Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - The Time Is The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bekanntes a Friemes

Album vun der Woch

Bekanntes a Friemes

Mat 75 Joer wot de Paul Simon op "Stranger to Stranger" dezent Soundexpérimenter. Den New Yorker gräift op de confirméierte Songwriting mat vill Perkussioun zréck. Hie geet awer net deen einfache Wee.

auto_stories

2 min

Rezent gouf vill driwwer spekuléiert, ob de Paul Simon nees eng Kéier mam Art Garfunkel wéilt spillen oder net. Dës Fro daucht esou regelméisseg op, wéi d'Nessie a Schottland. Gutt, datt hien elo mat bal 75 en neien Album erausbruecht huet. An datt hien op deem beweist, datt hien nach eppes ze soen huet. Hien dokumentéiert, datt hie Lidder schreiwen an interpretéiere kann a sech souguer op dat eent oder anert Experiment aléisst.

Seng Stëmm erënnert wuel ëmmer erëm un d'Duo-Zäit. Och d’afrikanesch Perkussioune gehéieren zanter senger Südafrika-Experienz ganz einfach derzou. Mee Elementer wéi douce Elektronik, déi onopdrénglech mat afléisst, Flütt a Chor, déi asetzen oder en Harmonium iwwerraschen den Nolauschterer. Éischter ongewinnt fir de Paul Simon, mee wëll hien net mat der Décker op déi Viischt spillt an d’Akzenter op dezent Manéier setzt, keeft een him säi Sound of.

Mam Roy Halee huet hien de Graceland-Produzent op senger Säit. Ee Mann dee weess, wéi een iwwerzeegt ouni mam décken Hummer z’operéieren. Hie bréngt dem Simon seng Stäerkte gekonnt eraus: Songwriting, vill akustesch Gittaren an d'Perkussiounen. Déi dauchen ëmmer erëm op, suerge fir pulséierende Rhythmus an erënneren un de World-Genre, deen zanter Graceland ee Markenzeechen vum Paul Simon ginn ass.

Dat kléngt definitiv net wéi Cecilia, Bridge Over Troubled Water oder de Boxer. Mee alles dat kann ee sech jo op enger Best Of fir wéineg Euroen zouleeën. Fir deen neie Paul Simon soll een sech eng Grëtz méi Zäit huelen, d'Oueren opmaachen a sech op allerhand Klengegkeeten freeën, déi erfrëschen. Déi eventuell awer och irritéieren. Op d'mannst wann ee sech op einfach Gestrécktes astellt.

"Stranger To Stranger" ass keen Album, deen een direkt mat e puer Ouerewierm verwinnt. Mee de Paul Simon hätt sech d'Liewe mam Opwierme vu Konfirméiertem kënne méi liicht maachen. Flott, datt hien dat net gemaach huet, an och mat 75 nach weess Ales mat Neiem ze kombinéieren.