Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Americana aus der Steiermark

Folk

Americana aus der Steiermark

An där kaler Joreszäit brauch ee waarm Musek. Zum Beispill den Album "The Universe" vu Ratrock Tot Sint Jans. Den Éisträicher mam bizaren Numm mécht Musek, déi een als Weird Folk ka beschreiwen.

auto_stories

2 min

Hannert dem bizare Kënschtlernumm Ratrock Tot Sint Jans verstoppt sech de Patrick Möstl, e Museker aus dem steiermärkesche Graz. De Mann fréckelt sech zënter enger ganzer Rëtsch vu Joren derduerch. Elo presentéiert hie säin neit, véiert Wierk "The Universe". Wäit ewech vun Austropop à la Wanda mécht de Möstl op knappe 29 Minutte Musek, déi den Universum bedeite soll. Modest, wat hie wëllt.

Mat ënnert anerem Rousen op der Pochette, enger décker Jackett an der akustescher Gittar, gëtt et bei dësem Album dach waarm ronderëm d'Häerz. Grad elo, wou d'Deeg kuerz sinn an et dobausse kal, wéi eng Biischt ass, ass e bëssi Wäermt duerchaus wëllkomm. Ier et cosy a waarm däerf ginn, muss ee sech véier an hallef Minutten duerch d'Universum a Richtung Hippiestuff maachen. Ee vu Korg a Vermona ausstafféiert Synthie-Universum, dee sech permaverännert. Eréischt duerno kann ee beim "Sweetheart of the Rodeo" ukommen.

Op der Juegd mam Neil Young

Dësen Universum, a sengem stännege Verännerungszoustand, ka sech ouni grouss Schwieregkeeten an de musikaleschen Universum vum Grazer Möstl transponéieren. "Fear of the Dark" kléngt, wéi wann den Éisträicher nieft dem Michelle Shocked beim Lagerfeier souz an do de Song mat sengem Tascam Apparat opgeholl hätt. Op der zweeter Face léisst de sechs-Minutte-Song "The Odd Kid from Beyond" eng Flütt duerch d'Loft huschen, ier eng Neil Youngesch Gittar sech op d'Juegd no dëser Flütt mécht.

Op anere Songs ginn Effekter aus dem Ableton erausgeholl, dann héiert ee Field Recordings an da kommen nach emol d'Synthien zum Asaz a loossen douce d'Songs mat der Gittar ausfaden. Et rauscht a knistert viru sech hin. Dem Möstl seng Lidder, déi hie mat Kollegen agespillt huet, suivéieren Jam-méisseg eent op dat anert. Si wéckelen een an, an doen een d'Verspilltheeten appreciéieren, déi an allen Ecken opdauchen. Dat huet vläicht net déi grouss musikalesch Tightness vun anere Folk-Kënschtler, ass awer dofir fräi vun alle Pretentiounen.

Museksjournalisten drécke gäre Stempelen op. An den USA nennt een dës Musek anscheinend Weird Folk an zu München New Weird Bavaria. Ratrock Tot Sins Jans schwätzt vu Styrian, steieresch Americana. Eng liicht Ironie ass do schons z'erkennen. D'Freed um musizéieren ass den A an O. "The Universe" däerf dowéinster bei allem Geste a Richtung Album och einfach just als Momentopnam am Musekerliewe vum Patrick Möstl verstane ginn. Senge rezente Postings-Aktivitéiten op de soziale Netzwierker no, gëtt schonn um nächsten Album gebastelt.