Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Billy Squier - The Big Beat

Sample vun der Woch

Billy Squier - The Big Beat

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

De Billy Squier, gebuer den 12. Mee 1950 am Massachusetts an den USA, ass e Rockmuseker. Dräi vun sengen Albume waren an den amerikaneschen Top 10 Charts an den 80er, an hien huet och e puer Hitsingelen erausbruecht. Musikalesch kann ee säin Stil als Stadion Rock bezeechnen.

De Squier huet ugefaange Gittar a Piano ze spillen als Kand. Hien huet decidéiert eng Karriär als Museker unzefänken, wéi hie Musek aus de spéiden 1960er héieren huet, wéi zum Beispill Eric Clapton. Hien huet fir d'éischt a verschiddene Bands aus der Boston Regioun gespillt an hat seng éischt permanent Plaz an de Magic Terry & the Universe.

Hien ass op de Berklee College of Music gaang a huet stänneg tëschent Boston an New York gependelt. Hien huet och kuerz an aner Gruppe gespillt wéi zum Beispill mat de Sidewinders. Mat hinnen huet den Squier e puer Albumen opgeholl, déi vum Lenny Kaye produzéiert goufen. Nodeems d'Band sech opgeléist huet, huet hie Piper gegrënnt a gouf hire Sänger a Gittarist. D'Band huet 1976 an 1977 jeeweils een Album erausbruecht iwwer A&M Records, huet sech awer an de spéiden 1970er Joren opgeléist well de Succès ausblouf.

De Squier huet decidéiert eng Solokarriär ze starten an huet bei Capitol Records ënnerschriwwen. 1980 huet hie säi Solo-Debut "The Tale of the Tape" erausbruecht. Bekannte Museker wéi de Gittarist Bruce Kulick (spéider Kiss) an de Batteur Bobby Chouinard (spéider Gary Moore) hunn zu den Opname bäigedroen. Den Album war nëmme mëttelméisseg erfollegräich, mee huet awer ee Radiohit drop, "You Should Be High Love". Tale of the Tape mixt Funk a Rock Aflëss, bal ze vergläiche mat der deemoleger Konkurrenz: Queen.

De Billy Squier ass iwwerzeegt vu senger Musek, an dat héiert een. Hie mécht op sengem Album net sou wéi wann: hie wëllt räich ginn, an hie wëllt jonk Meedercher. Op "Tale of the Tape" weess hien, wat hie wëllt an hie weess, wéi hien et kritt.

Och wann déi aner Lidder vum Album d'Charts net erreecht hunn, gouf d'Lidd "The Big Beat" iwwer 300 Mol vun Hip-Hop-Kënschtler an anere gesampelt. Dat bekanntst ass den "99 Problems" vun Jay-Z. Dat war op sengem "The Black Album" vun 2003 a war produzéiert vum legendäre Rick Rubin.

Mee e puer Méint virdrun huet den Dizzee Rascal dee selwechte Sample benotzt op sengem selwer produzéierte "Fix Up, Look Sharp" vun sengem éischten Album "Boy in the Corner".

Quasi zäitgläich mam Dizzee sengem Album koum och de véierten Album vun der englescher Band The Prodigy. Si benotzen och dem Squier säi Sample um Lidd "Spitfire" op eng ganz aner Aart a Weis.