Radioen

On air

Notturno  |  Gilad Hekselman - Verona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brigid Mae Power: Musek vu bannen a baussen

Iresch-amerikanesche Folk

Brigid Mae Power: Musek vu bannen a baussen

D'Brigid Mae Power reest op hirem neien Album "The Two Worlds" tëschent op d'mannst zwou Welten. Produzéiert gouf den Album vun hirem Mann, dem Peter Broderick. Et ass e ganz perséinlecht Wierk.

auto_stories

3 min

Brigid Mae Power

Wat fir zwou Welte beséngt eigentlech d'Brigid Mae Power op hirem neien Disk? Ass et mat den Hoer erbäigezunn, wann een Dickens an d'"A Tale of Two Cities" mat an Bild hëlt? Sinn d'Welte geografesch lokaliséierbar? Oder ass d'Léisung éischter introspektiv ze sichen? "It was the best of times, it was the worst of times". Och do nees den Dickens vläicht? D'Äntwert, oder d'Äntwerten, sinn iergendwéi iwwerall ze fannen.

Déi iresch Musekerin a Kënschtlerin ass um drëtte Longplayer wéi ëmmer ganz perséinlech. Mat der Hand voll Informatiounen aus hirem Liewe kann een d'Musek sou kontextualiséieren, datt ee sech komplett dra verléiere kann.

Bal scho fetzeg

D'Musekerin ka sech selwer net decidéieren, wou si sech doheem fillt. Um Tompkins Square Label vu San Francisco huet si awer déi perfekt Heemecht fir hir Musek fonnt. Nieft eegenen Acts ass de Label bekannt fir Re-Editioune vu Folk, Gospel a fréier, primitiver Americana. Enn den 2000er huet d'Power an den USA gelieft, fir dem anengende Muff vum westiresche Galway z'entfléien. Rezent ass si awer nees a genee déi Stad zeréck geplënnert. Zesumme mat hirem Liewenspartner, dem Museker Peter Broderick. Datt hien den Album produzéiert huet, héiert een duerchaus. Verschidde Songs si bal scho "fetzeg".

Um Lidd "Don't Shut Me Up (Politely)" kënnt de relative "Fetz" net vun ongeféier. Si séngt, wéi si sech aus enger fir si ongesonder, vläicht esouguer abusiver Relatioun befreit huet. Déi laang Geschicht vum Folk als Protestmusek schéngt am Lidd hell duerch.

De Kapp an de Wolleken?

Iwwert wäit Deeler ass "The Two Worlds" en Album, deen ee sech virstellt, wann een un d'westiresch kal-naas Küst denkt. An dem Label seng Léift zur amerikanescher primitiver Folkmusek ass bei der Power och erauszehéieren. Meeschtens mat Piano, mä och mat Gittar an heiansdo mat engem Klangteppech aus der Broderick'scher Hand, schwieft d'Musekerin iwwert déi zéng Lidder. All Song bedéngt sech engem Riff oder e puer Akkorden, an déi ginn einfach duerchgezunn. Der Power hire Gesang wuselt sech da quasi fräi do derduerch. D'Songs bleiwen an der Moyenne awer iwwerraschenderweis bei véier an eng hallef Minutten.

Si séngt iwwer dat, wat si beschäftegt: Hir Groussmamm, vun där et net kloer ass, ob si nach lieft oder net. Mënschen, déi aus dem Liewe verschwonne sinn a wéi si domadder ëmgeet. Et huet een et mat enger Fra ze dinn, déi lues awer sécher den Trick eraushuet, wéi een eventuell mat dëser komescher Welt kéint an d'Rengt kommen. Mam Kapp an de Wolleke sinn ass kee Problem, soulaang een et heiansdo fäerdeg bréngt, nees op de Buedem ze kommen. Dat alles sinn zwou Welten op "The Two Worlds" vun der Brigid Mae Power. Geografesch lénks a riets op der Kaart, perséinlech bannen a baussen, mä eben och uewen an ënnen.