Den Aaron Copland gehéiert zu där éischter Generatioun vun amerikanesche Komponisten, déi hir Studien an de States gemaach hunn an eng genuin amerikanesch Musek schreiwen. De Ballet "Rodeo" oder déi symphonesch Dichtung "Appalachian Spring" sinn déi populäerst Kompositioune vum Copland, an deenen sech déi amerikanesch Symphonik mat all hire Facette weist.
Zu deene beléifte Wierker misst eigentlech och dem Copland seng drëtt Symphonie zielen. Bekannt ass bis haut vrun allem ee Grapp voll Nouten, ee Motiv, dat sech selbstänneg gemaach huet an esouguer e gewësse Kultstatus am Pop-Rock huet.
Fanfare for the Common Man
De Copland selwer hat de Succès vun dëser Fanfare an d'Rulle bruecht, déi Emerson Lake and Palmer spéider fir sech adaptéiert hunn. Mëtt de 40er Jore gräift de Copland seng eegen Iddi nees als Haaptthema fir de Schluss vu senger drëtter Symphonie op. Hei zitt d'Fanfare sech wéi e roude Fuedem duerch de leschte Saz.
De Leonard Slatkin an den Detroit Symphony Orchestra bréngen dat an hirer Opnam nees alles an de richtege Kontext. Eleng hei weist sech eng Stäerkt vun dësem Disque. Wat méi wichteg ass, den Dirigent verzicht generell op plakativt Musizéieren. En hëlt sech Zäit fir Detailer, fir méiglechst vill Orchesterfaarwen. Mir erliewen ee brillanten Detroit Symphony Orchestra mat sengem Chefdirigent Leonard Slatkin, deen deen apaarten amerikanesch Flair vum Copland senger Musek nie vergësst.
Aaron Copland: Symphony No. 3, Three Latin American Sketches bei Naxos