Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Circuit des Yeux op der Sich nom Indigo Blo

Experimentellen Indie Folk

Circuit des Yeux op der Sich nom Indigo Blo

Virun 10 Joer huet d'Haley Fohr ugefaange ongewéinlechen Indie-Folk ënnert dem Numm "Circuit des Yeux" ze produzéieren. Zanterhier sinn eng Rëtsch EPen an Albume verëffentlech ginn, déi dacks e Fouss am Experimentellen hunn. Hir sechst Plack "Reaching For Indigo" ass den 20. Oktober erauskomm.

auto_stories

3 min

D'Haley Fohr (alias Circuit des Yeux) bezeechent sech selwer als experimentell Kënschtlerin, an net als Pop Musekerin. Et soll ee sech vun där Ausso awer net ofschrecke loossen. D'Sängerin vun Chicago setzt sech héich Ziler. Hir Ambitioun, un d'Limitte vun hirer Kreativitéit erunzekommen ass bewonnerenswäert a couragéiert.

Op hirem neien Album "Reaching for Indigo" ginn akustesch an elektresch Elementer sophistiquéiert aneneen iwwer. Méi poséiert wéi an hire leschte Releasen, awer weiderhin iwwerraschend a subtil opgeholl. Dobäi steet der Haley Fohr hir expressiv an déif Stëmm am Mëttelpunkt.

Indigo Blo

"Reaching for Indigo" ass aus enger besonnescher Erfahrung vun der Sängerin entstanen. En onbeschreifleche Moment, an deem si sech selwer erkannt huet. Deemno dréit d'Musek existenziell Téin. Wéi den Titel vum Album ausdréckt, versicht d'Haley Fohr Indigo Blo z'erfaassen. Eng Faarf, déi der Sängerin no wëssenschaftlech ondefinéiert ass, an d'Intuitioun symboliséiert.

Aus dësen Iddien an Experienzen huet sech eng minimalistesch a vast Musek erauskristalliséiert. Duerch déi spartanesch Approche gëtt vill Melancholie vermëttelt. Eng beréierend Atmosphär, déi emotionell hin an hier schwankt. Waarm Bléiser oder Straicher treffen dacks op kal Synthien. An d'Haley Fohr geet gäre spilleresch a skurril mat hirer Stëmm ëm.

Circuit des Yeux schaaft eng zerbriechlech Musek. D'Lidder änneren dacks hir Richtung, doduerch gëtt een op ville Plazen iwwerrascht. Déi aacht Stécker um neien Album entfale sech graduell, ouni Effort. D'Museker loosse sech net hetzen a fëllen d'Zäit intelligent op.

Verzerrte Gittare fusionéieren um Stéck "A Story of this World Part II" an enger Zort epesche Folk Trance. De Cooper Crain vun der experimenteller psychadelic Formatioun Bitchin' Bajas hält mat sengem Drums eng konstant Tensioun. De Ryley Walker an d'Ka Baird maachen de Klang vum neie Circuit des Yeux-Album breet a vast. Eng Besetzung, déi sech weess zréckzehalen an am Déngscht vum Lidd steet.

Eng raffinéiert Säit

De Fokus op "Reaching for Indigo" bleift natierlech d'Haley Fohr an hir aussergewéinlech Stëmm. Hire Bariton erënnert u Kënschtler, wéi d'Aldous Harding, awer manner theatralesch, méi fokusséiert. Grad wéi bei der neuseelännescher Sängerin ass der Haley Fohr hir Stëmm schwéier festzehalen. Heiansdo daucht se gesampelt als Instrument op, an um Lidd "Geyser" verwandelt sech déi déif Stëmm op eemol an eppes ganz Liichtes.

"Reaching for Indigo" weist eng méi raffinéiert Säit vu Circuit des Yeux. D'Haley Fohr beweist sech alt nees als Kënschtlerin, déi an hirer Aarbecht fräi ass, a mat hirer Stëmm éierlech an ergräifend Musek schaaft. "Reaching for Indigo" versicht, un dat Onbeschreiflecht erunzekommen. An déi minimalistesch a konfessionell Texter vermëttelen dat och.