Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - In Care Of 8675309

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arthur Verocai - Na Boca do Sol

SAMPLE VUN DER WOCH

Arthur Verocai - Na Boca do Sol

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Den Arthur Verocai ass 1945 zu Rio de Janeiro gebuer. Hien ass e brasilianesche Jazz Komponist, Sänger a Produzent. Säin éischten Album koum 1972 eraus.

Wärend dem Ophuele vun dësem Album huet hien anscheinend massiv vill amerikanesche Funk a Rock gelauschtert, wéi zum Beispill Frank Zappa oder David Axelrod. Dat Ganzt mëscht hie mat senge brasilianeschen Aflëss, an erauskoum dat heiten: eng verdreemten a feierlech Klangkreatioun. Leider hat den Album bei senger Sortie guer kee Succès a war a Brasilien en nationale Flopp.

En huet 30 Joer laang an der Poubelle verbruecht. De Verocai seet vu sengem Album, e wier säi "sleeping giant" gewiescht. Den Verocai huet sech souguer professionell missten an d'Pub rekonvertéieren. Dat heescht, hien huet e gudden Deel vu sengem Liewen domadder verbruecht, Jingele fir Reklammen ze schreiwen.

Bis zum Joer 2000, wéi verschidde Beatmaker den Album zu neiem Liewen erwächt hunn. Madlib, MF Doom, Little Brother oder nach vill anerer hunn Deeler vu sengem Album gesampelt. Den Album huet doduerch direkt u Wäert gewonnen an d'original Pressung gouf bis zu 2.000 € op Internet verkaf!

En éischt Beispill vun der Utilisatioun vum Sample ass vum MF Doom, oder besser gesot vum Metal Fingers. Säi Lidd heescht "Orris Root Powder" war ze fannen op der Kompilatioun "Special Herbs Volume 9". Den MF Doom huet anscheinend d'Plack zesumme mam Madlib wärend enger Vakanz a Brasilie fonnt. Engem Interview mam Verocai bei der Redbull Music Academy no huet den Doom de Sample awer illegal benotzt a krut liicht Problemer dowéinst.

De Ludacris huet och e Lidd domadder gemaach, an zwar "Do The Right Thing feat. Common & Spike Lee".

Dat war ze fannen um Soundtrack vum Spike Lee sengem Film. D'Produktioun ass vum mageschen 9th Wonder. Hie mëscht den Tempo hei just e bësse méi séier. De Verocai gëtt am selwechte Redbull Interview zou, souguer richteg Fan vun dësem Lidd gewiescht ze sinn.

Dem DJ Spinna seng Grupp Polyrhythm Addicts huet de Sample och benotzt, an zwar um Lidd "Zonin' Out". Dat war ze fannen um Album "Break Glass" vun 2007. D'Rapperin heescht Apani B Fly MC an dem DJ Spinna seng downtempo House Aflëss sinn hei däitlech um Beat ze erkennen.

E méi zäitgenësseschen Track bidden d'Grupp Keys N Krates.

Dat sinn dräi Beatmaker aus der Stad Toronto a Kanada. Si produzéieren eng modern Festival Hymn mat hirem Lidd "Inicio". Dat war ze fannen um Album "Cura" vun 2018.