Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michelle David & The Gospel Sessions - Yes I Am

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bert Sommer - trotz Woodstock vergiess

Musek

Bert Sommer - trotz Woodstock vergiess

Woodstock ass eisen Thema vum Mount hei op der Antenn. Fir déi meescht Museker, déi am August 1969 do op der Bühn stoungen, war de Festival e reegelrecht Sprangbriet fir eng international Carrière ze starten oder fir d'Renommee ze festegen. Mee Ausname bestätegen d'Reegel: ee vun de rare Nimm, dee séier an de Vergiess geréit, ass dee vum Bert Sommer. De Fred Medernach erënnert un de jonken New Yorker Songwriter.

auto_stories

5 min

Fir déi meescht Museker déi am August 1969 zu Woodstock op der Bühn stoungen, war de Festival e reegelrecht Sprangbried fir eng international Karriär ze starten oder fir d'Renommee ze festegen. Mee Ausnahme bestätegen d'Regel: ee vun de rare Nimm déi séier an de Vergiess gerode sinn ass dee vum Bert Sommer.

Mat Woodstock op senger Visittekaart an dem typesche folk ugehauchte songwriting aus den Enn Sechzeger/Ugangs Siwwezeger hätt de Bert Sommer et eigentlech misse pakken - wéi den Joe Cocker oder de Carlos Santana, allebéid nach wéineg bekannt virum Festival, duerno an aller Mound an Oueren. De Sommer huet wuel erréicht 20 Joer wéi hien um éischten Dag, Freidesowes, säi Set aus 10 Lidder zum Beschte gëtt. Mee Neiland ass de Showbusiness net vir hien: als Museker war hien eng kuerz Zäit als Sänger bei der Band " The Left Banke' derbäi, déi sougenannte Baroque-Pop gespillt hunn (Hit: "Walk Away Renée', populär duerch d'Cover-Versioun vun de "Four Tops'); mat sengem krauselege Wujhelkapp ass hien zousätzlech fir d'Roll vum "Woof' am Broadway-Musical "Hair' engagéiert ginn: et ass och dem Bert Sommer säi Kapp am Hippie-Look deen op de Publicitéits-Affichen figuréiert. E jonken talentéierte Museker, een dee gudd ausgesäit, dee keng Angscht viru Live-Optrëtter huet an och nach ufänkt, eegent Songmaterial ze komponéieren...beschte Viraussetzungen deemno fir weiderzekommen.

Wiessel vum Label

Et ass ee vun de Woodstock-Organisateuren, den Artie Kornfeld, deen op de Sommer opmierksam gëtt. Allebéid sinn si vu New York a verstinn sech direkt. De Kornfeld huet just e klengen eegene Plakkelabel gegrënnt, Eleuthera Records, fir dat hien Interprete sicht. Mat Buddha Records huet de Kornfeld en internationalen Distributeur, deen ënner anerem mat ënnerschiedleche Museker schafft, wéi dem Zappa-Kolleg Captain Beefheart, der Songwriterin Melanie oder de Vertrieder vum bubblegum pop Ohio Express ("Yummy Yummy'). De Bert Sommer huet schonn en éischten Album mat 19 Joer opgeholl, The Road To Travel', erauskomm beim Majorlabel Capitol, produzéiert vum Kornfeld - dee Release huet allerdéngs wéineg Erfolleg esou dass Capitol him de Wiessel bei den neie Label vum Artie Kornfeld erlaabt.

Dat war en Extrait aus "Jennifer', och virgedroen zu Woodstock, eng Nummer déi e verléifte Bert Sommer fir d'Jennifer Warnes schräift, dat hien beim Casting fir de Musical "Hair' kenne léiert. D'Jennifer Warnes, dat duerno eng international Solo-Karriär waert maachen an am Duo mam Joe Cocker de Mega Hit "Up Where We Belong' erausbréngt.

Cover vun America: D'Sich no méi essentielle Valeuren

Duerch säin Engagement beim Artie Kornfeld kënnt dann och d'Propose fir zu Woodstock um Festival opzetrieden. Mat nach wéineg Lidder-Material am Bagage, mee et soll och just eng Zort warm up-Optrëtt sinn, e Waarmmaacher, e Viirprogramm vun enger gudder halwer Stonn. Begleet gëtt de Bert Sommer vu sengem Kolleg a Gittarist Ira Stone, deen zousätzlech Uergel a Mondharmonika bedéngt. De Sommer selwer ass Sänger a Gittarist. Den Duo interpretéiert niewt eegenem Material och e Cover, deen de Publikum zu standing ovations hiräisst: America ass eng Kompisitoun vum Paul Simon, am Lidd geet et em zwee Jonker, déi den ugepassten american way of life net méi aushalen a sech op d'Reess uechter d'States maachen, op der Sich no méi essentielle Valeuren wéi déi Generatioun virun hinnen. En Uleies, dat perfekt zum Hippie Bert Sommer passt awer och zum Woodstock-Publikum, eigentlech zum ganze "spirit of Woodstock' wéi e séier genannt gëtt.

Kee Bert Sommer an den offizielle Woodstock-Releasen

Dem Bert Sommer säin Optrëtt zu Woodstock gëtt opgeholl a gefilmt - mee näischt vun him daucht an den offizielle Woodstock-Releasen op, just e kuerze Clip dovunner zirkuléiert haut am Netz. D'Qualitéit vun de Film-Opname wier net gudd gewiecht, d'Luucht wier schlecht op de Museker gefall, de Kameramann hätt och net onbedéngt säi beschten Dag gehat. Also wuel gefilmt, mee d'Material ass iergendwou ënnergaang. Och den Toun ass antëschent opgedaucht, de Sound awer just Duerchschnëtt - éischter Kategorie: for fans only. Haaptgrond fir d'Nët-Berücksichtegung dierft gewiecht sinn dass de Label Warner, deen d'Rechter un der Vermaartung vu Film a Plakk während dem Festival kaf huet, fir d'éischt no den eegene Kënschtler gekuckt huet fir déi a Bild an Toun ze veréiwegen, a mam Sommer, deem säin Debutalbum jo beim Konkurrent Capitol erauskomm war, näischt wollt ze dinn hunn. Erréicht op der 40 Joer-Anniversary-Box mat 6 Cden huet Rhino Records - Deel vum Warner-Imperium - sech erëm un de Bert Sommer erënnert mat awer och just 3 vu senge Woodstock-Lidder - ze spéit fir de Museker deen 1990 am Alter vun 41 Joer zu New York un enger Longekrankheet stierwt.

De Bert Sommer mécht sech no Woodstock rar

Firwat hien net méi Albummen opgeholl huet, firwat hien trotz der Roll am Erfollegsmusical "Hair' a Woodstock net grouss erauskomm ass... Et bleift dem Bert Sommer säi Geheimnis. Hie mécht sech rar nom Festival, mellt sech musikalesch 1977 nach emol mat engem Album zeréck deen einfach säi Numm dréit, mee dee sech kaum verkeeft. An da gëtt en nach heiansdo an déi eng oder aner Talkshow agelueden ... de Woodstock-Veteran mat sengen ale Geschichten, live on TV.

Als leschten Extrait vum Bert Sommer een, deen hien ee Joer nom Festival speziell fir d'Woodstock Generation komponéiert huet an deen nach emol un d'Hippie-Werter vun deemols appeléiert: We're All Playing In The Same Band.