Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausdrécke wat net gesot gëtt

Musek fir ze kucken

Ausdrécke wat net gesot gëtt

2013 krut den David Ianni vun der Associatioun Stëmm vun der Strooss den Optrag d'Musek zum Dokumentarfilm "Follow me Home" vum Vito Labalestra ze schreiwen. Et sollt eng zerbriechlech Musek ginn, déi d'Gefiller verstäerkt déi de Film ausléist.

auto_stories

3 min

Et war déi éischte Kéier datt den David Ianni eng Filmmusek komponéiert huet. Foto: Monika Schulz-Fieguth

Et war fir de Museker déi éischte Kéier, datt hien eng Filmmusek komponéiert huet. D'Zesummenaarbecht mam Vito Labalestra wier duerch Zoufall entstanen, erënnert sech den David Ianni. Déi zwee géing eng laang Frëndschaft verbannen. Wéi de Vito Labalestra e Museksclip fir de Pianist gemaach huet, huet hien e gefrot, ob hie wéilt d'Musek fir de Film komponéieren.

"Ech krut schonn dacks gesot, datt meng Musek gutt bei Filmer passt. Dofir hunn ech mer gesot: Firwat net einfach deen Defi unhuelen?" D’Resultat ass eng meditativ Musek, déi d'Liewensgeschichte vun de Sans-Abrisen ënnersträicht.

Et geet ëm dat wat net gesot gëtt

Am Documentaire "Follow me Home" schwätze verschidde Sans-Abrisen iwwert hirt Liewen. Et sinn traureg Geschichten, déi schwéier mat Wierder ze beschreiwe sinn. Den David Ianni huet sech vill un deem inspiréiert, wat d'Sans-Abrisen net gesot, mee op eng aner Manéier ausgedréckt hunn. Zum Beispill duerch hier Blécker "Ech hu probéiert eraus ze héieren, wat si tëschent den Zeile soen." De Museker wollt d'Gefiller, déi d'Interviewe bei him ausgeléist hunn, musikalesch ënëmsetzen.

"Universell Gefiller"

Besonnesch beréiert war den David Ianni vum Temoignage vum "George", engem Amerikaner, dee vu senge Kanner erzielt. Dobäi hätt hien e Liichten a sengen Aen, esou den David Ianni. Et géing ee richteg mierke wéi frou hie mat senge Kanner wier. "Dat sinn universell Gefiller. Déi huet een, egal a wéineger Situatioun een ass. Ob een e räiche Bankdirekter ass oder e Mënsch, deen alles verluer huet." Dat hätt den David Ianni esou beréiert, datt hien eng Musek dorop geschriwwen huet. "D’Musek soll d’Gefill vun der Léift zu de Kanner verstäerken", erkläert den David Ianni.

De Komponist huet probéiert der Musek eppes Zerbriechleches ze ginn. "Déi Leit, déi am Film iwwert hier Situatioun schwätzen, weise sech vun hirer vulnerabeler Säit." Dat soll d'Musek ënnersträichen.

D'Lisa Berg um Cello

Beim Soundtrack gëtt den David Ianni vum Lisa Berg um Cello begleet. Och déi Zesummenaarbecht wier spontan entstanen, erënnert sech de Pianist. "Ech wollt nach eng aner Klangfaarw derbäi hunn. Do hunn ech direkt missen un d'Lisa denken." Déi zwee Kënschtler kenne sech zënter laangem an hu scho méi dacks zesumme geschafft. "Duerch seng Manéier ze spillen huet d'Lisa d'Musek déi ech geschriwwen hu beaflosst." Di jonk Cellistin schreift selwer och Musek.

No "Follow me Home" huet de Réalisateur Vito Labalestra e Film iwwer omega90 mam Titel "Regarder le soleil en face" gedréit. D'Musek fir dësen Documentaire huet d'Lisa Berg zesumme mam David Ianni geschriwwen. D'Kompositioun "Hope" staamt zum Beispill aus hirer Fieder.

Den Documentaire "Follow me Home" vum Vito Labalestra:

"Hope" vum Lisa Berg:

Hei geet et op aner Emissiounen aus der Serie "Musek fir ze kucken".