Radioen

On air

De Moien  |  Editioun vun 8h15

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Typeschen Arca-Sound, mee keen "easy listen"

Arca - KiCk i

Typeschen Arca-Sound, mee keen "easy listen"

D'Kënschtlerin Arca ass als Produzentin hanner Stars ewéi Björk, Kanye West oder FKA Twigs bekannt. Mat "KicK i" presentéiert si lo hire chaotesche Popentworf, dee vun haardem Reggaeton bis schmalzege Balladenmusikalesch alles ofdeckt.

auto_stories

3 min

Den Challenge fänkt schonn bei der kryptescher Schreifweis vum Titel un: "KiCk i" oder awer "KiCk 1"? Wei genau een den neien an mëttlerweil véierten Album vum Arca ausschwätzt, wosst ufanks kee sou genau, bis d'venezuelanesch Kënschtlerin annoncéiert huet, et wier den éischten Deel vun enger Serie vun insgesamt véier Alben. Als Metapher fir d'Sich no der eegener Identitéit an Ofgrenzung zu deenen aneren bezeechent d'Arca déi geplangten Tetralogie. En Opruff géint d'Oppressioun vum Kategoriséieren, e "Kick" géint schematesch a binär Denkweisen.

Dobäi ass "KiCk i" méi wéi en Ufank vun engem Prozess, et ass villméi eng schounungslos direkt Manifestatioun vun enger identitärer a klanglecher Metamorphose. De Virgängeralbum "Arca" vun 2017 war vun enger melancholescher Trauregkeet duerchzunn, déi an all Otemzuch vum deemools nach männlechen Kënschtler ze héieren war. "KiCk i" ass elo den éischten Album no der perséinlecher Transformatioun an zelebréiert d'Arca als néi Diva vum Avant-Partypop.

"KiCk i" ass net nëmmen d'Emanzipatioun vu binären Geschlechterrollen, et ass och e kënschtlerescht Statement géint der Arca hiren Image als Starproduzentin. Kanye West, FKA Twigs, Björk oder Frank Ocean - fir si all souz d'Arca schonn hanner dem Mëschpult. Hier eege Produktioune kruten awer am Verglach a komplett zu Onrecht däitlech manner Opmierksamkeet.

Den neien Album ass de Versuch, sech elo selwer op den Poptroun ze hiewen, kléngt awer mat Momenter souguer eng Grëtz ze vill no musikaleschem Egotrip. An awer bléift um Disque genuch Fräiraum fir Gäscht, dorënner d'brittesch Kënschtlerin SOPHIE, d'Flamencopopsensatioun Rosalia an notamment d'Björk, déi op "Afterwards" iwwerraschend op Spuenesch ze héieren ass.

Wäit ewech vun enger "easy listening" Expérience.

Bei aller Pop-Prominenz sinn et awer virun allem d'Solostécker, déi erausstiechen. D'Arca presentéiert hei e Mix aus Glitch-Pop, Reaggeton, Rap, Ambient an metalleschen Beats, esou schaarf a kanteg, datt se all Klangtexturen zerdeelen. "KiCk i" ass sécherlech deen zougänglechsten Arca-Album bis elo, an awer wäit ewech vun enger "easy listening" Expérience.

Phaseweis kollabéieren d'Songs aneneen an et huet een d'Gefill, d'Arca fënnt selwer net méi de Wee aus dem Klanglabyrinth, dat si gebaut huet. Wat den Album zesummenhält, ass virun allem den typeschen Arca-Sound, deen tëschent organeschen Kläng an syntheteschem Chaos oszilléiert an dëst alles bis zur Onkenntlechkeet verzerrt.

Am Februar nach hat d'Arca "@@@@@" released, eng 62-Minute laang Single, déi awer éischter no intergalakteschem Radiomixtape klengt. D'Arca inzenéiert sech op dëser als "Diva Experimental" an liwwert eng vun den innovatisten an facettëräichsten Kompositiounen aus hirer Karriäre. Am Verglach, ass "KiCk i" däitlech méi Mainstream-Pop an wäert sécherlech e puer Fans virun de Kapp stoussen. Mä och dat gehéiert zur Metamorphose, déi d'Arca mam neien Album weiderdreift.