Radioen

On air

De Weekend  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Balsam fir d'Séil

Whitney - Forever Turned Around

Balsam fir d'Séil

Eng nei Woch, an domadder och en neien Album vun der Woch. Déi Kéier eppes zimlech Ronnes, erausgepléckt vum Jamie Reinert. Leschte Freideg koum nämlech deen neie Whitney Album eraus, "Forever Turned Around".

auto_stories

2 min

Subtilitéit a Séisst stécht an hire Fangerspëtzen. Déi zwee Käpp vu Whitney - den Julien Ehrlich an de Max Kakacek, sinn 2016 um amerikaneschen Indie Circuit opgedaucht. Mat engem immens geschmeidegen an onschëllege Pop-Soul Sound.

Déi vill Concerten zanterhier, an déi ongewéinlech Existenz op Tournée, hunn déi zwee Nerds vu Chicago nach méi zesummegeschweesst. "Forever Turned Around" zelebréiert Frëndschaft an all hire Facetten. An d'Stécker sinn nawell häerzlech produzéiert.

Dem Julien Ehrlich seng Stëmm ass liicht a kloer. Seng fragil Melodië goufe wéi um Debut schuckeleg agepaakt an arrangéiert. Et wéilt ee bal feel good music soen, mee dat gëtt hirem Asaz op hirer zweeter Scheif net gerecht.

Emotional, mee ouni Pathos

Op "Forever Turned Around" héiert ee Musek, déi schmunzelen deet. Och wa se net frontal ass, geet se dofir de schlechte Gefiller awer net aus dem Wee. Häerzwéi an Einsamkeet gi mat Liichtegkeet vertount. Bléiser, déi defteg an eenheetlech spillen, d'Emotiounen opwullen, ouni dobäi pathetesch ze ginn. A Straicher, déi mat enger ähnlecher Sensibilitéit d'Musek ophiewen.

Um Opener "Giving Up" ëmwéckelt den onëmgängleche Wurlitzer dem Ehrlich säi Gesang. Dréchen akustesch Gittaren-Akkorde leeden déi séiss Ballade "Before I Know It". Et héiert ee vill holzeg a waarm Téin eraus. Aus der Bass-drum, dem dompege Bass, de verwässerte Keys. D'Resultat ass op alle Fall ënnerdriwwen a luet an.

Whitney ass och eng Band, déi vun engem Batteur, dee séngt, gefront gëtt. An den Julien Ehrlich gëtt dem Levon Helm an Dennis Wilson gerecht. Seng zeréckhalend Attitüd erméiglecht de villen anere Kläng sech ze entfalen.

Op "Forever Turned Around" krut d'Band Hëllef vu Produzente wéi den Jonathan Rado vu Foxygen oder de Brad Cook, dee vill mat Hiss Golden Messenger oder mam William Tyler zesummeschafft.

Schlussendlech ass Whitney awer erëm zeréck op Chicago gaangen. Hir Heemecht an do wou och hir éischt Plack entstanen ass. An de Sound ass deementspriechend familiär. 60s Soul, 70er Folk-Pop, an eng bescheiden Indie-Attitude sti weiderhin um Programm. Déi zwee Hären aus der lëfteger Stad hunn net enttäuscht. "Forever Turned Around" ass Balsam fir d'Séil.