Radioen

On air

Notturno  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chauffe, Marcel, chauffe!

E grousse Museker

Chauffe, Marcel, chauffe!

"Chauffe, Marcel, Chauffe", encouragéiert de Jacques Brel a senger Chanson "Vesoul" voller Iwwermutt den Akkordeonist. Mat "Marcel" ass de bedeitendste franséischen Akkordeonspiller, de Marcel Azzola gemengt. De Museker, deen net just déi grouss Vedettë vun der franséische Chanson mat senger Zéiharmonika begleet huet, mee sech spéider der Jazz-Musek zougewennt huet, ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

auto_stories

2 min

Foto: STUDIO HARCOURT PARIS / AFP

Hien hat si all begleet a si all iwwerlieft: d'Edith Piaf, de Gilbert Bécaud, d'Juliette Gréco, den Yves Montand, den Tino Rossi, d'Barbara an de Jacques Brel. Mat sengem Akkordeon huet de Marcel Azzola franséisch Museksgeschicht geschriwwen.

D'Léift zur Musek koum iwwer d'Famill

Seng eege Geschicht kéint d'Virlag fir ee Roman oder ee Film sinn. Säi Papp flücht 1921 virum Mussolini a senge Squadristen a verléisst Italien a Richtung Frankräich. De Marcel kënnt 1927 op d'Welt a schonn am zaarten Alter vun 11 Joer trëtt hie mat sengem Akkordeon a Paräisser Bistroen op.

Säi Papp, dee Steemetzer an e groussen Amateur vun der Musek war, huet all senge Kanner d'Geispille bäibruecht. Et ass de Grousspapp, deen de klenge Marcello fir den Akkordeon ze begeeschtere wousst.

Vun der Chanson iwwer zum Jazz

Nom 2. Weltkrich kënnt de Marcel Azzola a Kontakt mat de grousse Vedette vun der franséischer Chanson, esou ass et och mat der Edith Piaf an dem Lidd "Sous le ciel de Paris". Et ass awer virun allem duerch de Jacques Brel, datt de Marcel Azzola och dem grousse Publik e Begrëff gëtt. Bei der Opnam vu Vesoul encouragéiert de Jacques Brel voller Iwwermutt den Akkordeonspiller.

De Jazz war et awer, deen et dem Marcel Azzola ugedoen hat, och wann hie weiderhi bereet war säin Talent der franséischer Chanson ze Verfügung ze stellen.

En einfache Mann

Eent wollt hien awer ni, am Mëttelpunkt stoen. Weder e Jacques Brel nach en Django Reinhart an och net d'Sex Pistols, mat deenen hie gespillt huet, konnten hien iwwerzeege säin Numm an de Virdergrond ze stellen. Souguer dem franséische Staat géigeniwwer war de Marcel Azzola ganz retizent: Hien huet den Uerde vun der Éirelegioun refuséiert.

An och wann de Jazz seng Passioun war, fir hie war et ëmmer d'Musek vun de Räichen a sou waren et ëmmer kleng Bistroe mat einfache Leit, wou de Marcel Azzola sech am wuelste gefillt huet.