Radioen

On air

Notturno  |  Pinegrove - Intrepid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déif Dramatik: Charles Bradley - The World

Sample vun der Woch

Déif Dramatik: Charles Bradley - The World

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Den Charles Bradley aka "The Screaming Eagle of Soul" huet laang gebraucht fir bekannt ze ginn, a seng Renommée huet och leider just kuerz gedauert. Hien ass 1948 zu Florida gebuer, mee huet seng Jugend zu Brooklyn, New York verbruecht. Nodeems seng Schwëster hien 1962 op en James Brown Concert bruecht huet, war hie sou beandrockt vum Brown senger Energie op der Bün, datt hien ab dee Moment ëmmer nees probéiert huet eng Sänger Karriär ze starten. Mee mat 14 ass hien doheem fortgelaf an huet zwee Joer laang op der Strooss gelieft. Fir dem obdachlosen Liewen ze entgoen huet hien fir 10 Joer eng Aarbecht als Kach ugeholl.

Tëscht New York a Kalifornien

Nodeems hien och keng Loscht méi do drop hat, ass hien e bëssen duerch Amerika gereest an huet sech finalement 1978 an Kalifornien niddergelooss wou hie sech 20 Joer laang vu verschiddenen Jobs an och klenge Gigs iwwer Waasser gehalen huet. Hien ass heiansdo souguer als James Brown Imitatioun agestallt ginn wou hien sech dann Black Velvet genannt huet. An den 90er ass hien zeréck op New York geplënnert fir seng Mamm ze ënnerstëtzen. Zu New York huet hien weiderhin den James Brown an verschidden lokalen Clubs nogemaach. Dorops hin huet den Gabriel Roth vun Daptone Records hien héieren. Den Roth invitéiert den Bradley fir e puer Mol mat Museker vun sengem Label ze prouwen.

2017: Den Charles stieft u Kriibs

D'Leit versti sech all super an de Bradley kritt quasi Enn Fofzeger säin éischte Plackevertrag. Hee bréngt also 2011 säin éischten Album "No Time for Dreaming" eraus. Hien geet mat deem Album an mat der Menahan Street Band déi och op deem Label ënnerschriwwen hunn op Welttournée an huet mega Succès, obwuel säin Liewen ëmmer nach vun Héichten an Déiften markéiert ass. Zum Beispill ass säin éischten gréissten Hit "The World (Is Going Up in Flames)" inspiréiert vum Doud vu sengem Brudder, dee vun sengem Neveu ermort ginn ass. Hien hëlt 2013 an 2015 nach zwee weider Alben op, ier hien 2017 leider u Kriibs stierft.

Vill Leit am Hip-Hop hunn déi déif Dramatik am Lidd "The World (Is Going Up in Flames" gespuert an et gesampelt. Mäin Lieblingsbeispill ass wuel dat heiten: de Houston Rapper Slim Thug benotzt hei dem Charles Bradley säin Sample op sengem Lidd "This World". De Beat ass vum Produzent TrakkSounds an dat ganzt war op sengem Album Thug World vun 2020.

Aner Rapper déi hien gesampelt hunn ginn vun Stalley oder Rasco bis Umse, mee generell kann een soen dass den Sample ni vir eppes Lëschteges gebraucht ginn ass, och wann d'Lidder um Endeffekt meeschtens en Funken Optimismus weisen.