Radioen

On air

Notturno  |  Ellen Arkbro & Johan Graden - Temple

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ C'est Karma - Internationale Festival an EP "Amuse-Bouche"

Musek

C'est Karma - Internationale Festival an EP "Amuse-Bouche"

Dëse Freiden, 13. Mee kënnt der Lëtzebuerger Elektro-Lidderschreiwerin C'est Karma hir nei EP "Amuse-Bouche" eraus. Iessen als Metapher fir d'Liewen, fir eis Zäit, fir Liewenshygiène a fir eng global Situatioun, déi net méi sécher genuch ass, fir all Besoinen ze garantéieren. Déi nei Scheif riskéiert interessant a pertinent ze ginn.

auto_stories

2 min

Een Amuse-Bouche gefälleg? Mee opgepasst, datt Dir Iech net verschléckt. Op hirer neier EP benotzt C'est Karma Iessen als Metapher - fir d'Liewen, fir eis Zäit, eisen Ëmgang mat Politik a Sozialem. Dobäi fäert si net, staark Sounds anzesetzen. D'Gittar trëtt zeréck, d'Elektronik kënnt no vir, an d'Zaitgeschéie steet am Brennpunkt, mat Theeme wéi Fraerechter, sozial Ongerechtegkeeten, an d'Erwuesseginn als Member vun der Generatioun Z.

Den Timing sëtzt: een Dag virun hirem Optrëtt um "The Great Escape" Showcase-Festival zu Brighton bréngt C'est Karma hir EP "Amuse-Bouche" eraus.

De Festival wier eng schéi Geleeënheet sech ze vernetzen, nei Leit kennenzeléieren, a Leit erëmzegesinn, déi duerch d'Pandemie fortgeréckelt waren, esou déi 20 Joer jonk Lidderschreiwerin Karma Catena. Hiert Talent war och eleng mat der akustescher Gittar ville Leit evident - elo schäerft a verfeinert sech hir Stëmm.

Zu Hamburg, zu Wuppertal, a mat zwee Produzenten un hirer Säit goufen d'Songs "Bubblegum", "Bread", "Spaghetti on Repeat", "Gâteaux", "Coffee" a "Popcorn" opgeholl. Dat Neist dovunner, "Coffee" ass um Sprong fir op Amsterdam entstanen, wou d'Karma elo kulturell a literaresch Analys studéiert. "Wéi Konscht, Kultur a Soziales zesummenhänken", wëll si erfuerschen. "Et ass grad eng ganz opreegend Zäit."

Geschwë geet et nees an de Studio, fir nei Musek ze schreiwen, fir eventuell Enn des Joers méi eng grouss Sammlung erauszebréngen. Wië C'est karma net well duerch Europa noreesen, ka si och geschwënn zu Lëtzebuerg erliewen: Rendezvous den 30. Juli bei de Congés annulés an de Rotonden.