Radioen

On air

Notturno  |  Mary Halvorson - Night Shift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ballad of Easy Rider - The Byrds

Déjà Vu

Ballad of Easy Rider - The Byrds

Am Summer '69 gëtt de Film "Easy Rider" Kult fir eng ganz Generatioun. Een Titel vum Soundtrack kënnt vun The Byrds. D'Amerikaner publizéieren Enn Oktober vum selwechte Joer e ganzen Album, deen op der Erfollegwell vum Film matschwëmmt.

auto_stories

5 min

"Easy Rider" - do spëtzt een dach direkt d'Oueren: den Erfollegsfilm aus dem Summer 1969 ass haut nach ëmmer a war deemools schonn e kräftegt Verkafsargument fir alles, wat nach no dem Biker-Trip vum Duo Peter Fonda/Denis Hopper op de Maart sollt kommen.

Och d'Byrds hunn domadder ze dinn, ass d'Band dach mam zéngten a leschten Titel um offizielle Sountrack-Album vertrueden. Den Titel: "Ballad of Easy Rider" ass eigentlech manner eng Performance vum Grupp, mee éischter eng vum Frontmann Roger Mc Guinn, just ënnerstëtzt op der Harmonika vum anere Byrds-Museker Gram Parsons.

Easy Rider- e gudde Brand

Wat louch also méi no, wéi nach eng Grëtz weider op der Erfollegswell vum Begrëff "Easy Rider" matzeschwammen a vun deem senger Popularitéit ze profitéieren. Allerdéngs: ausser dem Titelsong - deen an enger anerer, vill méi opwänneger Versioun wéi am Film - huet de Byrds-Album net esou vill mam Roadmovie a sengem deemolege Liewensgefill ze dinn, wéi de Begrëff vum Kultfilm et suggeréiert. Véier vun den zéng Titele kommen aus der Fieder vun de Bandmemberen, sechsmol gëtt op Coveren zeréckgegraff.

E bekannten Numm daucht bei de Coverversiounen op, déi een um Byrds-Album fënnt: dee vum Bob Dylan. Hie gëtt hei, anescht wéi am Filmalbum, offiziell an de Credits beim Titelsong geféiert ... am Summer nach wollt den Dylan näischt mam Lidd ze dinn hunn. Hien hat déi véier éischt Zeile vum Text op e Blat gekritzelt an dem Peter Fonda dat als Beitrag fir en Titel ginn - e ganze Song wollt hien net schreiwen.

De Fonda gëtt dësen Textufank un de Mc Guinn vun de Byrds weider, deen domadder en Ufank fir seng Kompositioun huet. Allgemeng ass bekannt, datt de Bob Dylan net onbedéngt e Risefan vun der Hippie-Beweegung war a sech wuel och net esou richteg konnt mat der Ausso vum Film identifizéieren.

Merci Bob!

De Byrds stëft den Dylan eng weider Kompositioun vun him: "It's All Over Now Baby Blue". Dat hat hie schonn am Joer vun der Titelsortie, 1965, gemaach, du fir dem Van Morrison seng Band Them - en Hit fir déi. D'Nei-Interpretatioun vun de Byrds - eng Zort Trip am Slow motion Tempo - kritt éischter den zweete Präis a Saache Popularitéit.

E Stéck Bob Dylan ass net eréischt mam Album "Ballad of Easy Rider" vun de Byrds ze fannen: fir d'Band ze lancéiere gëtt hien de Museker Mëtt de Siechzeger säin Titel "Mr. Tambourine Man" - eng spartanesch Nummer um Dylan sengem Album "Bringing It All Back Home" ... an der iwwerschaffter Versioun bis haut een Dauerhit fir d'Byrds, woubäi speziell déi vum Roger Mc Guinn gespillte Rickenbacker-Gittar an den Harmoniegesang beandrocken.

D'Byrds stinn op Coveren

De Ballad-Release gëtt mat engem ale Bekannte vun der Grupp produzéiert, dem Terry Melcher, dee schonn déi bis dato erfollegräichst zwee Albume vun der Band geleet hat, "Mr. Tambourine Man" an "Turn Turn Turn !"- dat eng weider Coverversioun, déi d'Grupp bekannt mécht, am Original vum Folkaktivist Pete Seeger gesongen an interpretéiert. De Melcher kennt sech deemno aus mat Byrds-Neiinterpretatiounen - a muss scho bal noutgedrongen op esou eng zeréckgräifen, well d'Zäit drängt an de Begrëff "Easy Rider" soll ausgeschluecht ginn ... ausserdeem schafft de Bandkapp Mc Guinn parallel un enger Popversioun vum Henrik Ibsen sengem klassescher Wierk "Peer Gynt".

Bleiwe mir bei de Friemkompositiounen um Album "Ballad ff Easy Rider": eng weider sollt e puer Joer méi spéit en décken Hit ginn ... net fir d'Byrds, mee fir d'Doobie Brothers: am Original war dat 1966 e klengen Hit fir den Auteur Arthur Reynolds a seng Formatioun The Reynold Singers.

D'Versioun vun de Byrds kënnt net terribel gutt un, och wa se als Single erauskënnt - si erreecht esou just Top 100. Et ass fir si déi zweet Auskopplung, niewent dem Titelsong. D'Veraarbechtung duerch d'Doobie Brothers op deenen hirem 72er Album "Toulouse Street" wäert vill méi erfollegräich sinn.

Countryrock an Zäitgeescht

Um Album "Ballad of Easy Rider" bleiwen d'Birds hirem Stil trei, eng Mëschung aus Folk, Country an enger klenger Schëpp Rock ... zimlech amerikanesch dat Ganzt. De representatiivsten Album fir dëse Countryrock made in the USA ass hiren 1968er Release "Sweetheart of The Rodeo", wou niewent elektresche Gittaren och ganz traditionell Instrumenter zum Asaz kommen, wéi Fiddel oder Banjo. An da sinn et ëmmer nees och Aflëss vu baussen, déi dobäi kommen, déi omnipresent Beatles, Indien an d'Sittar ginn in, och de psychedelic Afloss daucht op.

De ganzen Album kritt besonnesch an de States gutt Kritiken, ouni dofir awer bis uewen an d'Charts ze kommen. Vläicht ass dach bei deem engen oder aneren eng gewëss Enttäuschung do: wou "Easy Rider" dropsteet, ass an dësem Fall just eng kleng Portioun "Easy Rider" dran - d'Kompositioune vun de Bandmembere sinn ënner Zäitdrock entstanen, e puer Deeg méi hätten den Arrangementer gutt gedoen. Well Eegekompositioune wéi "Fido" oder dat hippieskt "Gunga Din" hunn hiren 1969er Charme.

D'Kritik, den Album géif eng Grëtz Etiketteschwindel bedreiwe mam Begrëff easy Rider, kann een entgéinthalen, datt d'Byrds en dach zimlech ofwiesslungsräichen Album virleeën, mat gudde Gittaren, speziell vum Clarence White, mol engem onerwaarte funky Song wéi "Fido", dem nei iwwerduechten Titeltrack a relaxem Countrysound, deen den Terrain fir de Countryrock-Genre schlechthin virbereet. A mat "Gunga Din" war eben och den deemools ugesoten Hippiesound mat psych-Aschlag dobäi. Am Ganze koumen eng 33 Minutte Musek fir dësen Album zesummen.