Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bernard Wright - Who Do You Love

Sample vun der Woch

Bernard Wright - Who Do You Love

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

De Bernard Wright bréngt 1985 dat wonnerbart Lidd eraus "Who Do You Love" vum Album "Mr. Wright". De Wright ass 1963 am Quartier Queens zu New York gebuer. Hie war haaptberufflech Studiomuseker an en geléierte Keyboardspiller. Hien huet bis Enn 70 mat Leit wei Miles Davis oder Cameo opgeholl, bis hien eng Solokarriär als Sänger ugefaangen huet.

Hie gëtt gewéinlech an den R'n'B oder Post-Disco Genre aklasséiert. "Mr. Wright" ass säin 3. Album als Solo-R'n'B Sänger an ass 1985 um Label Manhattan Records erauskomm. Do war dann och dat heite Lidd drop "Who Do You Love", wat deemools vun engem zimmlech cheesyen Video begleet gouf.

De Song ass eng gutt Dose mol am Hip-Hop gesampelt ginn. Dat bekanntst Beispill ass warscheinlech den LL Cool J an säin "Loungin (Who Do Ya Luv)". LL Cool J ass ee vun den erfollegräichste Rapper, dee sech no senger Musekerkarriär effektiv konnt an der Filmindustrie recycléieren.

Obwuel hie schonn an den 80er e gewëssene Succès hat, gouf et Enn der 90er nach eng Kéier en zweete Schub un Prominenz am Rap-Business fir hien. D'Lidd kënnt vu sengem sechsten Album "Mr.Smith", dee sech iwwer 2 Millioune mol verkaf huet. En ass 1996 um Label Def Jam erauskomm. Den Titel ass eigentlech en Remix vun Trackmasters, deen awer méi bekannt wéi den Original ass. D'Lidd geet wéi ëmmer beim LL Cool J ëm Fraen an de Refrain ass gesonge vun der R'n'B-Grupp Total.

Mee den New Yorker Hip-Hop Produzent DJ Clark Kent hat de Bernard Wright scho virdru gesampelt. An zwar fir dem Shinehead säin "Never Been In Love B4", dat 1994 erauskomm ass. De Shinehead ass en jamaikanesche Reggae-Sänger aus New York, a bréngt dat Lidd op sengem fënneften Album "Troddin" eraus.

Nach eng "mention honorable" gëtt et hei ganz um Enn fir den Raahiim, deen säin "You Love Me" doraus mécht. De Kanadier bréngt et hei mat engem luesen Halftime-Burner op de Punkt.