Radioen

On air

Kultur um 5  |  Magnus & John - Snowbirds EP

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Alles richteg gemaach

Musek

Album vun der Woch: Alles richteg gemaach

Och wann den Titel vun hirer neier Plack eppes aneres suggeréiert, sou huet d'Sharon Van Etten och mat hirem sechsten Album "We've Been Going About This All Wrong" nees op ganzer Linn ofgeliwwert. Op dem neie Wierk zementéiert si hire Status am Indierock.

auto_stories

3 min

Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sharon Van Etten gëlt no enger Dose Joeren am Museksbusiness als Instanz an als Inspiratioun fir sëlleg aner Museker:innen. Si steet fir Integritéit a Qualitéit an huet hire Songwriting iwwert d'Joren esou verfeinert, datt all Toun sëtzt.
2018 hat si mat hirem 5. Album "Remind Me Tomorrow" de groussen Duerchbroch. Tracks wéi "Seventeen" an "Comeback Kid" hunn deemools mat hirem wueldoséierte Springsteen-Pathos een Nerv getraff. Déi nei Plack "We've been going about this all wrong", wat sou vill heescht wéi "Mir sinn déi Saach ganz falsch ugaangen", knäppt musikalesch genee do un.

Anxiogen Zäiten

Um Cover vun der neier Plack gesäit een déi 41-järeg Amerikanerin virun hirem Haus a Kalifornien. Am Hannergrond brennt et faarweg a konfus. An den Texter erzielt d'Sharon Van Etten dann och, wéi si déi anxiogen Zäiten tëschend Pandemie, existenzbedrohende Bëschbränn an der Verantwortung als fräischaffend Mamm vun engem klenge Jong erlieft huet. Hei bleift si am Verglach zu de viregen Alben awer méi vague a manner anekdotenhaft. Hir immens räich an nuancéiert Stëmm, déi sech och an den äthereschen Héichte wonnerbar zu hirem dramatesche Markenzeechen-Tremolo entwéckelt, ass um éischten Toun ze erkennen.

En holistescht Lauschter-Erliefnis

Hir nei Plack "We've Been Going About This All Wrong" huet d'Sharon Van Etten zesumme mam Daniel Knowles produzéiert. Am Virfeld vun der Verëffentlechung gouf et zwee Lidder als Appetizer, déi sech allerdéngs net op dem Album befannen. D'Sharon Van Etten huet sech bewosst géint eng Single-Auskopplung decidéiert, fir hire Fans eng méi holistesch Lauschter-Erfahrung vun der Plack als Gesamtwierk ze erméiglechen.

An effektiv huet den Album ee Spannungsbou an eng Villfalt, déi een hautdesdaags dacks vermësst. D'Sharon Van Etten verléisst sech hei op hir Stäerkten: Extreem zolitte Songwriting, dee vun enger gewësser Zäitlosegkeet gepräägt ass, an eng Leidenschaft, déi zu all Moment spierbar ass. Eng einfach Melodie gëtt peu à peu zum Arena-tauglesche Stadion-Sound opgeblosen, deen op der Klimax d'Euphorie iwwerschwappe léisst.

K(l)eng Experimenter

Och wa vill Stécker no dëser sécherer Formule opgebaut sinn, traut sech d'Sharon Van Etten och, an nei Richtungen ze experimentéieren. Esou sinn d'Tracks "Headspace" a "Mistake" duerch den Asaz vun Synthesizer resp. UpTembo-Beats ganz danzbar geroden, wärend sech de Gros vun de Lidder awer éischter am Slow- bis MidTempo-Beräich ophält.

Eng "valeur sûre"

Och wann d'Produktioun plazeweis en Tick ze geleckt a liicht driwwer ass, huet sech d'Sharon Van Etten hei rem e klengt Monument vun enger Plack gezëmmert. Net ëmsoss gëtt si als "valeur sûre" vum Indie-Rock gehandelt. Et ass impressionant, wann ee mol Revue passéiere léisst, wéi vill grandios Lidder si an e bësse méi wéi enger Dekad erausbruecht huet. Och déi nei Plack "We've Been Going About This All Wrong" bitt rëm eng Rei Kandidaten, déi sech problemlos an des entretemps laang Lëscht anuerdne loossen. An deem Sënn kann een der Sharon Van Etten nëmmen äntweren: Du hues och dës Kéier nees alles richteg gemaach.