Radioen

On air

Resonanzen  |  Johannes Brahms (Original Versioun rekonstruéiert vum Jorge Rotter) - Sérénade Nr.1 a Ré Majeur, Op. 11, IV. Menuetto I - II - Coda - Linos Ensembel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arthur Russell - Iowa Dream

Album vun der Woch

Arthur Russell - Iowa Dream

Et ass mëttlerweil 27 Joer hier, datt den Arthur Russell dës Welt verlooss huet. Mee säi musikaleschen Universum entfaalt sech ëmmer nach weider. "Iowa Dream" ass dat neit Kapitel, dat säi kreative Geescht dokumentéiert. Den Jamie Reinert ass begeeschtert.

auto_stories

2 min

https://arthurrussell.bandcamp.com/album/iowa-dream

Den Arthur Russell huet wärend sengem Liewen ni richteg den Duerchbroch gefeiert. Zanter sengem Doud gëtt et allerdéngs ëmmer méi kloer, wat fir en eenzegaartege Museker de Mann vun Iowa war. "Iowa Dream" ass déi néngte Kompil mat bis ewell onverëffentlechtem Material, déi posthum erauskoum, a se dokumentéiert virun allem seng zaart a verspillte Säit. Mat gréisstendeels Momentopnamen, déi ganz am Ufank vu senger Carrière, Mëtt de 70er, entstane sinn.

Breede musikalesche Spektrum

De musikalesche Spektrum, mat deem den Arthur Russell sech auserneegesat huet, ass onwarscheinlech. Vun enger hyper stereotypéiert Pianos Liebesballade wéi "You Are My Love", déi iergendwéi tëschent Elton John a Randy Newman sëtzt, geet et eriwwer op avant-gardistesche Spoken Word a Funk op "Barefoot In New York". Den Hank Williams héiert een donieft op simpele Lidder wéi "I Never Get Lonesome" oder "Words of Love" eraus. Den Arthur Russell hat eng onschëlleg an direkt Approche, déi ustiechend ass. An déi réi Opnamen erméiglechen engem richteg no beim Museker ze sinn. A sengem Schlofzëmmer virum Kassetterecorder. Bei der onfiltréierter Source vun der Kreativitéit.

Ee koherent Wierk

Mat sengem naiven Éiergäiz huet hie kloer gemaach, datt et wierklech egal ass, wat fir eng Qualitéit vun Instrument, Verstäerker, Mikroen an esou virun een huet. D'Iddie si wat zielt. An där hat den Arthur Russell méi wéi eng an huet se a sengem Liewe verschaffe kënnen. Den amerikanesche Museker Peter Broderick huet d'Stécker op "Iowa Dream" restoréiert a gemixt. An engem Interview am Papperlapop um radio 100,7 ufanks dës Joer hat hie gesot, datt an den Arthur Russell Archiven nach enorm vill ze entdecke wier. "Iowa Dream" ass e koherent Wierk mat engem direkten Abléck an déi verschiddenste Facette vun der Persoun. Onberechenbar a lieweg, wéi den Arthur Russell selwer.