraekierper sexuell duergestallt gëtt. Net hiren eegene Kierper, mä dee vun anere Fraen. Genderpolitesch héich programmatesch.

Vum Video fir de Song "Skim" guer net ze schwätzen. An deem Kontext ass e super Artikel ze recommandéieren, deen d'Sascha Geffen geschriwwen huet. En Artikel iwwer subvertéiert sexuell Rock-Archetypen, déi natierlech vu Männer Joerzéngte laang gefleegt gouwen. Natierlech am Rock. Do dogéint stelle sech elo zwou Frae mat hire Gittaren dohinner. Wéi gesot, och d'Torres.

Wäermt hannert der Keelt

Hannert där Keelt am Sound verstoppt sech awer eng enorm Wäermt. Virun allem an de Lyrics.

"To be given a body / Is the greatest gift"

Esou heescht et um leschten Titel. Ier d'Torres awer zu där Konklusioun kommen dierf, beschäftegt si sech tatsächlech mat hirem Kierper, hirer Relatioun dozou an der Relatioun vun eben deem Kierper an anere Leit. Et geet ëm Onsécherheeten, d'Néierleeë vun deenen Onsécherheeten an de Versuch, mat sech an d'Rengt ze kommen. Et geet och vill ëm Sex a Loscht an d'Assuméiere vum Anescht-sinn. Vill Artikele beschreiwen d'Atmosphär vum Disk "Twin-Peaksesque" oder "Lynchianesch", wann dat engem hëlleft.

"There's no unlit corner of the room I'm in / I'm only the skim of what has already been / I know every tense in which I cannot exist."

Wann "Three Futures" déi deel-entramten, fettaarm Versioun vum Torres ass, dann dierfe mir eis op déi 3,5 Prozent-Fettgehalt Torres-Mëllech freeën. Mir gi gären a senger Luucht, egal a wat fir enger Kummer.