Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun intim bis ongezähmt

Big Thief - Two Hands

Vun intim bis ongezähmt

Si sinn eng Band, wéi keng aner: Big Thief. Mat hirer smarter Mëschung aus Americana an Indie Rock, hire cleveren Arrangementer an hirem homogenen Zesummespill iwwerzeegt de Quartett elo scho fir d'zweete Kéier dëst Joer. No "U.F.O.F.", deen am Mee erauskoum, leeë si elo no mat "Two Hands".

auto_stories

2 min

Big Thief si sou eng Band, déi sech net ëm Trend bekëmmert. De Quartett kléngt sou äerdeg a lieweg, wéi kaum eng aner Grupp am Ablack. Am Mëttelpunkt steet der Adrian Lenker hir verdreemten an eegewëlleg nasal Stëmm. Ronderëm schlängele sech dem Buck Meek seng Gittars-Pickings wéi däreg Lianen. D'Rhythmussektioun ass de festen, dréchene Buedem, op deem de Lenker-Meek Wildwuchs ka spriessen a wucheren.

D'Analogie mat der Natur drängt sech op beim Sound vun Two Hands. De Label bezeechent de Virgänger "U.F.O.F." als himmleschen Zwilling, an deen neie Longplayer als Äerd-Zwilling. Fir d'Opname war d'Band vu Brooklyn an dee risege Studio Komplex Sonic Ranch, zu Tornillo am Texas. Dat ass no bei El Paso, un der mexikanescher Grenz. An och wann de Studio grouss ass, d'Museker hunn hir Instrumenter no beienee geréckelt a sech déi zéng Stécker live vun der Séil gespillt. De wëlle Weste lieft an dëse Songs wéi a kaum engem aneren Americana-Album, deen a leschter Zäit erauskoum.

Vu ganz lues bis mega haart geet déi dynamesch Bandbreet op Two Hands. Vun intim bis ongezähmt. An d'Klimax sinn dem Buck Meek seng Noise-Eskapaden. Dann, wann den Äerd-Zwilling rosen ass a sech am texanesche Wüstebuedem wänzele muss.

Trotz deene fir Rockmusek deels komplexe Kompositioune kënnt d'Musek bei Big Thief aus der Panz. Och textlech ass d'Adrianne Lenker dës Kéier erstaunlech direkt an onpoetesch. Si wier houfreg op dës Lidder, seet si. Si kéint sech virstellen, se och nach ze sangen, wa si al wier.

Authentizitéit an Éierlechkeet ass eppes, wat am Pop ëmmer erwënscht ass, awer meeschtens just gefaked gëtt. Bei Big Thief kritt een, wat een héiert. "Two Hands" ass en Album, deen zwar mat zwee Féiss um stëbsege Buedem steet, deen een awer op eng wonnerschéi Rees mathëlt, a méi nach, deem seng Schéinheet sech bei all Lauschtere weider developpéiert.