Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ César Franck

Komponist vum Mount

César Franck

De Papp vun der symphonescher Uergelmusek. De Papp vun enger neier, selbstbewosster franséischer Musek am 19. Jorhonnert: dem César Franck gi vill Rollen zougeschriwwen. An allem läit e Kär Wourecht.

auto_stories

3 min

De Papp vun der symphonescher Uergelmusek. De Papp vun enger neier, selbstbewosster franséischer Musek am 19. Jorhonnert: dem César Franck gi vill Rollen zougeschriwwen, an an Allem läit och ee Kär Wourecht. Fest steet, datt de César Franck, deen op een 8. November virun 125 gestuerwen ass, eng zentral Figur am franséischen Museksliewen war. Dobäi war hien emol guer kee Fransous. De Franck koum 1822 zu Léck op d’Welt, ass awer schonn als jonke Borscht an héich talentéierte Pianist 1835 am Conservatoire de Paris opgeholl ginn.
Do mécht hie fir d’éischt Carrière als Pianist, éier en säin eigentlecht Instrument entdeckt: d’Uergel.

1859 weiht de César Franck déi fuschnei Cavaillé-Coll-Uergel a Sainte-Clotilde zu Paräis an. Iwwer 30 Joer ass hien Organist an der Basilika am 7. Arrondissement a spéider och nach Professer fir Uergel um Conservatoire de Paris. D’Kompositioune fir d’Uergel sinn en zentraalt  Element a sengem Wierk. Dernieft schreift de Franck och grouss Orchesterwierker a vill Kammermusek.

D’Kammermusek huet am 19. Joerhonnert a Frankräich nëmmen eng marginal Roll gespillt. Si war d’Stéifkand vun der Musekszeen.  Op den Affichen huet d’Grand Opéra dominéiert. 1871 gëtt d’Société nationale de musique gegrënnt, fir déi franséisch Musek méi staark ze förderen. De César Franck war ee vun den Initiateuren. D’Société nationale de musique hat och ee kloere kulturpoliteschen Hannergrond nom däitsch-franséische Krich. Si war d’Affirmatioun vun der Eegestännegkeet, der “Grandeur” vun der franséischer Musek.

Vill prominent Schüler sinn duerch d’Klass vum César Franck um Conservatoire zu Paräis gaangen. De Vincent d’Indy, de Grënner vun der Schola cantorum, huet eng vun den éischte Biographien iwwert de Franck geschriwwen. Franck-Schüler waren och de Louis Vierne, de Charles Tournemire, den Ernest Chausson, de Gabriel Pierné.

Och wann de César Franck säi Liewensmëttelpunkt zu Paräis huet, bleift hien net ouni Afloss op säin Heemechtsland. Zesumme mam Henri Vieuxtemps, mam Guillaume Lekeu a mam Eugène Ysaÿe suergt de Franck um Enn vum 19. Jorhonnert fir ee Renouveau vun der Musek an der Belsch.

Am November proposéiert de radio 100,7 eng ganz Rëtsch Emissiounen zum César Franck. Dir fannt se an der Mediathéik bei der Emissioun "De Komponist vum Mount".