"Ech trennen d'Batterie vun den elektroneschen Instrumenter a benotzen déi zwee dann als Elementer vun engem klengen Orchester", sou den Andrea Belfi. Säi Klang géif hien net vill beaarbechten. Den natierlechen Toun vun der Batterie soll erausstiechen. Heiansdo géif hien awer en Delay-Effekt benotzen.
Eng minimalistesch Approche, déi vill Fräiheet erlaabt. "Ech kann d'Stécker all kéiers der Situatioun, dem Publikum upassen. Ech kann d'Lidder sou formen, wéi ech se am Moment spieren." Dobäi spillt Dynamik eng zentral Roll. "Wann de Publikum roueg ass, da kann ech och immens lues spillen. Wann net, da kann ech immens haart spillen".
Wann hien iergendeen anere Museker kéint sinn, da wier et den Ennio Morricone. "Hien huet eppes Eenzegaarteges erfonnt. Orchestral Musek, déi no allem ausser engem Orchester klénge kann." Dat wier accessibel a gläichzäiteg immens louche an experimentell. Musek, déi hirer Zäit viraus war. D'Zäitlosegkeet verbënnt den italienesche Museker mat dësem Komponist. An där versicht den Andrea Belfi a senger Musek op d'Spur ze kommen.
De 7. Mäerz war den Andrea Belfi fir e Concert an de Rotonden.
Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Museker: