Radioen

On air

Espresso Beats  |  Amber Mark - Lose My Cool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Big Thief si frontal, poetesch a kierperlech

Indie Rock

Big Thief si frontal, poetesch a kierperlech

"Capacity" ass den zweeten Album vun der Brooklyner Indie Rock Band Big Thief. Eng wëll, melancholesch Plack mat sënnlechen Texter déi vun der Sängerin Adrianne Lenker hirer subtiller Stëmm geleet gëtt.

auto_stories

3 min

Aus dem Hipster Véierel Brooklyn staamt déi jonk Formatioun "Big Thief". D'Band geet hir Aarbecht mat Éierlechkeet an Éiergäiz un, a léisst sech net ze vill vun de vergängleche Moude beaflossen.

Dobäi sinn déi lescht zwee Joer zwee zolidd Alben entstanen, déi ee sécherlech ënnert dem Begrëff Indie-Rock klassifizéiere kéint. "Big Thief" ass awer grad esou am Americana a Folk doheem. Dëst kënnt zemools an hirer neier Plack "Capacity" zum Virschäin, déi nach méi intim ass. Hiren zweeten Album ass dreemeresch, nostalgesch, a variéiert vun intimen akustesche Folk-Balladen bis bei op oppen, knaschteg Indie-Kompositiounen. Déi ongeschlaffe Charakteristik fënnt een an den Texter, der Musek an der gläichzäiteg zerbriechlecher an dominanter Stëmm vun der Adrianne Lenker erëm.

Eng geräifte Band

"Capacity" ass an engem ageschneiten Nascht am Norde vun New York State opgeholl ginn. Wéi schonn um éischten Album war de Produzent Andrew Sarlo hannert dem Mëschpult an huet der véier-käppeger Band bei den Arrangementer gehollef. D'Stécker wieren bannent e puer Stonne prett gewiescht. Den Toun ass zanter der leschter Plack méi präzis ginn. Et héiert een, wéi "Big Thief" graziéis geräift huet.

Der Adrianne Lenker hir Stëmm ass méi voll an expressiv. D'Grupp ass méi poséiert a liwwert Stécker, déi eng rau Eleganz opweisen. D'Grupp, dat sinn de Buck Meek op der Gittar, de Max Oleartchik um Bass an den James Krivchenia op der Batterie.D'Sounds an d'Spill iwwerzeegen duerch hir Einfachheet. Knuspreg waarm Gittaren a minimalistesch gebrache Rhythmen charméieren iwwert di eelef Lidder vu "Capacity".

Déi frontal poetesch Texter drénge besonnesch duerch d'Haut. Wéi d'Adrianne Lenker am éischten Titel schonn ukënnegt, "She don't always do pretty things". Den Album "Capacity" dréit awer eng graff Schéinheet a sech.

Blutt, Läinzeechen a Schweess

D'Stécker befaasse sech mat verluere Figuren, der Sënnlechkeet, den Dreem, an Exzesser. Kierperlech Lidder, déi zerbriechlech am Raum stinn an déi vu Blutt, Läinzeechen a Schweess duerchdronge sinn. Di gréisstendeels weiblech Personnagen si vun hirer Kierperlechkeet gepräägt an ënnerwerfen sech gären de Gelëschter.

Vulnerabel Mënschen déi sech vun hirer Léift féiere loossen an d'Schwieregkeeten dovunner mat engem Glaawenssprong probéieren z'iwwerwannen. D'Fragilitéit vum Mënsch gëtt an dësem Album plazeweis erschreckend analyséiert an ausgeluecht. Dobäi scheit d'Adrianne Lenker net, hir eegen Hänn knaschteg ze maachen oder Tabuen ze briechen. Eng Songwriterin, déi op dëser Plack traumatesch Experienze lyresch verschafft.

Engersäits ass den Album "Capacity" duerchaus melancholesch. Hoffnung, Naivitéit a Spillerei quellen aus der Produktioun eraus, déi plazeweis mat Field Recordings a lo-fi-Elementer beräichert gëtt.

E Wierk mat wonnerschéinem Gewiicht an enger gelongener Liichtegkeet.