Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Duettino Nr.21, "Canzonetta sull aria", aus 'Le nozze di Figaro, K.492' (Oper) - G. Schultz (S.), S. Easthope (S.). Kammerakademie Potsdam, A. Manacorda (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beatles fir ënner de Beemchen

Beatles For Sale – The Beatles

Beatles fir ënner de Beemchen

An der lukrativer Zäit viru Chrëschtdag 1964 sinn d'Beatles omnipresent - an de Medien, an den Charts an an de Plackebutteker. A maache mat wéineg Eegekompositiounen masseg Recette!

auto_stories

4 min

D'Zäit viru Chrëschtdag vum Joer 1964: do ass ee matzen an der Beatlemania, der Euphorie an Verrécktheet ronderëm d'Beatles. Déi véier vu Liverpool sti ganz uewen an der Museksbranche: hire Film A Hard Days Night fëllt d'Kinossäll, d'LP mam selwechte Numm ass Nummer 1 an den USA an an England a mat dem Album Beatles For Sale kënnt Ufank Dezember schonns de véierten Album bannent 18 Méint op de Maart.

Eng Extrawurscht fir d'USA

Dësen Album féiert eng Zort Duebelliewen: et gëtt e praktesch zweemol, op mannst wat d'Kompositiounen vum Duo Lennon/McCartney ugeet.

An England kënnt en Album eraus, deen den Titel Beatles For Sale dréit, säi Géigestéck dat exklusiv um amerikanesche Maart erschéngt, nennt sech'Beatles '65. Variéieren dinn déi zwee Wierker an der Haaptsaach duerch d'Coverversiounen, déi verschidde sinn: bekannte Reprisen vun e.a. Chuck Berry, Buddy Holly, Carl Perkins oder Little Richard. Wuel net schlecht nei interpretéiert, mee dach éischter Fëllmaterial fir mat Zäit ënner de Beemchen ze kommen.

Och kommen dës zwou LPen op zwee verschiddene Labelen eraus - Parlophone fir Beatles For Sale, Capitol fir Beatles '65. Dat war duerchaus gängeg déi Zäit: vill vun de grouss Nimm haten aus prakteschen a geographesche Grënn eng Plaz an Europa, meeschtens an England an eng an den USA, vu wou aus si vermaart gi sinn. Och déi englesch Beatles haten et op dës Manéier méi einfach, de groussen US-Maart ze erueweren.

Vill Business mat wéineg Musek

Wat d'Eegekompositiounen ugeet, esou fënnt een op der amerikanescher Produktioun aacht Lidder, déi identesch si mat dem engleschen Album, plus d'Nummer 1 Single I Feel Fine/She's A Woman (déi een an England op Single kafe muss) an e weidere Lennon-McCartney Track, dee schonns op e Hard Day's Night war.

Parlophone proposéiert op Beatles For Sale ëmmerhin gutt 33 Minutte Musek, verdeelt op 14 Titelen. Um amerikanesche Release fënnt ee just 11 Lidder, a ganzer 26 Minutte Musek. Jeeweils zum vollen deemolege Präis wuelgemierkt. 26 Minutten - do huet een deemno missen no ongeféier 13 Minutten opstoen fir d'LP ze dréien!

Wéi mat dem Phänomen Beatles esou richteg Geld gemaach ka ginn beweist eng aner Tatsaach: schonns e puer Méint no der LP Beatles For Sale ginn am Abrëll 1965 véier Lidder dorausser nach emol op enger E.P. publizéiert.

Och dësen Extended Play dréit den Titel Beatles For Sale. D'Fans gräifen zou - wat am Juni vum selwechte Joer zur weiderer E.P. Beatles For Sale 2 féiert. Mat nach emol deem selwechte Phenomen: déi véier Lidder, déi hei drop sinn, waren och schonns op der LP ze fannen.

Béid E.P.e sinn antëschent gesichte Sammlerobjeten.

Eng virprogramméiert Nummer 1

Schonns ier déi offiziell Vente Ugangs Dezember 1964 ugeet steet fest: Beatles For Sale gëtt e Nummer 1-Album - et ginn nämlech net manner wéi 750.000 Virbestellungen enregistréiert. Schonns an der éischter Woch vu senger Publikatioun steet den Album dann och ganz uewen an der brittescher Hitparad an dat fir néng Wochen.

Wat de Repertoire ugeet, esou stinn d'Beatles an hirer Ufanksphase fir gutt Laun-Musek, Massenhysterie, Rock n Roll an eng Portioun Häerz a Schmäerz - alles ganz populäre Kascht, meeschtens kuerz a knapp wat d'Spilldauer ugeet an ouni gréisser Sound-an Technikrecherchen.

No dësem Album kënnt mat Help nach e weidere méi liichte Release eraus, duerno awer stellt een eng däitlech Weiderentwécklung bei der Band fest: schonns dat Joer drop mat Rubber Soul, duerno nach méi usprochsvoll mat Revolver an dem Sgt Pepper-Album. Mat deem méi einfach gestréckten awer ganz effektive Yeah Yeah Yeah-Schema hunn dës Wierker net méi vill ze dinn.

Déi bekanntsten Nummeren op Beatles For Sale sinn Eight Days A Week, I'm A Loser, No Reply an d'Chuck Berry Reprise Rock "n' Roll Music.