Radioen

On air

Resonanzen  |  Jõao Pedro de Almeida Mota - Sträichquartett Nr.2 a Ré Mineur, Op. 6, IV. Finale - Cuarteto Quiroga

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beschten 2017er Metal!

Metal Meltdown

Beschten 2017er Metal!

D'Chrëschtzäit ass eriwwer, d'Joer geet sou lues op en Enn. Zäit fir vun der besënnlecher Chrëschtdagsmusek eriwwer an déi musikalesch Realitéit ze wiesselen. Den David Wagner presentéiert säi perséinleche musikalesche Réckbléck aus dem Metal-Joer 2017.

auto_stories

3 min

5. Memoriam - Surrounded by Death

Memoriam hu sech 2016 als eng Zort Tribute Band zu der britescher Kultband Bolt Thrower gegrënnt, déi sech jo opgeléist haten, nodeems hiren Drummer Martin "Kiddie" Kearns gestuerwen ass. D'Band besteet deemno aus Membere vu Bolt Thrower an enger anerer bekannter englescher Band Benediction. Hiren Debutalbum "For the Fallen" léisst sech ganz liicht an d'Discographie vu Bolt Thrower areien; dee Song, dee wuel am meeschten Headbang Potential huet, ass Surrounded By Death.


4. Firespawn - Serpent of the Ocean

Och Firespawn gëtt et nach net all ze laang, d'Band ass een Nieweprojet vum Sänger vun Entombed A.D., respektiv fréiere Sänger vun Entombed, déi mëttlerweil jo och nees aktiv sinn ... Fir de Best of vun 2017 hunn ech virun allem Lidder erausgesicht, déi matrappen an zum Headbangen alueden, an dat ass virun allem beim Refrain vu Firespawn hirem "Serpent of the Ocean" de Fall!


3. Cannibal Corpse - Code of the Slashers

"All Killer, no Filler" - sou huet eemol en Album vu Sum 41 geheescht. Ma déi Ausso trëfft op de ganze Katalog vu Cannibal Corpse zou. Déi amerikanesch Kultband versteet et, Lidder ze schreiwen, déi matrappen a genuch Ofwiesslung bidden, fir trotzdeem keng latzeg 0815 Death Metal Nummeren ze sinn. Well och op hirem neisten Album "Red Before Black" all Track absolut ze empfeelen ass, hunn ech mech einfach fir déi éischt Single "Code of the Slashers" entscheet.


2. Cradle of Filth - Cryptoriana - The Seductiveness of Decay

Cradle of Filth hunn et a meng Favoritte vum Joer 2017 gepackt, well si endlech nees en Album erausbruecht hunn, deen et fäerdeg bréngt, op d'mannst zimlech no un hir Klassiker "Dusk and her Embrace" & "Cruelty and the Beast" erunzekommen, mat deenen ech d'Band Enn den 90er Joren entdeckt a schätze geléiert hunn. Déi éischt Single vum Album "Heartbreak and Séance" bréngt et fäerdeg, alles mateneen ze verbannen, wat Cradle menger Meenung no sou gutt mécht: düstere Black Metal mat vill Atmosphär, wonnerschéi Melodien, Symphonien an dem Sänger Dani Filth seng onverwiesselbar Stëmm!


1. The Haunted - Preachers of Death

"Strength in Numers" - deen neien Album vun der schwedescher Band The Haunted ass den eenzegen Album, deem ech dëst Joer 10/10 Punkte ginn hunn - notamment wéinst dem faszinéierende Mix aus bestrofenden exquisite Riffer an de breeden, pakende Refrainen. Och dës Band weess, wéi ee Lidder schreift, déi matrappen, si wierzen d'Lidder genee richteg mat technesche Feinheeten, ginn awer net ze komplizéiert, datt et onverdaulech gëtt. "Preachers of Death" ass deen Track, deen dës Konscht am Beschte beweist an den Album exzellent representéiert.