Radioen

On air

De Weekend  |  Wuert von der Woch: Dekadenz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis op d'Schanke reduzéierten R&B

Album vun der Woch: Tirzah - Devotion

Bis op d'Schanke reduzéierten R&B

Reduktioun an Intimitéit zeechnen der Tirzah hiren éischten Album "Devotion" aus. Mat den einfachste Mëttel geléngt hir ee Konschtstéck, dat d'Popmusek an d'Avantgarde erëm méi no beienee bréngt.

auto_stories

2 min

Viru gutt fënnef Joer hat déi deemools 25 Joer al Tirzah Mastin aus dem briteschen Essex mat "I'm not dancing" een Underground-Club-Hit gelant. Dësen Track huet deemools bei ville Leit en Nerv getraff, well e ganz no laanscht alles schrummt, wat een als Pop- oder Danzmusek bezeechne kann.

Déi dreiwend Kraaft hanner dëser Produktioun aus dem Joer 2013 war och du schonn d'Mica Levi, och bekannt als Micachu a laangjäreg Frëndin a Kollaborateurin vun der Tirzah. D'Mica Levi ass zesumme mam britesche Kwes dann och fir d'Produktioun vum neien Album "Devotion" responsabel. Am Virfeld vun der Verëffentlechung ass ënner anerem den Track "Devotion", eng Zesummenaarbecht mam britesche Sänger Coby Sey, als Single ausgekoppelt ginn.

Background: Musek a Kompositioun

D'Tirzah an d'Mica Levi kenne sech aus dem renomméierte Guildhall Conservatoire zu London, wou si Musek a Kompositioun studéiert hunn a sech zanterhier en Numm als Pop-Avantgardistinne maachen. Sou konnt d'Mica Levi an der Lescht virun allem mat hire Kompositioune fir d'Filmer "Under The Skin" an "Jackie" begeeschteren. Hir Handschrëft ass och an der hyperminimalistescher Produktioun vun "Devotion" ganz kloer ze liesen. Déi meescht Stécker besti just aus enger Figur um Synthesizer an der Tirzah hirer, staark vum Soul beaflosster, Stëmm. Dacks completéiert een einfache Beat dëse Songskelett.

Beim éischte Lauschtere wierken dës reduzéiert Strukture ganz friem, an awer hu si eng Qualitéit, déi extrem pur an net einfach ze beschreiwen ass. Vill Lidder hale sech och net un déi ongeschriwwe Regel, datt ee gudde Popsong aus Strophen an engem catchy Refrain ze bestoen huet. D'Tirzah an d'Mica strëppen hir Tracks esou konsequent mam Raséiermesser, datt um Enn just nach ee ganz strengt Konzentrat iwwereg bleift. Dëse Residu kënnt ouni Effekter a Glasur aus, well en duerch seng Rengheet iwwerzeegt.

Spannend Musek

Wäit vir bäi am Mix ass ëmmer der Tirzah hir Stëmm, déi staark an der Traditioun vum R&B steet. Ganz ongekënschtelt wurschtelt si sech duerch hir Lidder, dacks entsteet den Androck vun enger Improvisatioun oder vu spontane Melodien. Dës schonn iwwerwältegend Intimitéit gëtt nach potenzéiert duerch ganz einfach an doduerch onheemlech direkt Texter. Mat wéineg Wierder bréngt d'Tirzah Stëmmungen op de Punkt. Meeschtens geet et ëm enttäuscht Erwaardungen an der Koppel - dat ass thematesch ofgegraast an trotzdeem kënnt d'Tirzah ouni penibel Floskelen aus. Fir vill popaffin Museksfrënn stellt dee radikal minimalistesche Charakter vun dësem Album sécher eng Erausfuerderung duer - mee et ass dach grad dat, wat spannend Musek ausmécht, oder?