Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ City Ties - déi éischt Single vun der ÆM

Nei Musek vu Lëtzebuerg

City Ties - déi éischt Single vun der ÆM

Zu Lëtzebuerg kënnt mëttlerweil quasi all Dag nei Musek eraus. Haut presentéiert déi jonk Sängerin a Produzentin ÆM hiren éischte Song. "City Ties" ass en elektronesche Popsong, dee kristallkloer, fragil an intimistesch ass. Den Yves Stephany huet d'Ema Macara alias ÆM begéint.

auto_stories

2 min

D'Ema Macara huet 18 Joer a mécht zanter véier Joer Musek. Awer eréischt virun engem Joer hätt si ugefaange sech mat der Produktioun ze beschäftegen.

Mat City Ties huet si d'lescht Joer de Song Contest am Kader vum Screaming Fields gewonnen. De Präis war eng professionell Produktioun am Rockhalstudio. Als Produzent hat d'Ema sech den Eric Bintz alias Céhashi erausgesicht. Deen hat och scho mam Gewënner vum Joer virdrun zesummegeschafft, de jonke Rapper Maz.

"Mir hunn zwee Lidder opgeholl. City Ties, an deen zweete kënnt lo nach net eraus. Deen ass op Portugisesch. Ech koum mat de fäerdegen Iddien an de Studio. Mir hu just nach bëssen un den Arrangementer geschafft."

Si hätt duerch déi ganz Erfahrung am Rockhalstudio immens vill geléiert seet d'Ema. "Wann s de doheem Musek lauschters, hues de keng Ahnung vum Prozess, duerch deen d'Leit goen, fir Musek ze maachen."

Gréissten Inspiratioun: Geschichten erzielen

Ier si bei dësem Song Contest matgemaach huet, hätt si ni engem hir Musek gewisen. Sou sinn ech, seet d'Ema. Si wier keng super staark Perséinlechkeet, déi just iwwer Party maache wéilt sangen.

"Meng gréissten Inspiratioun ass, datt ech wëll Geschichten erzielen, iwwer mäi Liewen, iwwer dat wat ech ronderëm mech gesinn. Mee mäi gréissten Afloss ass ganz kloer aner Musek." Wat si lauschtert? Alles, vun Indie Rock iwwer Jazz an Hip Hop bis Metal.

En éischt Zil wier et, fir beim Screaming Fields kënnen ënner den aacht Finalisten ze sinn, fir den 13. Juli beim Festival kënnen opzetrieden. "Ech géif ganz gär mat enger live Band optrieden. Mee dat hängt och dovun of, wat ech an Zukunft maachen. Verschidde Musek kéint nach méi elektronesch sinn. Op anere Songs wäerte vläicht nach méi akustesch Instrumenter ze héiere sinn..."

Den éischten Optrëtt vun der ÆM ass haut den Owend um 8 Auer am Floor vun der Rockhal. Et ass e klenge Showcase vu 15 Minutten. Hir Single City Ties ass vun elo un iwwerall do ze fannen, wou ee Musek ka lauschteren.