Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Billy Cobham - Stratus

Sample vun der Woch

Billy Cobham - Stratus

De Billy Cobham gëtt generell als de beschten Drummer vum Jazz Fusion Genre ugesinn. Hien ass 1944 zu Panama, USA gebuer. Mat aacht Joer hat hie scho säin éischten Optrëtt als Drummer, an zwar a sengem Papp senger Band.

auto_stories

2 min

De Billy Cobham gëtt 1962 zu New York op der Musek-Akademie diploméiert a muss dunn zwee Joer an der Arméi Musek maachen.

Duerno spillt hien an e puer Gruppen, zum Beispill mam Horace Silver, Shirley Scott oder George Benson. Vun do aus lant hien am Miles Davis senger Formatioun a spillt souguer en Deel op deem sengem bekannte "Bitches Brew". Hie verléisst déi Jazz-Grupp fir sech méi Rockegem ze widmen a gëtt 1971 Deel vum Mahavishnu Orchestra, zesumme mat sengem Kolleeg, dem Gittarist John McLaughlin.

Fir d'éischte Kéier kann hie voll opgoen a senger Virtuositéit an den Drums fräie Laf loossen. Seng Technik huet vun deem Zäitpunkt un eng ganz Rei aner Drummer beaflosst, net nëmmen am Jazz, mee och am progressive Rock. Hien huet mat "tMahavishnu Orchestra" zwee Albumen opgeholl, bis déi Grupp sech opgeléist huet an huet du finalement 1973 seng eege Band opgestallt, "Spectrum".

D'Plack ass eng Mëschung vun aggressive Rock-Elementer an jazzy Improvisatiounen. Um ganzen Album herrscht eng zäitlos positiv Energie, déi nach ëmmer hautdesdaags ze spieren ass. Déi meescht Lidder goufen an engem oder zwee Takes opgeholl, dat Ganzt live zesumme mat senge Museker Jan Hammer un de Keyboards, Leland Sklar um Bass an Tommy Bolin op der Gittar.

Seng éischt Solo-Plack gëtt als Meeschterwierk ugesinn, all déi duerno sinn och gutt, mee si hu sech dem Fusion Mouvement ugepasst a gi manner experimentell a méi kommerziell. Den Album gouf opgeholl an den Electric Lady Studios, wou och fréier den Jimmy Hendrix gespillt huet, an déi haut nach ëmmer aktiv si mat Kënschtler wéi zum Beispill The Roots oder D'Angelo.

"Safe From Harm" ass e Lidd vum Debut-Album vu Massiv Attack a koum 1991 eraus. Si samplen hei d'Bass, d'Gittar an d'Drums vum Cobham sengem Lidd "Stratus" a loossen d'Shara Nelson an de Robert Del Naja doriwwer sangen.

Massive Attack ass eng englesch Band a war Pionéier a Saachen Trip-Hop.

Mee de Sample gouf scho virdru benotzt. An zwar hate "Mantronix" 1988 hire "Get Stupid (Part 3)" doraus gemaach. Dat war op hirem drëtten Album "In Full Effect".