Radioen

On air

De Moien  |  Real Estate - Days

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Billie Eilish - Déi Fra, déi grad d'USA eruewert

When We Fall Asleep, Where Do We Go?

Billie Eilish - Déi Fra, déi grad d'USA eruewert

17 Joer jonk, 16 Songs an den Billboard Top 100 Charts. Wat stécht hanner der Musekerin Billie Eilish, déi den amerikanesche Kontinent u sech gerappt huet. Musikalesch u sech gerappt, wuel verstanen. Hiren Debutalbum "When We Fall Asleep, Where Do We Go?" huet elo d'Dagesluucht fonnt an den Tom Dockal presentéiert en elo als Album vun dëser neier Woch.

auto_stories

3 min

De Philip K. Dick huet 1968 gefrot, ob Androide vun elektresche Schof géifen dreemen. 50 Joer drop stellt eng jonk Fra eng ähnlech Fro, wa si op den éischten Ablack méi prosaesch kléngt: When We Fall Asleep, Where Do We Go? - Wa mer schlofen, wou gi mir hin?

Hanner där enger Fro verstoppt sech e Roman, deen zu "Blade Runner" geféiert huet. En däischter dystopeschen Text. Hanner där zweeter Fro verstoppe sech op d'mannst genee esou däischter Sounds. Sounds - Musek vum Debutalbum vun der Amerikanerin Billie Eilish. Den NME, oder dat wat vun där fréierer Museksinstanz iwweregbliwwen ass, huet vum Eilish als "most talked about teen on the planet" geschwat. Genee dat kéint och op eng jonk schwedesch Klimaaktivistin zoutreffen. Déi zwou Frae kéinten op der Cloche de Moie fréi engem Wort-Journalist gutt den Dicks riichten. Mee dat esou niewebäi.

Wat verstoppt sech hanner der 17 Joer jonker Musekerin, déi aktuell mat net manner wéi 16 Tracks an den amerikanesche Billboard Charts ronderëmhänkt? 16 Tracks. Mee hannert der viischter Zännrei verstoppt sech eng alternativ Zahnspang, déi als éischt erausgeholl gëtt a lass geet et mam Album.

Op "Bad Guy" ass ufanks net ganz kloer, vu wiem d'Eilish do am Fong séngt. D'Hiem rout vun enger bluddeger Nues, héchstwahrscheinlech wéinst Partydrogen. Wien ass do esou cool? Oder ass alles just inzeenéiert? D'Eilish beséngt iergendeen Typ, mee och sech selwer. Den éischten Androck ass en toughen. Mee Zack! Just een Track méi spéit gëtt un där Toughness gekraazt. Op "Xanny" gi Xannax-Pëllen an de Mëttelpunkt gestallt. What is it about them? / I must be missing something / They just keep doing nothing / Too intoxicated to be scared. De recreational Drogekonsum, wéi een am Englesche seet, ass net esou schwaarz-wäiss, grad wann a während e puer Méint eng ganz Rëtsch vu jonke Museker dorunner zu Gronn ginn.

Op "Wish You Were Gay" sicht d'Eilish no engem Grond, iergendengem Grond, egal wéi egoistesch en och ass, fir sech e Mënsch vu sech ze halen. E Mënsch, dee si rejetéiert huet. Si wënscht sech dann einfacherhalber, hie wier homosexuell. Eng einfach Erklärung, déi dann alles méi einfach géif maachen.

Agekleet ginn dës an eelef weider Songs op ganz, wierklech ganz verschidde Manéieren. Ähnlech wéi Radiohead bei "King of Limbs" appropriéiert sech d'Billie Eilish elektronesch leftfield Sounds an zitt se mat an de sougenannte Mainstream. Trap trëfft op Ukulele trëfft op Piano trëfft op Hip-Hop-Beats. Den Amalgam ass komplett. D'Sujete vun de Songs si bekannt, mee dank der Exekutioun kréie se eng bal eenzegaarteg Nott. Net all natierlech, mee e ganz groussen Deel. Produzéiert vum grousse Brudder - deen ëmmerhi schonn 21 Joer al ass - frësst d'amerikanesch Jugend deenen zwee aus der Hand. An dat ass iwwerraschend, erfrëschend a flott. Kulturkapitalistesch ass et op alle Fall e Schlag vun ënnen a Richtung vun all de proklaméierte Kinneken a Kinniginne vum Pop. An de beschte Beweis, datt Pop net permanent an der Retromanie muss hänke fir kënne Succès beim Grand Public ze fannen.